Seng Grafplack um Kierfecht zu Feschbech.
Den
Hubert Joseph Collart
, gebuer den
18. November
1773
, a gestuerwen den
8. Oktober
1822
, war Proprietar a Schmelzhar zu
Feschbech
. Hien hat d'
Feschbecher Schmelz
an d'
Feschbecher Schlass
vu sengem Papp dem
Charles Joseph Collart
geierft.
Den Hubert Collart huet d'Feschbecher Schmelz ausgebaut an
1813
en neien
Heichuewe
baue gelooss. Hie war och politesch aktiv, sou z. B. als Buergermeeschter vu Feschbech.
Hien huet de
24. Juli
1790
d'Gisberta Maria Rosalia Baronesse vu Blochhausen vum Bitburger Schlass bestuet. Den 13. August 1801 ass hiert eenzegt Kand, de
Charles Joseph Collart
zu
Dummeldeng um Schlass
op d'Welt komm.