Jean-Pierre Namur

Vu Wikipedia
Jean-Pierre Namur
Gebuer 10. Mee 1796
Greiwemaacher
Gestuerwen 29. November 1875
Iechternach
Famill
Kanner Joseph Namur


De Jean-Pierre Henri Namur , gebuer zu Greiwemaacher den 10. Mee 1796 , a gestuerwen den 29. November 1875 zu Iechternach , war en Apdikter zu Iechternach.

Sain Apdikteschdiplom krut hien den 22. Dezember 1820. Am Joer 1822 huet hien d'Hirsch-Apdikt (Pharmacie du Cerf), wou hien als Provisor geschafft huet, kaaft. De J. P. Namur war politesch aktiv als Member vum ≪ Conseil de Regence ≫ (Gemengerot) vun der Stad Iechternach, an deen hien 1828 fir d'eischt gewielt gouf.

Vun 1870 bis 1875 war hie Member vum Kuratorium vum Iechternacher Progymnase .

Hien ass de Papp vum Joseph Namur .

Literatur [ anneren | Quelltext anneren ]