한국   대만   중국   일본 
Jean-Marie Majerus (Historiker) ? Wikipedia Op den Inhalt sprangen

Jean-Marie Majerus (Historiker)

Vu Wikipedia
Desen Artikel beschaftegt sech mat dem Historiker Jean-Marie Majerus. Fir de Kenschtler, kuckt wgl. Jean-Marie Majerus (Kenschtler) .
Jean-Marie Majerus
Gebuer 22. November 1959
Aktiviteit Lyceesprofesser, Historiker

De Jean-Marie Majerus , gebuer den 22. November 1959 , ass e letzebuergesche Geschichtsprofesser, Historiker a Publizist.

Biographie [ anneren | Quelltext anneren ]

Nom Secondaire am LGL an am Kolleisch , huet hien 1980 am deemolege Centre universitaire vu Letzebuerg an duerno op der Universiteit Nanzeg Geschicht studeiert.

No sengem Stage am LGL an am LTML gouf hie Geschichtsprofesser, d'eischt an der Akerbauschoul zu Ettelbreck ( 1987 ), duerno am LCD ( 1996 ) a schliisslech, zanter September 2009 , am Stater Kolleisch.

Zanter enger Rei vu Joren ass hien och am Centre d'etudes et de recherches europeennes Robert Schuman (C.E.R.E.) a Clausen detacheiert. [1] . No der Integratioun vum C.E.R.E. an d' Universiteit Letzebuerg an der Demissioun (de 6. Juni 2016) vum Direkter Charel Barthel , dem Nofollger vum Gilbert Trausch un der Spetz vum Fuerschungszentrum, ass de Jean-Marie Majerus Directeur adjoint vum C.E.R.E. ginn. Hien ass dunn och Member vum Redaktiounscomite vun der Geschichtsrevue Hemecht ginn.

Nieft senge Baitrag iwwer d'Entwecklung vun der europaescher Integratioun ass de Jean-Marie Majerus haaptsachlech fir seng Kontributiounen iwwer d'Geschicht vun der CSV , vum letzebuergeschen Agrarsyndikalismus an iwwer d'Theema groussherzoglech Monarchie bekannt.

De Jean-Marie Majerus ass mat der Veronique Schaber bestuet, dei selwer Geschichtsprofessesch ass a vun 2009 bis 2018 Direktesch vun der Handwierkerschoul an der Stad war an zanterhier Direktesch vum Service de la formation professionnelle am Educatiounsministere ass. D'Koppel lieft zu Walfer an huet zwein erwuesse Jongen.

Publikatiounen (Auswiel) [ anneren | Quelltext anneren ]

  • Erennerung un de Pierre Dupong , dee virun 125 Joer gebuer gouf: Den eischte Sozialpolitiker vu Rechtspartei an CSV - Virtrag zu Keespelt am Kader vun enger Feier fir den 125. Anniversaire  ; in: Die Warte / Perspectives , Nr. 32 / 2310, Ss. 9-12 (ill., Bibliogr.), Kulturbailag vum Luxemburger Wort , vgl. d'Ausgab vum 18. November 2010.
  • (Kollaboratioun), CSV - Spiegelbild eines Landes und seiner Politik? - Geschichte der Christlich-Sozialen Volkspartei Luxemburgs im 20. Jahrhundert  ; erausgi vum Gilbert Trausch ; Letzebuerg (Sankt-Paulus), 2008. - De J.-M. Majerus ass den Auteur vun de Kapitelen XI. Die Partei und die Bauernorganisation (Ss. 627-673), XII. Die Partei und die christlichen Gewerkschaften (Ss. 675-714) an XIII. Die europaische Rolle der CSV (Ss. 715-740).
  • La reprise de la vie syndicale au lendemain de la Seconde Guerre mondiale (1944-1949)  ; in: OGB-L - 75 Joer frai Gewerkschaften  ; Esch-Uelzecht, 1992.
  • La poudrerie a Kockelscheuer 1906-2006 - Un siecle d'histoire d'une societe et d'un terroir industriel ; Letzebuerg (erausgi vun der Poudrerie de Luxembourg, s.a.), 2006; 65 S. (ill.).
  • Interview mam Wolf von Leipzig , 50. Jubilaum der Thronbesteigung von Grossherzog Jean - Stabilitatsanker in Zeiten von Frieden und Wohlstand ; in: Luxemburger Wort , Ausgab vum 12. November 2014; Ss. 12-13 (ill.).
  • Robert Schuman , un eleve de l' Athenee meritant ; in: annALes de l'Athenee de Luxembourg / d'annALe vum Stater Kolleisch , Nr. 11/2017-2018; Letzebuerg, Mee 2019; Ss. 398-403 (Ill., bibliogr. Referenzen).

Literatur [ anneren | Quelltext anneren ]

Referenzen [ Quelltext anneren ]

  1. dw-world.de