De
Jacques Molitor
, gebuer de
15. Februar
1980
an der
Stad Letzebuerg
, ass e
letzebuergesche
Filmregisseur
.
Hien huet 1999 e Medezinstudium op der
Universite catholique de Louvain
ugefaangen, fir et 2001 ofzebriechen an dofir e Filmstudium um Institut des Arts de Diffusion zu
Louvain-la-Neuve
mat Diplom ofzeschleissen.
2003 huet hien e Cours fir Zenario a Mise-en-scene op der amerikanescher
University of Southern California
gemaach.
Sain eischte professionelle
Kuerzfilm
En compagnie de la poussiere
ass 2008 um
Festival vu Locarno
an um Internationale Filmfestival vun
Dresden
gelaf.
Den 29 September 2012 gouf sain eischte long-metrage, den Dokumentarfilm
Sweetheart Come
, um Festival International du Film Francophone zu
Namouer
, gewisen. De Film gouf vu Red Lion produzeiert an ass am Maerz 2013 an d'Letzebuerger Kinoe komm. D'Theema ass Sexualiteit a Bezeiungen.
De Jacques Molitor huet vun 2007 bis 2012 als Freelance-Contributeur bei
RTL Tele Letzebuerg
("Zinemag") geschafft.
Ausserdem ass hien zesumme mam
Govinda Van Maele
Curateur fir d'Programmatioun vu sougenannten Exploitation- a Grindhouse Filmer enner dem Numm "Cinelunatique".
2014 koum sai Spillfilm
Mammejong
an d'Kinoen.
De Jacques Molitor ass Regisseur, zesumme mam
Gary Seghers
, vun der Teleesserie
Coyotes
, vun dar 2021 6 Episoden erauskoumen.
- Paticka asbl.
, AIDS-Preventioun, 2011