Homosexualiteit
(och nach
Homophilie
) bezeechent eng
sexuell
Orienteierung, Romantik a sexuell Begier, empfonnt vum selwechte
Geschlecht
. Homosexuell Frae gi
Lesben
, homosexuell Manner
Lenkser
oder
Schwuler
genannt. D'Adjektiv
homosexuell
gett och fir sexuell Handlunge vu Mensche vum selwechte Geschlecht gebraucht, dei net schwul oder lesbesch sinn (
Bisexualiteit
).
De Begreff
Homosexualiteit
ass eng hybrid
Wuertneibildung
aus dem
19. Joerhonnert
, gepragt vum Schreftsteller
Karl Maria Kertbeny
aus dem
griich
. ?μοιο? (
homoios
) = glaich, glaichaarteg +
lat
.
sexus
= dat mannlecht an dat weiblecht Geschlecht.
D'Homosexualiteit war an ass zum Deel a ville Kulturen en
Tabuthema
. Schatzungen iwwer d'Heefegkeet vun der Homosexualiteit varieiere doweinst staark, an och ennerschiddlech Definitioune vun Homosexualiteit maachen d'Auswaertung an d'Analys vun de Schatzungen emmer mei komplizeiert. Et ass weinst dem Verheemleche vun der Homosexualiteit an de soziale Schwiergkeete beim Coming out eischter dovun auszegoen, datt d'Statistiken no ennen an net no uewe verfalscht sinn. Esou sti bei Emfroe 1 ? 9,6% dozou, datt se schwul oder lesbesch sinn oder gewessen dar Neigungen hunn.
Dem
Kinsey-Report
vun 1948 no wiere 4 % vun der Bevelkerung tatsachlech ausschliisslech homosexuell, 46 % hatte virun allem an der Puberteit op d'mannst eng Keier bei deem Sujet gezeckt sief et duerch psychesch einfach erotesch Reaktioun op dat selwecht Geschlecht bis hin zu engem effektive physeschen homosexuellen Erliefnes, a 50 % vun der Bevelkerung wieren hiert ganzt Liewe laang psychesch a physesch ouni gerengsten Zweiwel ausschliisslech heterosexuell. Dat deckt sech och ongefeier mat aktuellen US-amerikanesche Studien, no deenen 2009 an der Moyenne 3,6 % vun de Manner net-heterosexuell sinn (2,2 % schwul) an 3,3 % vun de Fraen net-heterosexuell (1,1 % lesbesch), oder och mat enger daitscher Emnid-Emfro aus dem Joer 2000, bei dar sech 4,1 % vun de Manner als net-heterosexuell bezeechent hunn (1,3 % schwul) an 3,1 % vun de Fraen als net-heterosexuell (0,6 % lesbesch). Wat zecken tescht hetero- an homosexuell ugeet, sou hankt e groussen Deel dovun och vu gesellschaftlechen a kulturelle Kaderbedingungen of: aus enger Etud vun
1970
vum
Hamburger Institut fur Sexualforschung
geet ervir, datt all Fennefte vun de 16- a 17-jarege Jongen ugett, glaichgeschlechtlech sexuell Erfarunge gemaach ze hunn, 20 Joer mei speit waren et der angeblech just nach 2 %, an 1997 bei enger
Bravo
-Emfro sinn et nees 25 % vun all de Jongen tescht 14 a 17 Joer dei op d'mannst eng schwul Erfarunge gemaach hunn.
Eng vu ville
Sexologen
, enner anerem och vum
Sigmund Freud
vertrueden Theorie seet, datt et verschidde Graduatiounen tescht Hetero- an Homosexualiteit gett. De Freud huet an deem Kontext vun der "ugebuerener Bisexualiteit" vum Mensch geschwat. Reng Homosexualiteit huet en "als Ofwaichung vun de sexuelle Funktiounen, ervirgeruff duerch eng gewesse Stockung vun der sexueller Entwecklung" bezeechent, a reng Heterosexualiteit als "Aschrankung vun der Objetswiel". Psychoanalysen hunn erginn, datt och sougenannten "normal" Heterosexueller kennen eng ennerdreckt onbewosst Homosexualiteit a sech hunn.
En anere Aspekt ass d'situativ Homosexualiteit vu Persounen, dei u sech guer keng homosexuell an na net emol eng bisexuell Orienteirung hunn, a bei deenen eng glaichgeschlechtlech Aktiviteit ni passeiert wier wa sech dei Menschen net an enger ongeweinlecher Situatioun eremfonnt hatten. Sougenannte Pseudohomosexualiteit kennt virun allem an Environnementer vir, an deenen iwwer langer Zait nemme Persoune vum selwechte Geschlecht liewen, wei a Prisongen, U-Booter, Kasaren, Kleischter, Internater. En anert Standardbeispill fennt een dacks an der homosexueller Prostitutioun. Awer dei meescht Individuen hunn och bei laangem Entbiere vun heterosexuellem Kontakt ni eng glaichgeschlechtlech Aktiviteit, grad wei och vill Homosexueller keng heterosexuell Aktiviteit ufanken och wann d'Homosexualiteit repressiv behandelt gett. Grondsatzlech geet d'Psychoanalys dervun aus, datt duerch experimentell oder Nout-Handlungen dei net der sexueller Orienteirung entspriechen, dei festgeluechten Orienteirung net beaflosst gett.
Op
Letzebuergesch
gett fir e homosexuelle Mann entweeder "e Schwulen" oder "e Lenkse" gesot, ma et gett keng Fuerschung, dei weist watfir e Wuert vu wiem benotzt gett. Eng homosexuell Fra bezeechent sech als "Lesb". Dat
Deutsch-luxemburgisches Worterbuch
gett bei "Lesbe" d'Wuert "Lesbienne" un.
De "Coming Out" ass den Evenement, wou eng Persoun aner Leit matdeelt, datt hien oder hatt homosexuell oder bisexuell ass. Des gett och nach als "sech outen" bezeechent. De Coming Out ass keen einfache Prozess, well Leit Angscht hunn, z. B. net accepteiert ze ginn.
0
0
|
De Contenu vun desem Kapitel oder desem Artikel ass net vollstanneg oder net mei aktuell. Helleft wgl. mat, en ze kompletteieren oder nees op de leschte Stand ze brengen.
|
Obwuel et zu
Letzebuerg
eng kleng Schwulen- a Lesbecommunauteit gett, ass d'effentlech Unerkennung vu glaichgeschlechtlecher Leift wait enner dem Niveau vun den Nopeschlanner. D'Positioun vun der Regierung ass vum
chreschtleche
Welt- a Familljebild beaflosst. Der EOS Gallup 2003 Emfro no geif dat Weltbild awer net der Stemmung an der Bevelkerung entspriechen, dar hir positiv Astellung vis-a-vis vun Homosexuellen iwwer dem europaeschen Niveau leie geif.
Eemol am Joer organiseiert
Rosa Letzebuerg
A.s.b.l. ee Schwulen- a Lesbefest op der
Pless d'Arem
an der
Stad Letzebuerg
. Desen Event mam Numm
Gay mat
gouf
1999
fir d'eischt organiseiert.
2007
goung dest Fest an der 9. Editioun fir d'eischt an engem Cortege bei der
Kathedral Notre Dame de Luxembourg
fort.