Inge Meysel
|
---|
|
Gebuer
|
30. Mee
1910
Berlin-Neukolln
|
---|
Gestuerwen
|
10. Juli
2004
Bullenhausen
|
---|
Doudesursaach
|
Haerzschlag
|
---|
Nationaliteit
|
Daitschland
|
---|
Aktiviteit
|
Theaterschauspiller, Filmschauspiller
|
---|
|
D'
Inge Meysel
, gebuer den
30. Mee
1910
zu Rixdorf, haut
Berlin
-Neukolln, a gestuerwen den
10. Juli
2004
zu
Seevetal
-
Bullenhausen
, war eng
daitsch
Schauspillerin
.
Si war d'Duechter vum daitsche
jiddesche
Geschaftsmann Julius Meysel a senger
danescher
Fra Margarete Hansen. 1930 huet si zu
Zwickau
,
Berlin
a
Leipzig
hir Theatercarriere ugefaangen. An der Nazi-Zait huet si, als
"Halbjudin"
, net daerfen optrieden. Doropshi goung si op
Danzig
wou s'als Telefonistin an als technesch Zeechnerin geschafft huet.
1945 ass si nees beim Theater, zu
Hamburg
wou se am
Thalia Theater
gespillt huet. Vill Succes hat si Enn vun den 1950er Jore mat hirer Roll vun enger Concierge am Steck
Fenster zum Flur
, dat 1961 als
Ihr schonster Tag
, och mat hir an der Haaptroll, verfilmt gouf. Vun den 1960er Joren un huet si haaptsachlech an Teleesproduktioune matgeschafft. Bekannt gouf si do virun allem duerch hir Roll vun der Kathe Scholz an der Serie
Die Unverbesserlichen
(1965 bis 1971), an 1965 als Neiesch an der Serie
Gertrud Stranitzki
.
Si huet sech hiert Liewe laang engageiert, politesch fir d'
SPD
, gesellschaftlech e. a. fir d'Rechter vun Homosexuellen a geint
Aids
.