한국   대만   중국   일본 
Jean-Pierre Koltz ? Wikipedia Op den Inhalt sprangen

Jean-Pierre Koltz

Vu Wikipedia
Desen Artikel beschaftegt sech mat dem Historiker Jean-Pierre ("Jemmy") Koltz. Fir de Botaniker, kuckt wgl. Jean-Pierre-Joseph Koltz .
Jean-Pierre Koltz
Gebuer 27. Mee 1909
Gestuerwen 6. Februar 1989
Nationaliteit Letzebuerg
Aktiviteit Historiker
Buste vum Jemmy Koltz am Veianer Schlass

De Jean-Pierre (" Jemmy" ) Koltz , gebuer de 27. Mee 1909 zu Frankfurt am Main a gestuerwen de 6. Februar 1989 an der Stad Letzebuerg ), war e letzebuergeschen Ingenieur technicien an Historiker.

Dem Jemmy Koltz sain Haaptfuerschungsthema a seng Passioun war d'Baugeschicht vun der Festung Letzebuerg . Hien huet dofir d'Archiver an d'Plang studeiert, dei doruechter an Europa, e. a. an den Haaptstied vun deenen, dei eng Zait laang Har a Meeschter an der Festung waren, verspreet sinn. Hien huet Deeler vun de Kasematten sou an d'Rei setze gelooss, datt se vum Public kenne besicht ginn.

De Jemmy Koltz war President vum Syndicat d'Initiative vun der Stad Letzebuerg a vun der Commission des sites et monuments nationaux . Sain Asaz huet och der Restauratioun vu verschiddene Buergen a Schlasser gegollt, besonnesch dem Deel-Neesopbau vum Veianer Schlass , dat zanter dem 19. Joerhonnert eng Ruin war. Hie war den eischte Vizepresident vun de Frenn vum Veiner Schlooss .

Hien huet eng Hellewull Aarbechten iwwer d'Festung Letzebuerg a Buergen a Schlasser publizeiert, war Korrespondent vun der Noriichten-Agence Belga a journalistesch aktiv wei dei Heich Autoriteit vun der CECA 1952 zu Letzebuerg mat hirer Aarbecht ugefaangen huet.

Sai Grousspapp war de Botaniker Jean-Pierre-Joseph Koltz .

Wierker [ anneren | Quelltext anneren ]

( Auswiel )

  • Les travaux de Vauban a Luxembourg . In: Luxembourg et Vauban: exposition organisee a la Villa Vauban du 27 novembre au 23 decembre 1984.
  • Die geschichtlichen Verbindungen zwischen Luxemburg und Trier . In: Jahrbuch/ Kreis Trier-Saarburg , 1981-1983.
  • Das "Castell" . Heimat und Mission Jg. 53 (1979), n° 1/2: 16-20, 28. Clairefontaine.
  • Les chateaux historiques du Luxembourg , Imprimerie Saint-Paul, 1975, 231 S. BnL Cote: LA 15646
  • Burgen in Luxemburg , 1974.
  • Baugeschichte der Stadt und Festung Luxemburg , 1967-1972.
  • Nouvelle monographie du Chateau-palais de Vianden , 1972.
  • Etude sur l'histoire de l'industrie du fer et sur le marche commun du charbon et de l'acier dans le bassin mosellan: publiee a l'occasion de l'inauguration du Port de Mertert, 1966.
  • Luxembourg, Ville millenaire , 1963.
  • Ruckblick auf die Entwicklung des Coiffeur-Gewerbes , 1952
  • Die Archive der Festung Luxemburg: (Mit grossem Lageplan): Band 1: Wien, Berlin, Luxemburg, Frankfurt , 1934

Gielercher [ anneren | Quelltext anneren ]

Literatur [ anneren | Quelltext anneren ]

  • Jean-Pierre Kunnert : Bibliographie Jean-Pierre Koltz. In: Chateaux-forts, Ville et Forteresse - Contribitions a l'histoire luxembourgeoise en hommage a J.P. Koltz ; erausgi vun den Amis de l'Histoire, Letzebuerg, a vu Jeunes et Patrimoine, Letzebuerg; 1986; S.247-263.

Um Spaweck [ anneren | Quelltext anneren ]

Referenzen [ Quelltext anneren ]

  1. Distinctions honorifiques a l'Ambassade des Pays-Bas . Luxemburger Wort . eluxemburgensia.lu (8. Maerz 1974). Gekuckt de(n) 2023-01-22.