한국   대만   중국   일본 
Jean-Pierre Kunnert ? Wikipedia Op den Inhalt sprangen

Jean-Pierre Kunnert

Vu Wikipedia
Jean-Pierre Kunnert
Gebuer 1. Abrell 1954
Greiwemaacher
Gestuerwen 11. Juni 2018
Graisch
Nationaliteit Letzebuerg
Aktiviteit Historiker, Auteur

De Jean-Pierre (" Jemp ") Kunnert , gebuer den 1. Abrell 1954 zu Greiwemaacher , a gestuerwen den 11. Juni 2018 zu Graisch [1] , war e letzebuergesche Professer , Historiker , Auteur a Lokalpolitiker .

Biographie [ anneren | Quelltext anneren ]

No senge Lyceesstudien am Stater Kolleisch , huet hien am Centre universitaire vu Letzebuerg an op der Universiteit vu Saarbrecken Geschicht, Franseisch a Konschtgeschicht studeiert.

Nom Stage pedagogique gouf hie Geschichtsprofesser, d'eischt an der Handwierkerschoul (1983-2001), mat Detachementer am Stater Kolleisch (1990-2000), a vun 2001 un am Lycee Aline-Mayrisch .

De Jemp Kunnert huet sech fir d'Erhale vum historesch-kulturelle Patrimoine a fir dei touristesch Ferderung vum Weste vum Letzebuerger Land ( Aischdall oder Dall vun de siwe Schlasser , Mamerdall , Atertdall ) agesat. Hien huet Responsabiliteite gedroen a Verainer wei Sauvez la Ville , Jeunes et patrimoine , Stad a Land , Confrerie Saint-Michel , an a regionalen Aktiounsgruppen am Kader vun der gemeinschaftlecher Initiativ Leader [2] .

Vun 2002 u war hie President vun der Asivema , der Entente vun de Gemengen a Syndikater aus den Daller vun der Aisch , der Mamer an der Atert [3] . Hie war bis zu de Gemengewalen 2011 Member vum Gemengerot vu Simmer .

De Jemp Kunnert, war bestuet a Papp vun zwee Kanner.

Wierk (Auswiel) [ anneren | Quelltext anneren ]

  • Bibliographie Jean-Pierre Koltz ; in: Chateaux-forts, Ville et Forteresse - Contributions a l'histoire luxembourgeoise en hommage a J.P. Koltz; erausgi vun den Amis de l'Histoire, Letzebuerg, a vu Jeunes et Patrimoine, Letzebuerg; 1986; Ss. 247-263.
  • (mam Norbert Quintus a mam Robert Krantz ) Notre patrimoine - Les dessins d'architecture du professeur Joseph Wegener ; 3 Bann, Letzebuerg, 1989.
  • De la ville fortifiee du Moyen Age a la forteresse des Temps modernes ; in: G. Trausch (dir.), La Ville de Luxembourg; Antwerpen / Anvers, 1994; Ss. 81-89.
  • Andre Chevalier , imprimeur 1686-1747  ; in: 125e anniversaire de la Federation luxembourgeoise des Travailleurs du Livre; Letzebuerg, 1989; Ss. 103-115.
  • Le role de la forteresse de Luxembourg dans la region du 15e au 19e siecle  ; in: Heritages culturels dans la Grande Region Saar-Lor-Lux-Rhenanie-Palatinat; Cahiers I.S.I.S. (vum Centre universitaire, Letzebuerg, erausgin), fascicule IV, 1996; Ss. 83-93.
  • Die Kreuzigungsgruppe von Roeser  ; in: 90 Joer Harmonie Municipale <<Les Echos de l'Alzette>>, Reiserbann  ; Reiser , 1995; Ss. 21-36.
  • L'histoire du LTAM [Lycee Technique des Arts et Metiers]: l'histoire de notre ecole avec l'image pour memoire  ; in: 100 Joer Handwierkerschoul  ; Letzebuerg, LTAM, 1996; Ss.12-36.
  • Die Pieta in der Kirche von Koerich  ; in: 250 Joer Kaercher Kiirch - 1747 - 1997  ; 1999.
  • Architecture au Grand-Duche de Luxembourg (1839-1914)  ; in: Le choc des libertes - L'Eglise en Luxembourg de Pie VII a Leon XIII (1800-1880)  ; Baastnech (Musee en Piconrue), 2001.
  • Die Pfarrkirche Sankt Maximin in Greisch (1905-2005)  ; Kunstverlag Josef Fink, 2006; 24 S., ill.;
  • Le quartier du Saint-Esprit, un quartier residentiel dans les Temps Modernes  ; In: Les maisons Richard et Printz: regards sur un quartier historique de la ville de Luxembourg  ; Letzebuerg, 'Chambre des Deputes', 2006; Ss. 211-223 (ill., Pl.).
  • Die Pfarrkirche Sankt Martin in Simmern . Kunstverlag Josef Fink, 2007; 24 S., ill.; ISBN 978-3-89870-395-6

Referenzen an Notten [ Quelltext anneren ]

  1. Doudesannonce op gedenken.lu.
  2. De Jhemp Kunnert war Member an de Comitee vu follgende Leader-Gruppen:
    • Leader I (1989-1993): Leader-Grupp un der Uewersauer
    • Leader II (1994-1999): Leader-Gruppen Klierf-Veianen a Reiden-Wolz
    • Leader plus (2000-2006): Leader-Grupp Aischdall
    • Leader (2007-2013): Leader-Grupp Mamer-, Aisch- an Atertdall+
  3. Claude Schomer: Generalversammlung der Asivema in Useldingen . Luxemburger Wort 7. Maerz 2011, S. 18.