한국   대만   중국   일본 
Inge Meysel ? Wikipedia Op den Inhalt sprangen

Inge Meysel

Vu Wikipedia
Inge Meysel
Gebuer 30. Mee 1910
Berlin-Neukolln
Gestuerwen 10. Juli 2004
Bullenhausen
Doudesursaach Haerzschlag
Nationaliteit Daitschland
Aktiviteit Theaterschauspiller, Filmschauspiller

D' Inge Meysel , gebuer den 30. Mee 1910 zu Rixdorf, haut Berlin -Neukolln, a gestuerwen den 10. Juli 2004 zu Seevetal - Bullenhausen , war eng daitsch Schauspillerin .

Si war d'Duechter vum daitsche jiddesche Geschaftsmann Julius Meysel a senger danescher Fra Margarete Hansen. 1930 huet si zu Zwickau , Berlin a Leipzig hir Theatercarriere ugefaangen. An der Nazi-Zait huet si, als "Halbjudin" , net daerfen optrieden. Doropshi goung si op Danzig wou s'als Telefonistin an als technesch Zeechnerin geschafft huet.

1945 ass si nees beim Theater, zu Hamburg wou se am Thalia Theater gespillt huet. Vill Succes hat si Enn vun den 1950er Jore mat hirer Roll vun enger Concierge am Steck Fenster zum Flur , dat 1961 als Ihr schonster Tag , och mat hir an der Haaptroll, verfilmt gouf. Vun den 1960er Joren un huet si haaptsachlech an Teleesproduktioune matgeschafft. Bekannt gouf si do virun allem duerch hir Roll vun der Kathe Scholz an der Serie Die Unverbesserlichen (1965 bis 1971), an 1965 als Neiesch an der Serie Gertrud Stranitzki .

Si huet sech hiert Liewe laang engageiert, politesch fir d' SPD , gesellschaftlech e. a. fir d'Rechter vun Homosexuellen a geint Aids .

Filmographie (Auswiel) [ anneren | Quelltext anneren ]

Literatur [ anneren | Quelltext anneren ]

Um Spaweck [ anneren | Quelltext anneren ]

Commons: Inge Meysel ? Biller, Videoen oder Audiodateien