한국   대만   중국   일본 
Hollerecher Schluechthaus ? Wikipedia Op den Inhalt sprangen

Hollerecher Schluechthaus

Vu Wikipedia
Hollerecher Schluechthaus
D'Westfassad vum Hollerecher Schluechthaus am Oktober 2017
Land Letzebuerg
Gemeng Letzebuerg
Plaz Hollerech
Adress 5, rue de l'Abattoir
Koordinaten 49° 36’ 02.63’’ N
      06° 06’ 55.51’’ O
Statut Klasseiert Monument
Datum vum Bau 1902

D' Hollerecher Schluechthaus ass e freiert Schluechthaus am Stater Quartier Hollerech , dat haut fir kulturell a sportlech Zwecker benotzt gett.

Geschicht [ anneren | Quelltext anneren ]

D'Stater Schluechthaus [ anneren | Quelltext anneren ]

1867 huet de Gemengerot sech fir de Bau vun engem eegenen, effentleche Schluechthaus ausgeschwat. 1874 ass enner dem Pafendaller Viaduc , wou haut d' Jugendherberg vun der Stad Letzebuerg steet, mam Bauen ugefaange ginn. D'Gebai huet 226.818 Letzebuerger Frang kascht an ass zwee Joer mei speit opgaangen [1] .

Well emmer mei Awunner an der Stad awer emmer mei Fleesch giess hunn, huet dat Pafendaller Schluechthaus den Ufuerderunge seier net mei entsprach. Schonn 1902 hat e mei modernt Schluechthaus an der deemoleger Gemeng Hollerech seng Dieren opgemaach, an deem zum Beispill och dei eischt Killanlag am Land stoung. Wei d'Gemeng Hollerech 1920 dunn an d'Gemeng Letzebuerg integreiert gouf, ass d'Entscheedung getraff ginn, een eenzegt zentraalt Schluechthaus mat Killanlagen an engem Veimaart ze bauen. Als Standuert gouf Hollerech gewielt, wou en Areal vu veier Hektar zur Verfugung stoung, dat un dat aalt Schluechthaus gegrenzt huet [1] .

D'Schluechthaus ass den 30. Dezember 1929 a Betrib gaangen a gouf den 20. Juni 1930 offiziell vum Buergermeeschter Gaston Diderich ageweit [1] .

Iwwer dei nachst 50 Joer ass d'Hollerecher Schluechthaus reegelmeisseg erweidert an op den neiste Stand gesat ginn. Esou sinn an den 1950er Joren d'Schwaistall vergreissert an d'Schwengshal moderniseiert ginn. An den 1960er si Verkafsstann mat eegene Killraim an engem Deifkillraum gebaut ginn, an 1968 ass dat modernt Schnellkillverfaren agefouert ginn. Dest war eng vun den deiersten Embauten am Komplex: enner anerem goufen zwee Schnellkilltunnelle fir jee 100 grouss Deieren an drai Tunnelle fir am Ganze 600 Schwain installeiert. An den 1970er ass dunn nach en automatescht Schluechtband an d'Randshal agebaut ginn [1] .

1980 goufen am Schluechthaus all Joer 4.000 Tonne Fleesch produzeiert [1] .

Mam Schluechte war et den 1. August 1997 eriwwer, d'Schluechthaus gouf du fir zerguttst zougemaach [2] .

Aner Zwecker [ anneren | Quelltext anneren ]

Nodeems net mei geschluecht gouf, huet dat freiert Schluechthaus sech lues a lues zu engem Treffpunkt vun der Letzebuerger Inlineskate - a Graffiti -Zeen etableiert an et gouf en Indoor- Skatepark amenageiert an deem och Kompetitioune organiseiert goufen [3] [4] . Am Kader vun engem Graffiti Jam kruten d'Graffitisprayer d'Meiglechkeet hir Konscht legal op d'Maueren ze sprayen [4] .

Deeler vum Gebai goufe vun 1999 bis … [Weini ?] vum Letzebuerger Roude Kraiz benotzt fir Ambulanzen ennerdaach ze stellen [4] . Och de Service des Sports vun der Stad Letzebuerg hat vun 1999 u seng Garagen a Buroen do, ier en uganks 2021 op d' Cloche d'Or nieft de Stadion geplennert ass [5] .

Am Joer 2000 war en zweete Graffiti Jam un deem ronn 50 Graffiti-Kenschtler deelgeholl hunn an dei ganz Enceinte vum freiere Schluechthaus dekoreiert hunn.

