Humanismus
ass ee Begreff, dee fir eng nei Weltanschauung steet, dei sech fir d'eischt op der
italescher Hallefinsel
um Enn vum
Mettelalter
manifesteiert huet, ier se sech an aner Geigenden a Lanner vun
Europa
verbreet huet. Den Humanismus ass net vun der
Renaissance
ze trennen, an dar d'Waerter an d'Leeschtunge vun der griichesch-reimescher
Antiquiteit
(
Philosophie
,
Wessenschaft
,
Geschicht
,
Literatur
...) als nei Inspiratiounsquellen oder als Modeller rementdeckt goufen. D'Enn vum Mettelalter an d'Renaissance falen net zoufalleg mat de grousse
geographeschen
Entdeckungen
zesummen (vgl.
Christoph Kolumbus
,
Amerigo Vespucci
,
Fernao de Magalhaes
...).
De Begreff 'Humanismus' bedeit, datt de Mensch op alle Plang eng mei zentral Bedeitung an den Iwwerleeunge kritt, an net mei
Gott
oder d'
Liewen nom Doud
, wat awer net heescht, datt d'Relioun oder de Glawe komplett vernoleissegt ginn. D'
Kierch
gett och als eng menschlech Institutioun betruecht, an als sollech der Kritik ennerworf: hire Message, hir
Dogmen
, hire Muechtusproch..., dat alles gett vun
Theologen
a besonnesch vu Philosophe grendlech enner d'Lupp geholl an deelweis widderluecht. Reformgedanke kommen duerch Reformateure wei
Martin Luther
,
Jean Calvin
etc. op an dat frait Denken (
Libre pensee
) entweckelt sech (vgl.
Giordano Bruno
), en neit politescht Denke bleit op (vgl.
Niccolo Machiavelli
,
Grotius
...). Dei intellektuell Beweegung brengt mat sech, datt eng nei Konscht (Architektur, Molerei, Skulptur), dei mei op de Mensch zougeschnidden ass, opbleit, an datt och d'Wessenschaft (
Astronomie
,
Anatomie
, asw.) nieft der Philosophie en neien, decisiven Ulaf kann huelen (vgl.
Nikolaus Kopernikus
,
Galileo Galilei
,
Andre Vesale
...). D'
Klassik
an de
Rationalismus
kennege sech un...
Den Humanismus huet mat der Zait verschidde Gesiichter entweckelt. Nieft dem
chreschtlechen Humanismus
, dee bis haut weiderlieft (vgl.
Jean Guitton
,
Pierre Frieden
...), gett et nach dei verschidde Forme vu
fraiem Denken
an den
Atheismus
.