Jean-Nicolas Bernard

Vu Wikipedia
Dese Konschtartikel ass ereischt just eng Skizz . Wann Dir mei iwwer dest Theema wesst, sidd Dir haerzlech inviteiert, aus dese puer Satz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hellef braucht, da luusst bis an d' FAQ eran.
Jean-Nicolas Bernard
Gebuer 28. Mee 1803
Letzebuerg
Gestuerwen 10. Juni 1866
Letzebuerg
Nationaliteit Letzebuerg
Aktiviteit Moler

De Jean-Nicolas Bernard , gebuer den 28. Mee 1803 an der Stad Letzebuerg , an och do gestuerwen den 10. Juni 1866 , war e letzebuergesche Moler.

Hie war haaptsachlech als Portraitist bekannt.

Sai Liewen [ anneren | Quelltext anneren ]

Em 1822 huet de Jean-Nicolas Bernard sai Studium an der stattescher Zeecheschoul ugefaangen. 1826 , ennert dem Professorat vum Jean-Baptiste Fresez , krut hien dei hechst Auszeechnung, d' Medaille en argent grand module. No engem kuerzen Openthalt op der Academie royale des beaux-arts zu Antwerpen dat selwecht Joer, huet hie sech op eng Plaz als Professer am Iechternacher Kolleisch gemellt. Hie gouf och als Professer agestallt, als Nofollger vum Joseph Maisonnet , dee gestuerwe war.

De Jean-Nicolas Bernard huet awer nemmen e puer Meint Course ginn ( Dezember 1826 - Abrell 1827 ), well hie sech net mat den Iechternacher Autoriteiten eens gouf, wat seng Pai a sai Logement ugaangen ass.

Am Oktober 1839 huet hien eng privat Zeechen- a Molschoul an der Draikinneksgaass an der Stad opgemaach, an dar Strooss wou sai Papp freier eng Backerei hat.

Wierker [ anneren | Quelltext anneren ]

  • “Portrait de Mme J.-B. Bodson” (1839)
  • “La vallee du Pfaffenthal” - De Pafendall, vun der Schlassbreck aus gesinn
  • “Le Grund” - De Gronn, vum selwechte Punkt aus gesinn
  • “Un panorama de la ville de Luxembourg” - E Panorama vun der Stad, vum Fetschenhaff aus gekuckt

Ausstellungen [ anneren | Quelltext anneren ]

Literatur [ anneren | Quelltext anneren ]

Kuckt och [ anneren | Quelltext anneren ]

Um Spaweck [ anneren | Quelltext anneren ]

Commons: Jean-Nicolas Bernard ? Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten [ Quelltext anneren ]