Henri Klein

Vu Wikipedia
Henri Klein
Gebuer 14. Abrell 1944
Uewerkuer
Gestuerwen 7. September 1995
Nationaliteit Letzebuerg
Aktiviteit Foussballspiller
Foto vun der Ekipp dei den 30. Oktober 1963 zu Rotterdam geint Holland 2-1 gewonnen huet. Uewe v.l.n.r. Jempi Fiedler , Bizzi Konter , Erny Brenner , Jim Hoffstetter , Fernand Brosius , Nico Schmitt
Enne v.l.n.r. Bizzi Klein, Jean Klein , Camille Dimmer , Ady Schmit , Louis Pilot

Den Henri Klein oder Bizzi Klein , gebuer de 14. Abrell 1944 zu Uewerkuer a gestuerwen de 7. September 1995 zu Esch-Uelzecht , war e letzebuergesche Foussballspiller. [1]

Tescht dem 27. Oktober 1963 am 5. November 1969 huet de Bizzi Klein 10-mol fir dei letzebuergesch Foussballnationalekipp gespillt an dobai 4 Goler geschoss. [2]

Den Henri Klein huet seng Karriar als Foussballspiller beim CS Uewerkuer ugefaangenen an ass du bei FA Red Boys Deifferdeng gewiesselt wou hie bis 1964 bliwwen ass. Duerno war hien 2 Joer beim Royal Football Club de Liege fir duerno bei de KVK Tirlemont ze wiessele wou hie vun 1966 bis 1968 war. An der Saison 1968/69 war hie bei de Vancouver Royals a Kanada wou hien 20 Goler geschoss huet, [3] ennert der Leedung vum Trainer Ferenc Puskas . Duerno koum hien zereck op Letzebuerg bei d'Red Boys Deifferdeng fir d'Saison 1969/70 ier hie fir 2 Joer bei den FC Utrecht gaangen ass. Hien huet seng Karriar bei de Red Boys an der Saison 1972/73 opgehalen. [4]

Referenzen [ Quelltext anneren ]

  1. Portrait vum Bizzi Klein op der Websait profootball.lu
  2. D'Lescht vun de Lannermatcher vum Henri Klein op der Websait vun European Football
  3. Portrait vum Henri Klein
  4. Den Henri Klein op der Websait vun der Football Database.eu