한국   대만   중국   일본 
Eisebunnsstreck Rivage-Gouvy ? Wikipedia Op den Inhalt sprangen

Eisebunnsstreck Rivage-Gouvy

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Infrabel-Linn 42 )
Eisebunnsstreck Rivage-Gouvy
Linnennummer 42
Bedreiwer SNCB
Technesch Donneeen
Langt 60,2 km
Spuerbreet Normalspuer


Y vu Rivage. Den Tunnel vu Liotte op der Linn 42 (lenks). Riets d' Linn 43 mat der Breck iwwer d'Ambleve.

D' Eisebunnsstreck Rivage-Gouvy oder Linn 42 vun der belscher Eisebunnsgesellschaft SNCB ass eng 59,8 Kilometer laang Linn dei Rivage an der Provenz Leck mat Gouvy an dodriwwer eraus mat der Nordstreck vu Letzebuerg verbennt.

D'Linn 42 huet mat Ausnam vu verschiddenen Deelstecker an de Garen, an an dem Tunnel vun Trois-Ponts, tescht Aywaille a Vielsalm nemmen ee Gleis. Vu Vielsalm bis op Gouvy (11,4 km), a vu Rivage bis op Aywaille (8,2 km) ass d'Streck zweegleiseg. Si ass mat 25 kV elektrifizeiert.

D'Streck gett och alt vun der SNCB fir Belaaschtungs- an Homologatiounstester vun neie Lokomotive benotzt. D'Streck huet namlech zwou gei Rampen, dei eng mat 15 ‰ tescht Trois-Ponts a Vielsalm an eng vun 18 ‰ bei Cierreux tescht Vielsalm a Gouvy.

Geschichtlech Daten [ anneren | Quelltext anneren ]

Bau vun der Linn [ anneren | Quelltext anneren ]

D'Linn 42 gouf an 3 Etappe gebaut:

Modernisatioun vun der Linn [ anneren | Quelltext anneren ]

An den 80er Jore wollt d'SNCB d'Streck opginn. D'Linn, dei dei Zait ganz zweegleiseg war, gouf op e Gleis zereckgebaut, an eng Parti vu Garegebaier goufen ewechgerappt.

Op Drock vun der letzebuergescher Eisebunnsgesellschaft CFL a mat Ennerstetzung vum Letzebuerger Staat a vun Europa , gouf d'Linn an den 90er Jore moderniseiert.

Bei deser Modernisatioun gouf d'Streck elektrifizeiert, Barriere supprimeiert, an d'Signalisatioun freschgemaach.

De 25. Mee 2000 waren d'Aarbechten dei ronn 900 Millioune Frang kascht hu, faerdeg.

Dei automatiseiert Signalisatioun gouf Enn November 2012 a Betrib geholl [1] an dei ganz Streck gett elektronesch vun der Gare vu Leck aus gesteiert.

Garen an Halten op der Streck [ anneren | Quelltext anneren ]

A Schifschreft sinn dei Halten opgezielt an deene keen Zuch mei halt, an dei deelweis ewechgerappt sinn.

Rivage (43)  | Liotte  | Hagoheid  | Martinrive  | Aywaille  | Remouchamps  | Nonceveux  | Quarreux  | Lorce-Chevron  | Stoumont  | La Gleize  | Roanne-Coo  | Coo  | Trois-Ponts ( 45 ) | Grand-Halleux  | Rencheux  | Vielsalm ( 47A ) | Salmchateau  | Cierreux  | Bovigny  | Gouvy (163)

Verbindunge mat aneren Eisebunnsstrecken [ anneren | Quelltext anneren ]

D'Linn 42 an der Sortie vu Gouvy an Direktioun Leck. Lenks am Bild tescht den Hecken den Trace vun der freierer Linn 163 an Direktioun Sankt Vith
Eisebunnsviaduc vu Remouchamps
Am Fong den Autobunnsviaduc vu Remouchamps

.

  • Vu Gouvy aus:
  • Vun Trois-Ponts aus:
  • Zu Rivage:
  • Privatuschless:

International Zich [ anneren | Quelltext anneren ]

Op der Streck fueren zanter 2014 am internationale Reseau belsch InterCityen .

Bauwierker op der Streck [ anneren | Quelltext anneren ]

Brecken [ anneren | Quelltext anneren ]

Tunnellen [ anneren | Quelltext anneren ]

  • Tunnel vu Liotte (zweegleiseg): 82 Meter
  • Tunnel vu Remouchamps: 618 Meter
  • Tunnel vun Targnon: 279 Meter
  • Tunnel vu Xhierfomont: 127 Meter
  • Tunnel vu Cheneux: 250 Meter
  • Tunnel vu La Gleize: 59 Meter
  • Tunnel vu Roanne-Coo: 194 Meter
  • Tunnel vu Coo: 305 Meter
  • Tunnel vun Trois-Ponts (zweegleiseg): 345 Meter

Um Spaweck [ anneren | Quelltext anneren ]

Commons: Eisebunnsstreck Rivage-Gouvy ? Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen [ Quelltext anneren ]

  1. Artikel an der Sudpresse