Ikonoklasmus
(v. algr.
εικ?ν
- "Bild" a
κλαστειν
- "zerbriechen") ass d'Zersteiere vun
Ikonen
, Symboler a Monumenter, dacks aus relieisen oder politesche Motiven.
Am
Chreschtentum
koum et am
8.
an am
9. Joerhonnert
am
Byzantesche Raich
zu zwou Periode vu Billerstierm, dei awer vun den deemolege
Peepst
schaarf verurteelt goufen. Am
16. Joerhonnert
huet d'
Reformatiounsbeweegung
zum Stuerm op de kathouleschen Iwwerschwang geblosen.
Am
Islam
gett et keen direkt Billerverbuet, ma eng Rei Ausserunge vum
Mohammed
deiten drophin datt e bildlech Duerstellungen ofgeleent huet, sou datt dei rar vu Wustennomade geschaf freiislamesch Duerstellungen am Laf vun der Zait Affer vun Ikonoklaste gi sinn. Ma och helleg Bildwierker vun anere Relioune sinn net viru mosleemesch-ikonoklasteschen Iwwergreffer secher. Sou gouf et z. B. enner den
Ommajaden
eng sellege Billerstierm geint chreschtlech figurativ Konscht. An der Neizait kann een e. a. d'Zersteierung vu risege
Buddhastatuen
a Freske bei
Bamian
duerch d'
Taliban
, an d'Zerschloe vu virislamesche Statuen a Museee am
Afghanistan
ernimmen.
Och am
Alen Egypten
gouf et Ikonoklasmus, sou d'Ofrappe vun alle Statue vun der Kinnigin
Hatschepsut
duerch hiren Nofollger Tutmosis, oder d'Ausmeessele vun egyptesche Gottheeten an der
reimescher Zait
.
D'Ikoneverbrennunge warend der
russescher Revolutioun
falen och dorenner.