De
Jarosław Aleksander Kaczy?ski
, gebuer den
18. Juni
1949
zu
Warschau
, ass e
polnesche
Politiker.
Hien ass de President vun der Partei
Recht a Justiz
(PiS) a war, vum
10. Juli
2006
bis de
5. November
2007
, Premierminister vu sengem Land. Am Juni/Juli 2010 war hie Kandidat fir d'Presidentschaft vu Polen, huet d'Walen awer knapps geint de
Bronislaw Komorowski
verluer.
De Jarosław Kaczy?ski ass den eeneeegen
Zwillingsbrudder
vum
Lech Kaczy?ski
, deen, wei e President vu Pole war, am Abrell 2010 bei engem Fligeraccident em d'Liewe koum. Si goufen allebeid schonn als Kanner bekannt, wei s'am Film "Dei Zwein, dei de Mound geklaut hunn" d'Haaptroll haten. De Jarosław Kaczy?ski huet Droit studeiert a war an den 1970er Joren aktiv am Comite fir d'Verdeedegung vun den Aarbechter (KOR) a speider an der Gewerkschaft
Solidarno??
.
Vun 1989 bis 1991 war e Senator a Kabinettschef vum
Lech Wał?sa
. 1990 huet e mat sengem Brudder eng nei Partei,
Porozumienie Centrum
(PC), gegrennt a gouf fir si 1991 an d'Parlament gewielt. 1993 ass des un der 5%-Barriar hanke bliwwen a war net mei am Parlament vertrueden. 1997 gouf en enger anerer Lescht, dar vun der
Beweegung fir den Neiopbau vu Polen
, nees an d'Parlament gewielt.
2001, huet e mat sengem Brudder d'Partei
Prawo i Sprawiedliwo??
(PiS, "Recht a Justiz") gegrennt, gouf dat selwecht Joer op hirer Lescht an d'Parlament gewielt an 2003 hire President.