De
Jean-Nicolas Moes
gebuer den
29. August
1857
zu
Weiler zum Tuer
, a gestuerwen den
8. August
1907
, war e
Letzebuerger
Journalist
an Editeur. Zum Deel huet e seng Artikele mat de
Pseudonymme
Jan van Wyler
oder
Jehan Latour
ennerschriwwen.
Mat 25 Joer huet hien zu
Iechternach
, an der Dreckerei Burg, eng Wochenzeitung mam Titel
Der Tourist. Ein Fuhrer durch das historische und romantische Grossherzogtum Luxemburg und dessen nachste Umgebung
erausginn. Schonn no 13 Nummeren huet dei Zeitung den Titel an den Drecker gewiesselt, se housch vun do un
Das Luxemburger Land. Organ zunachst fur inlandische Altertumskunde und Geschichte, Literatur, Verschonerungswesen und Touristik
an ass an der
Stad
beim Pierre Bruck erauskomm. Am Ufank huet de Moes dei meescht Artikele selwer geschriwwen, mei speit koumen den Historiker
Nicolas van Werveke
an de Paschtouer
Martin Blum
als Mataarbechter dobai. No ronn 6 Joer huet dei Zeitung nees opgehalen.
6 Joer drop,
1895
-
96
huet hie mam Fotograf
Charles Bernhoeft
Das Luxemburger Land in Wort und Bild
publizeiert, wouran dem Bernhoeft seng Fotoe vereffentlecht goufen. Ma si konnt sech net emol ee Joer halen.
Hien huet och a verschiddenen
antiklerikalen
Zeitunge matgeschafft, an huet vun
1886
un de
Letzeburger Kladderadatsch
erausginn.
Mam
Charles Andre Engel
huet de Moes am kathouleschen
Das freie Wort
geschriwwen.