Janus
(Saturn X)
|
Zentralkierper
|
Saturn
|
---|
Eegenschafte
vum
Orbit
|
---|
Grouss Hallefachs
|
151.460 ± 10 km
|
---|
Periapsis
|
150.430 km
|
---|
Apoapsis
|
152.490 km
|
---|
Exzentriziteit
|
0,0068
|
---|
Emlafzait
|
0,694660342 Deeg
|
---|
Inklinatioun
|
0,163 ± 0,004°
|
---|
Physikalesch Donneeen
|
---|
Mettleren Duerchmiesser
|
178,8 ± 6,0
(193 × 173 × 137) km
|
---|
Dicht
|
0,64 ± 0,06 g/cm
3
|
---|
Gravitatioun
op der Uewerflach
|
0,0180 m/s
2
|
---|
Albedo
|
0,71 ± 0,02
|
---|
Visuell Magnitude
(mag)
|
14,0
|
---|
Entdeckung
|
---|
Entdecker
|
Audouin Dollfus
|
---|
Entdeckungsdatum
|
15. Dezember
1966
|
---|
De
Janus
(oder
Saturn X
) ass den nengtgreisste vun den 62 bekannte
Mounde
vum
Planeit
Saturn
. De
koorbitale Mound
deelt sech sain Orbit mam
Epimetheus
, mat deem hien all veier Joer d'Emlafbunn tauscht.
De Janus gouf de
15. Dezember
1966
vum
Astronom
Audouin Dollfus
entdeckt. Et ass allerdengs net kloer, ob hien de Janus oder den Epimetheus gesinn huet. D'Entdeckung gett dem Dollfus zougesprach, obwuel kuerz virdrun, den
29. Oktober
1966
, de
Jean Texereau
den Objet fotografesch festgehalen hat, ouni allerdengs seng Bedeitung z'erkennen.
Den
18. Dezember
1966
huet de
Richard L. Walker
en anlechen Objet observeiert, de Mound
Epimetheus
. Et war allerdengs ugeholl ginn, datt de Walker och de Janus gesinn hat.
Den Objet hat allerdengs ongeweinlech Bunneegenschaften. Am Oktober
1978
hunn de
Stephen M. Larson
an de
John W. Fountain
erausfonnt, datt sech d'Observatiounen am beschten mat der Existenz vun zwein eenzele Kierper erklare leisst, dei sech dei selwecht Emlafbunn deelen. Trotzdeem war et net einfach, d'Bunne vun de beide Mounden aus den Observatiounsdaten opzeschlesselen.
De Janus gouf vun der Raumsond
Pioneer 11
registreiert, wei se den
1. September
1979
laanscht de Saturn geflu ass. Drai Detekteren hunn als Bewais energeetesch Partikele vu sengem Schiet opgeholl. De Janus gouf dann eendaiteg den
1. Maerz
1980
vun der Sond
Voyager 1
identifizeiert.
Obwuel den Numm Janus schonn
1966
virgeschloen an zanterhir fir de Mound benotzt gouf, gouf dei offiziell Benennung vun der
I.A.U.
ereischt den
30. September
1983
nogeholl. Bis dohin hat hien dei virleefeg Bezeechnung
S/1966 S 2
(→
ennen
). De Janus ass den 10. entdeckte
Mound vum Saturn
.
Genannt gouf de Mound nom
Janus
, dem zweegesiichtege Gott aus der
Reimescher Mythologie
. Sain Numm geheiert zu der selwechter Wuertfamill wei
ianua
, der latengescher Bezeechnung fir Dier a
janus
fir jiddwer ongespaarte gekremmten Duerchgank.
No den Nummkonventioune vun der IAU ginn fir Uewerflachestrukturen op Janus Nimm mat Verbindung zum mytheschen Zwillingspuer
Castor a Pollux
benotzt.
[1]
De Janus kreest em de Saturn op enger
prograder
, bal perfekt kreesfermeger Emlafbunn op enger mettlerer Distanz vun 151.410 km bis 151.460 km (zirka 2,512 bis 2,513 Saturnradien) vun hirem Zentrum, also 91.142 km bis 91.192 km iwwer hirer Wollekenuewergrenz. D'
Bunnexzentriziteit
ass 0,0068, d'Bunn lait 0,163° schrei geigeniwwer dem
Equator
vum Saturn, lait also bal genee um Equatorplang vum Planeit. Duerch dei niddreg Exzentriziteit varieiert d'Bunn op der Distanz zum Saturn em nemme ronn 2.000 km.
D'Emlafbunn vum nachstbannenzege Mound
Pandora
ass an der Moyenne 9.690 respektiv 9.740 km vun den Orbits vun Epimetheus a Janus ewech, d'Distanz vun der Bunn vum nachstbaussenzege Mound
Aegaeon
ass an der Moyenne ronn 16.000 km.