2010 gouf annonceiert, datt Den Atelier geif an d'Hollerecher Schluechthaus plenneren [6] , [7] . Dei Iddi ass weinst Protester vun den Awunner aus der Emgeigend mei speit awer erem fale gelooss ginn [8] .

Am Mee 2012 ass de Skatepark fir 50.000 EUR renoveiert ginn [9] an am Juli vum selwechte Joer offiziell ageweit ginn. En huet eng Flach vu 500 m² [10] .

A senger Ried iwwer d'Lag vun der Natioun 2016 huet de Premierminister Xavier Bettel ugekennegt, datt am Schluechthaus bis 2020 Start-Up -Entreprise solle baseiert sinn [11] .

Am Kader vun de Journees du patrimoine 2019 gouf eng Porte ouverte organiseiert bei dar dei Interesseiert de Site vum freiere Schluechthaus besiche konnten. Duerno war eng eischt Biergerconsultatioun wou d'Awunner hir Virstellunge presenteiere konnten, wei den alen Industriesite urbanistesch an architektonesch emfunktioneiert keint ginn.

Am Projet fir dat zukunftegt ?Schluechthaus“ ass virgesinn, datt nieft de Graffitien och de Skatepark bestoe bleift an eventuell vergreissert gett. Do dernieft si veier Beraicher defineiert dei an de Propose berecksiichtegt musse ginn: Kultur, Sport, Commerce an en intergenerationelle Projet. An engem Deel vum Projet soll och e Creative Hub entsoen [12] .

Am August 2022 gouf eng eischt Phas vun engem Architekteconcours ausgeschriwwen, dest deels op Basis vun der Biergerconsultatioun vun 2019. Am Freijoer 2023 goufen op enger neier Porte ouverte sechs Architekte-Projete virgestallt an eng zweet Biergerbedeelegung gouf lanceiert.

En drette Graffiti Jam gouf am Mee 2023 ofgehalen an dei drai Projeten dei an dei final Phas koumen, goufe virgestallt. De Laureat vum Concours gett am Laf vum Hierscht 2023 bekannt gemaach.

360°-Vue
360°-Vue

Klassement vum Gebai [ anneren | Quelltext anneren ]

Op d'Demande vum Kulturministere fir Deeler vum Gebai als nationaalt Denkmal ze schutzen huet de Stater Gemengerot uganks Marz 2021 e positiven Avis ofginn [5] . Den 11. Februar 2022 gouf et als nationaalt Monument klasseiert. [13]

Um Spaweck [ anneren | Quelltext anneren ]

Commons: Hollerecher Schluechthaus ? Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen [ Quelltext anneren ]

  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 1,4 Ons Stad 3 (1980) - Der hauptstadtische Schlachthof
  2. Eine sentimentale Angelegenheit - Das Verwirrspiel um die Zukunft des hauptstadtischen Schlachthofs ist vorbei d'Letzebuerger Land, Nr. 32/1997, S. 5
  3. Tageblatt: Der Traum von großen Wanden (5. August 2008)
  4. 4,0 4,1 4,2 (fr) Schluechthaus ? Evolution d'un espace partage . City Septembre 2023 by Maison Moderne - issuu.com . VDL (2023-08-30). Gekuckt de(n) 2023-09-06.
  5. 5,0 5,1 Neubau des Service Sports: Schuldfrage klaren, Schaden beheben . Luxemburger Wort - Deutsche Ausgabe (2021-03-09). Gekuckt de(n) 2021-12-19.
  6. rtl.lu: "den Atelier" an aalt Schluechthaus (17. November 2010)
  7. Tageblatt: “Den Atelier” bald im Schlachthaus (17. November 2010)
  8. Tageblatt: Atelier geht nicht ins Schlachthaus (17. Maerz 2011)
  9. Altes Schlachthaus Hollerich (8. Maerz 2015)
  10. Luxemburger Wort: Un skatepark flambant neuf pour les jeunes a Hollerich (5. Juli 2012)
  11. Paperjam: Des start-up ≪d'ici 4-5 ans≫ aux anciens abattoirs (27. Abrell 2016)
  12. David Thinnes , Alt und Neu verbinden (17.12.2021) Archiveiert de(n) 2021-12-19. Gekuckt de(n) 19.12.2021.
  13. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets beneficiant d'une protection nationale . (Lescht Versioun vum 28. Mee 2024).