De Spillfilm
J'ai toujours voulu etre une sainte
ass eng belsch-letzebuergesch Koproduktioun vun der letzebuergescher Filmregisseurin
Genevieve Mersch
aus dem Joer 2003.
D'Norah, dat 17 Joer huet, lieft bei sengem Papp an hat fillt sech schelleg un all Misere vun der Welt...
Fir d'Schreiwen an d'Entweckele vun der Iddi vum Film krut d'Produktiounsgesellschaft
Samsa Film
1998 e Subside vum
Letzebuerger Filmfong
an Heicht vun 2,5 Millioune
Letzebuerger Frang
.
[1]
2001 krut se dunn nach e Subside vun 20 Millioune Frang, (ronn 496.000 Euro), fir d'Produktioun vu
J'ai toujours voulu etre une sainte
. Donieft krut de Film och nach e Subside vum europaesche Fong
Eurimages
an Heicht vun 190.000 Euro, vun deem Samsa Film der 100.700 krut an de belsche Koproduzent de Rescht.
[2]
2003 gouf
J'ai toujours voulu etre une sainte
mam eischte
Letzebuerger Filmprais
an der Kategorie "Beschte Letzebuerger Film" ausgezeechent, zesumme mat dem
Andy Bausch
sengem Documentaire
L'homme au cigare
. E war och de
Letzebuerger Oscar-Baitrag an der Kategorie "Beschten Internationale Film"
, gouf awer net nomineiert.
[3]
Op der
Internet Movie Database
hat de Film 2021 e Score vu 6,2 vun am Ganzen 10 Punkten, baseiert op 98 Benotzerbewaertungen.
[4]
- ↑
Rapport d'activite du Ministere de la culture 1998
, Maerz 1999, Sait 202
- ↑
Rapport d'activites 2001 du Ministere de la Culture
, Sait 210
- ↑
culture.luxembourg.public.lu:
Arts et culture au Luxembourg. Une culture riche en diversite. Le cinema
(gekuckt de 25. November 2021)
- ↑
imdb.com:
User Ratings
(gekuckt de 26. November 2021