Hispaniola
(
spuenesch
La Espanola
?dei Spuenesch“) ass mat enger Flach vu ronn 74.700 km² dei zweetgreisst vun de
Westindeschen Inselen
a vun de
Groussen Antillen
. Op der Insel leien d'Staaten
Haiti
an d'
Dominikanesch Republik
.
Ongefeier 90 km westlech lait dei greisst Antilleninsel
Kuba
an 190 km westlech lait
Jamaika
, 120 km estlech
Puerto Rico
, 250 km nerdlech d'Grupp vun den
Turks- a Caicosinselen
an 180 km nordnordwestlech d'Inselgrupp
Inagua
. D'Insel huet eng Ost-West-Ausdeenung vu 600 km an eng Nord-Sud-Ausdeenung vun 250 km. Se huet d'Form vun enger Hand, dei no Westen op ass, woubai zwou
Hallefinsele
mat
Bierger
a Richtung Kuba respektiv an den
Jamaica Channel
weisen. Relativ flaach ass nemmen den Osten an een
Dall
am Norden tescht zwou
Biergketten
.
Um estlechen Deel vun der Insel, dee mei grouss ass, lait haut d'
Dominikanesch Republik
, um mei klenge westlechen Deel d'
Republik Haiti
.
Mat ronn 20 Milliounen Awunner ass Hispaniola d'
Antilleninsel
mat der greisster Bevelkerung.
Land
|
Flach a km²
|
Awunner (2009)
|
Bevelkerungsdicht
(Aw. pro km²)
|
Awunner (2023)
|
Bevelkerungsdicht
(Aw. pro km²)
|
Haiti
|
27.750
|
9.776.206
|
352
|
11.470.261
|
413
|
Dominikanesch Republik
|
48.670
|
10.090.000
|
207
|
10.790.744
|
221
|
Hispaniola
|
76.480
|
19.866.206
|
260
|
22.261.005
|
291
|
Dei
Heemesch
hunn d'Insel
Ayti
genannt, wouraus d'haiteg Bezeechnung ?Haiti“ entstanen ass. Haiti huet also ursprenglech dei ganz Insel bezeechent.
De
Christoph Kolumbus
huet d'Insel
La Isla Espanola
(?dei spuenesch Insel“) genannt. D'Englanner hunn den Numm zu
Hispaniola
(?Klengspuenien“)
verballhornt
.
D'Insel Hispaniola gouf an der Kolonialzait politesch opgedeelt an e spueneschen Ostdeel,
Santo Domingo
(oder
San Domingo
) genannt no der
Stad
mam selwechten Numm, an e franseische Westdeel,
Saint Domingue
(oder
Saint-Domingue
). Aus dem estlechen Deel gouf d'
Dominikanesch Republik
an aus dem westlechen Deel
Haiti
, dat zaitweis an dat nerdlecht
Nord-Haiti
an d'sudlech
Mulatte-Republik
gedeelt war.