Den
James Cook
, gebuer de
27. Oktober
1728
zu
Marton
bei
Middlesbrough
, a gestuerwen de
14. Februar
1779
an der Bucht vu
Kealakekua
op
Hawaii
, war e
britteschen
Entdecker.
Bal ouni Schoulbildung huet den James Cook sech sain
nautescht
a
kartographescht
Wesse warend de
Wanterm
eint selwer baibruecht, wann de Kueleseegler, op deem hie sech bannen 8 Joer vum Scheffsjong zum Adjoint vum Steiermann heichgeshafft hat, am Hafe louch.
1755
ass hie bei
Royal Navy
gaangen an huet op verschiddene Reesen tescht
1758
an
1767
u Bord vun der
"Pembroke"
de
Sankt-Lorenz Stroum
an d'Kuste vun
Neifundland
a
Labrador
vermooss.
Opgrond vun desen Erfarungen huet de Cook dorophin
1768
de Kommando iwwer eng Expeditioun kritt, dei am Optrag vun der kinneklecher geographescher Gesellschaft am
Pazifik
en astronomescht Evenement, de
Venustransit
virun der Sonn, observeiere sollt. Op der
"Endeavour"
huet de Cook
1769
Tahiti
erreecht an d'Liewe vun de Leit vun do studeiert. Ausserdeem huet hien all d'Insele ronderem kartographeiert an zu Eiere vun deenen, dei hien ugestallt haten,
Gesellschaftsinsele
genannt. No der Feststellung, datt
Neiseiland
aus 2 Haaptinsele besteet, ass de Cook no engem Openthalt op der Ostkust vun
Australien
1771
an England zereckgefuer.
Fir d'Existenz vun engem vegetatiounsraiche Sudpolarkontinent ze klaren ass de Cook zweemol iwwer de sudleche
Polarkrees
virgedrongen, ma hien huet do nemmen d'Aismasse vun der
Antarktis
fonnt.
Op senger 3. Expeditioun wollt de Cook no engem nerdleche Passage tescht dem
Atlantik
an dem Pazifik sichen. Hien ass
1776
vu Plymouth fortgefuer an huet, nodeem hie vun Neiseiland an Tahiti koum,
1778
Hawaii nees entdeckt. Nodeem hien d'Westkust vun Nordamerika erreecht hat, ass hien no Norden an d'
Beringstrooss
geseegelt, wou hien, nodeem en iwwer de 70. nerdleche Breedegrad erausgefuer war, vun Dreifais gezwonge gouf, nees emzedreinen.
Zereck op Hawaii ass hie bei engem Strait mat den Urawunner em d'Liewe komm.
Op senge laange Seireesen ouni fresch
Liewensmettel
huet de Cook erausfonnt, datt
Zitrounen
a
Sauermous
exzellent Mettele geint
Skorbut
sinn.