한국   대만   중국   일본 
Iris Radisch ? Wikipedia Op den Inhalt sprangen

Iris Radisch

Vu Wikipedia
Iris Radisch
Gebuer 2. Juli 1959
Berlin
Nationaliteit Daitschland
Aktiviteit Journalist, Televisiounsmoderateur, Literaturkritiker, Schreftsteller

D' Iris Radisch , gebuer den 2. Juli 1959 zu Berlin , ass eng daitsch Journalistin an Televisiounsmoderatorin .

Nodeem d'Iris Radisch, d'Meedche vun engem Zanndokter an enger Leierin , zu Berlin an d'Schoul gaangen ass, huet si nom Abitur 1978 zu Tubingen an zu Frankfurt am Main bis 1986 Germanistik , Philosophie a Romanistik studeiert.

Hiert Beruffsliewen huet an der Frankfurter Rundschau als Literatur-Redactrice ugefaangen, ier si 1990 bei d' Wochenzeitung Die Zeit gewiesselt huet, wou se de Feuilleton iwwerholl huet.

Vun 1990 bis 2000 war si Jurymember bei den Tage der deutschsprachigen Literatur zu Klagenfurt , fir den Ingeborg-Bachmann-Prais ze verdeelen.

Richteg "bekannt" gouf si am August 2000 , wou se vum ZDF fir Das Literarische Quartett engageiert gouf, wei d' Sigrid Loffler hirer Wee gaange war, well se mam Marcel Reich-Ranicki net mei eens gouf.