|
Desen Artikel beschaftegt sech mat dem letzebuergeschen Nottar an Historiker. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl.
Jean-Francois Pierret
.
|
De
Jean-Francois Pierret
, gebuer
1673
a gestuerwen den
23. Abrell
1738
an der
Stad Letzebuerg
[1]
, war e letzebuergeschen
Nottar
an Historiker.
De Jean-Francois Pierret ass haaptsachlech fir seng Geschicht vum
Herzogtum Letzebuerg
bekannt:
Essay sur l'histoire du Duche de Luxembourg et Comte de Chiny
(5 Bann in-folio). Dat Wierk gouf zwar ni publizeiert, ma et lait als Manuskript an de
Letzebuerger Nationalarchiven
, wou een et ka consulteieren (ANLux A. X 34).
Dest onvereffentlecht Wierk, wei och Manuskripter vum
Alexandre Wiltheim
, goufen zimmlech onverschimmt vum Jesuittepater
Jean Bertholet
fir seng eege Geschicht vum Herzogtum Letzebuerg
[2]
ausgeschluecht, an zwar darmoossen, dat hie sech nemme knapps dem Virworf vum
Plagiat
konnt entzeien. Dat erklaert firwat de Bertholet speider seng Geschicht vum
Prenzbistum Leck
[3]
ni publizeiert krut...
De Jean-Francois Pierret huet nach en anere Manuskript hannerlooss:
Recueil des anciennes maisons nobles eteintes ou vivantes, originaires du Duche de Luxembourg et Comte de Chiny, tant espagnol que francais, avec le blason de leurs armes
. 1964 huet de
Robert Matagne
dest Wierk, mat Bemierkungen, an der Serie
Les Amis de l'Histoire
, Heft 5 (1964), zu Letzebuerg publizeiert (Ss. 109-149, ill.).
Den Historiker an Nottar Jean-Francois Pierret daerf net mam franseischen Affekot a Politiker
Jean-Francois Pierret (1738-1796)
aus der haiteger Regioun
Champagne-Ardenne
verwiesselt ginn.
- Maurice A. Arnould,
Historiographie de la Belgique - Des origines a 1830
; Collection nationale, 7e serie - N° 80; Office de Publicite, S.C.; Breissel, 1947; vgl. d'Ss. 52-53!
- Joseph Goedert
,
De la Societe archeologique a la
Section historique
de l'
Institut grand-ducal
- Tendances, methodes et resultats du travail historique de 1845 a 1985
; in: P.S.H., Bd. CI; Letzebuerg, 1987; vgl. d'S. 14!
- Alain Atten
,
Le Luxembourg a la fin de l'Ancien Regime - Structures politiques, sociales et economiques
; Broschur zu enger Dokumentarausstellung (6.-31. Januar 1989) am
Cercle municipal
an der Stad Letzebuerg; erausgi vum Letzebuerger Nationalarchiv (ANL), Letzebuerg, 1989; 87 Saiten.
- ↑
Sterbefalle - 1716 - 1751 - KB-01v* | Luxemburg-Notre-Dame | Diozesanarchiv Luxemburg / Archives diocesaines Luxembourg | Luxemburg/Luxembourg | Matricula Online
.
data.matricula-online.eu
. Gekuckt de(n) 2020-11-13.
- ↑
Jean Bertholet:
Histoire ecclesiastique et civile du duche de Luxembourg et du comte de Chiny
. 8 Bann, erauskomm zu Letzebuerg, beim Drecker Andre Chevalier, tescht 1741 a 1743
- ↑
Jean Bertholet:
Histoire de l'eglise et de la principaute de Liege