De
Jean Gremling
, gebuer den
13. September
1921
zu
Athus
, gestuerwen den
21. Abrell
1996
an der
Stad Letzebuerg
, war e Jurist a Politiker. Hie war Affekot um Barreau zu Letzebuerg.
Vun
1951
bis
1954
, vun 1954 bis
1958
, a vun
1974
bis
1979
[1]
war hien
LSAP
-Deputeierten an der
Chamber
. Am Abrell 1979 huet hie seng Demissoun an der LSAP ginn. Hien huet sai Mandat an der Chamber zur Verfugung gestallt, wou hien duerch den
Hary Ackermann
ersat gouf.
De Jean Gremling huet de
Parti socialiste independant
(PSI) gegrennt a gouf President vun dar Partei. Bei de
Chamberwale
vum
10. Juni
1979 huet hien op der Lescht "Jean Gremling - Socialistes Independants" vum Walbezierk Zentrum kandideiert. Hie gouf gewielt a war vun 1979 bis 1984 PSI-Deputeierten an der Chamber.
De J. Gremling huet vun 1952 bis 1969 a vun 1976 bis 1979 d'LSAP, a vun 1982 bis 1987 de PSI am Stater Gemengerot vertrueden.
[2]
Als laangjarege President vun der
Societe pour la propagation de l'incineration
, Flamma
,
[3]
huet hie sech fir d'Anascherung an de Bau vun engem Krematorium
[2]
zu Letzebuerg agesat. De J. Gremling war och President vun der
Libre pensee luxembourgeoise
(1951-1996) an der
Union mondiale des libres penseurs
(1973-1996).
[3]
,
[4]
- Fayot, B., S. Hoffmann, J. Maas & R. Steil, 1997.
100 Joer sozialistesch Deputeiert an der letzebuerger Chamber: Dictionnaire biographique des deputes socialistes a la Chambre des Deputes.
Edition La Memoire Socialiste, Luxembourg, 171 S. (Jean Gremling, S. 55).
- Roemen, R., 1996.
Jean Gremling verstorben.
Letzebuerger Journal vum 23. Abrell 1996, S. 3.
- ↑
Nicolas Als, Robert L. Philippart:
La Chambre des Deputes, Histoire et Lieux de Travail
, Chambre des Deputes du Grand-Duche de Luxembourg, 1994, S. 516 - S. 517
- ↑
2,0
2,1
Roemen 1996.
- ↑
3,0
3,1
Fayot et al. 1997.
- ↑
Al. Schmitz:
100-Jahr-Feier der Luxemburger “Libre Pensee”. Freidenker: antikapitalistisch, antimilitaristisch, antiklerikal.
In: La Voix, No 296 (mars 2005), 1/2005, S. 1-4.
[1]