De Janus leeft em de Saturn a 16 Stonne, 40 Minutte an 18,7 Sekonnen. Dat entsprecht eppes mei wei der Emlafzait vum
Jupitermound
Thebe
a lait tescht de
Uranusmounden
Perdita
a
Puck
. D'Emlafzaite vum Janus an Epimetheus ennerscheede sech nemmen em 28,1 Sekonnen. De Janus an den Epimetheus brauche fir een Emlaf ongefeier 1 Stonn a 34 bis 35 Minutten mei laang wei de bannenzege Noper Pandora.
De Janus ass
koorbital
mam Mound
Epimetheus
, dat heescht, dei beid Mounde lafen op bal de selwechte Bunnen em de Saturn. Hir mettel Ofstann vum Planeit ennerscheede sech nemmen em 50 km, wat manner ass wei d'Duerchmiesser vu beide Mounde. Ongefeier all veier Joer kennt et zu engem enke Rendezvousvun de beide Mounde, dei sech dann duerch hir
Schweierkraaft
geigesaiteg beaflossen. No de
Gesetzer vum Kepler
gett dee bannenzege Mound, deem seng Emlafbunn am Ganzen 28,1 Sekonne (deeglech 1/4 Grad) mei seier ass, dobai accelereiert an op eng mei heich Emlafbunn wandert, wouduerch hien nees ofgebremst gett. Dee baussenzege gett ofgebremst, wandert op eng mei niddreg Emlafbunn a gett doduerch accelereiert. Op dei Aart a Weis tauschen de Janus an den Epimetheus warend deem ongefeier 100 Deeg dauernde Prozess hir Emlafbunne, iwwerhuele sech dobai awer net a komme sech och ni mei no wei 15.000 km. Well de Janus veiermol mei
Mass
wei den Epimetheus huet, huet hien emmer ronn 20 % vun der ganzer Bunnannerung ze droen. Dei orbital Bezeiung vu beide Mounde kann am Kader vum
Draikierperproblem
verstane ginn, dobai weisen an desem Fall dei zwee Mounde eng anlech Greisst op; den drette Kierper ass de Saturn. Dest Verhalen vu beide Mounde ass eenzegaarteg am
Sonnesystem
.
Dei koorbital Begleeder beschreiwe vum mat der Beweegung vum greissere Kierper em den Zentralstar matbeweegten
Bezuchssystem
ausgesinn eng sougenannt
Huffeisenemlafbunn
, no dar si laanscht der Emlafbunn e grousse Bou, deen si periodesch vir an zereck pendelen. Vum rouende Bezuchssystem (
Inertialsystem
) aus gekuckt beschreiwe si awer weider "normal" Emlafbunnen.
Geigewaerteg ass de Janus de bannenzege Mound vun de Beide. Dei lescht Bunnwiessel waren den
21. Januar
2006
(dee vun der
Raumsond
Cassini
gutt dokumenteiert gouf), am Januar
2010
an am Januar
2014
, dee nachste ass viraussiichtlech am Januar
2018
.
Am Joer
2006
gouf en diffuse Stebsrank entdeckt, deen am Geigeliicht visuell gemaach konnt ginn a sech laanscht d'Emlafbunne vum Epimetheus a Janus em de Saturn zeien. Dee bis elo sou genannte
Janus/Epimetheus-Rank
huet eng Breet vun ongefeier 5.000 km a glaicht vun der Intensiteit hier de
Reng vum Jupiter
. De Rank gett duerch Aschlei vu
Mikrometeoritten
op dei beid Mounde gespeist, anlech wei dat beim
Enceladus
de Fall ass.
D'
Rotatiounszait
ass d'selwecht wei
Emlafzait
an de Janus weist domat, wei eisen
Aerdmound
, eng
synchron Rotatioun
op, dei sech soumat och banne 16 Stonnen, 40 Minutten a 18,7 Sekonne vollzitt. Seng Rotatiounsachs steet genee senkrecht op senger
Bunnflach
. Seng Dreiachs steet 0,015° schrei geint d'Emlafbunn.
De Janus huet e mettleren Duerchmiesser vun 178,8 km. Op de Fotoe vun der
Cassini
- an de Voyager-
Sonden
erschengt de Janus als en onreegelmeisseg geformt, langelzegen Objet mat de Moosse 193 × 173 × 137 km, woubai d'Langsachs op de Saturn ausgeriicht ass. D'Greisst gett och mat 179,2 ± 8,0 (195 × 194 × 152) km uginn;
Vun der Greisst hier ass de Janus am beschten mam
Jupitermound
Himalia
, den
Uranusmounden
Puck
a
Sycorax
oder den
Neptunmounden
Despina
an
Galatea
ze verglaichen.
Dei ganz Flach vum Janus ass ronn 100.400 km² grouss, dat ass ze verglaiche mat der Greisst wei
Island
.
