Den
Islamesche Staat
(
IS
, bis Juni 2014
Islamesche Staat am Irak an a Syrien - ISIS
, arabesch
DAESH
), ass eng zanter 2003 aktiv
islamistesch
Terrororganisatioun mat engem
dschihadistesche
Staatsbildungsprojet, dei grouss Gebidder am
Irak
an a
Syrien
a mei klenger a
Libyen
beherrscht. Am Maerz 2015 soll sech hinnen och
Boko Haram
aus dem
Nigeria
ugeschloss hunn. Si besteet aus Zengdausende
sunittesche
Milizionaren
, dei sech um
Wahhabismus
/
Salafismus
orienteieren.
D'Gruppeierung huet an de freie Jore vum
Irakkrich
ugefaangen a sech 2004 mat
Al-Qaida
zesummegedoen. Am Februar 2014 huet no engem interne Muechtkampf vun aacht Meint Al-Qaida dem IS de Reck gedreit. Den 29. Juni 2014 huet den IS no der militarescher Eruewerung vun engem zesummenhangende Gebitt am Nordweste vum Irak (Heichbuerg
Mossul
) an am Oste vu Syrien (Heichbuerg
Rakka
) en als
Kalifat
bezeechnete Staat ausgeruff.
D'Organisatioun ass och a verschiddenen anere Staaten aktiv an emgaachelt potentiell nei Membere fir hire
Biergerkrich
an aner Aktiviteiten. Si gett beschellegt
Velkermuerd
an aner Krichsverbriechen ze begoen, an
terroristesch Attentater
ze verantwere wei z. B. d'
Bomm den 31. Oktober 2015 am russesche Fliger iwwer Egypten
mat 224 Doudeger oder d'
Attentater den 13. November 2015 zu Parais
mat 130 Doudeger.
Zanter August 2014 sinn IS-Truppen d'Zil vun
US-amerikanesche
Loftugreffer, deene sech an de Meint drop eng sellegen aner manner aktiv Lanner ugeschloss hunn. Vu September 2015 u flitt och
Russland
Loftugreffer, ouni formell der Koalitioun unzegeheieren.