D'
Dicht
vum Janus ass mat 0,64 g/cm³ vill mei kleng wei dei vun eiser
Aerd
an ass e bessi mei niddreg wei d'Dicht vum Saturn; si ass esou niddreg, datt de Janus um Waasser schwamme geif. Dat weist drop hin, datt de Mound haaptsachlech aus
Waasserais
zesummegesat ass.
Dei niddreg Dicht vum Janus weist drop hin, datt hie meiglecherweis zu de poreise sougenannte
Rubble Piles
geheiert, dei duerch dei verglaichsweis schwaach Gravitatioun am Zentrum Huelraim opweisen.
D'Uewerflach vum Janus ass staark vu Kratere gezeechent an huet vill grouss
Aschlagkrater
mat Duerchmiesser vun 30 km. Seng Uewerflach erschengt mei al wei dei vum Nopeschmound
Prometheus
, ma mei jonk wei dei vum
Pandora
.
D'Ramplie vun ettleche Krater hunn daischtert Material, dat um
Epimetheus
besser observeiert an dokumenteiert konnt ginn. Et sinn och Unzeeche vu renge Linne (vlaicht
Stralesystemer
) um Rampli vun op d'mannst engem Krater entdeckt ginn.
Bis elo krute vun 1982 Januskrateren nemme veier Krateren offiziell en Numm vun der
USGS
-
Nomenklatur
wei dei beim
Epimetheus
dei bei der Legend vum
Kastor a Pollux
vun der (
Griichescher Mythologie
) abgeleet goufen.
De Janus huet eng ganz heich
Albedo
vun zirka 0,71, wat bedeit, datt hien eng ganz hell Uewerflach huet, dei 71 Prozent vum agestralten Sonneliicht
reflekteiert
. Op senger Uewerflach ass d'
Gravitatiounsacceleratioun
0,0137 m/s², dat entsprecht ongefeier 0,1 % vun der ierdescher.
Weinst der Kraterdicht vu senger Uewerflach gett ugeholl, datt et sech em e relativ alen Himmelskierper handelt. Well den Epimetheus an de Janus koorbital Mounde sinn, geet een dovun aus, datt si meiglecherweis vun engem kollektivem Ufankskierper ofstaamen, dei duerch eng Steierung, zum Beispill eng Kollisioun mat engem aneren Objet an zwein Kierper geplatzt war.
De Janus huet eng
visuell Magnitude
vu 15,5
m
, dei 1:302000 vum Zentralplaneit ass. Zanter der Entdeckung am Joer
1966
an der Bestategung
1980
an de
Voyager
-Laanschtflich gouf de Janus vun aerdgebonnenen Teleskope souwei och vum
Hubble-Weltraumteleskop
ennersicht. Seng
Bunnparameter
konnten doduerch preziseiert ginn.
De Janus gouf bis elo vun drai
Raumsonde
besicht, de Laanschtfluchsonden
Voyager 1
den
12. November
1980
a
Voyager 2
de
25. August
1981
souwei dem Saturn-
Orbiter
Cassini
, dee vum
1. Juli
2004
bis de
15. September
2017
de Saturn emkreest huet. De Janus gouf vum Cassini mei dacks an d'Viseier geholl, sou datt seng Greisst a Form a seng orbital Parameter an der Teschenzait ziemlech genee bekannt sinn. Dee nachste Laanschtfluch vum Cassini war beim 74. Emlaf em de Saturn den
1. Juni
2008
, wou d'Sond den Epimetheus op enger Distanz vu 14.363 km passeiert hat.
Virleefeg Bezeechnunge vum Janus duerch Meifachentdeckungen a -verloschter
Bezeechnung
|
Datum
|
Gemellt duerch
|
IAUC
|
S/1966 S 2
|
31. Maerz 1980 /
28. Abrell 1980
|
Audouin Dollfus
|
*
[1]
|
S/1979 S 2
|
25. Oktober 1979
|
T. Gehrels /
J. A. Van Allen et al.
|
*
[2]
|
S/1980 S 1
|
25. Februar 1980
|
Dan Pascu
|
*
[3]
|
S/1980 S 2
|
29. Februar 1980
|
Bradford A. Smith
/
Harold J. Reitsema
/
Stephen M. Larson
|
*
[4]
|
S/1980 S 9
|
31. Maerz 1980
|
A. W. Harris /
J. Gibson
|
*
[5]
|
Duerch dei komplizeiert Entdeckungsgeschicht vum Janus an Epimetheus hat de Janus vun der
I.A.U.
op d'mannst fennef systematesch Nummereierungen erhalen, bei deene speider nogewise konnt ginn, datt et sech emmer nees em de Janus gehandelt hat.
Portal Astronomie
- ↑
Categories for Naming Features on Planets and Satellites
- IAU Working Group for Planetary System Nomenclature (WGPSN)