Helen Sawyer Hogg

Vu Wikipedia
Helen Sawyer Hogg
Gebuertsnumm Helen Battles Sawyer hogg
Gebuer 1. August 1905
Gestuerwen 28. Januar 1993
Nationaliteit Kanada , USA
Educatioun Radcliffe College,
Harvard Universiteit ,
Mount Holyoke College,
Harvard College Observatoire
Aktiviteit Astronom , Universiteitsprofesser
Plack um "Canada Science and Technology Museum"

D' Helen Battles Sawyer Hogg , CC gebuer den 1. August 1905 zu Lowell (Massachusetts) a gestuerwen den 28. Januar 1993 zu Richmond Hill , Ontario war eng kanadesch Astronomin , dei duerch eng vun 1951 bis 1981 publizeiert astronomesch Kolumne bekannt gouf.

Si hat ufanks Chimie studeiert a 1926 am Mount Holyoke College gradueiert. Uschleissend goung si op Invitatioun vun der Annie Jump Cannon op den Harvard-College-Observatoire . Do huet si du mam Harlow Shapley iwwer Starekeip zesummegeschafft an huet en ettlech Artikelen doriwwer publizeiert. Si krut 1928 hire Master-Ofschloss an der Astronomie a gouf 1931 vum Radcliffe College promoveiert.

1930 huet si hire Studentefrend, den Astronom Frank Scott Hogg bestuet. Mat him hat si drai Kanner. Am Joer 1931 si si op Victoria a Kanada geplennert, wou si am Observatoire geschafft huet. 1935 si si an den Ontario geplennert, wou hire Mann op der Universiteit Toronto gefuerscht huet a si eng Plaz am David Dunlap Observatory krut. De Frank Hogg war vun 1946 bis zu sengem Doud am Joer 1951 Direkter vum Observatoire. 1957 krut d'Helen Hogg eng voll Professur op der Universiteit vun Toronto. 1976 goung si an d'Pensioun.

Iwwer sechs Joerzengten huet si astronomesch Aarbechte publizeiert a gouf eng vun de feierenden Astronomen. Nom Doud vun hirem Mann huet si him seng Kolumne With the Stars an der Zaitschreft Toronto Star , dei si dresseg Joer laang geschriwwen hat, iwwerholl.

1985 huet si sech fir d'zweet mam Engleschprofesser Francis Ethelbert Louis Priestley (* 1905 ; † 1988 ) bestuet. Si ass 1993 un engem Haerzinfarkt gestuerwen.

1949 krut si den Annie-Jump-Cannon-Prais fir Astronomie an 1983 de Klumpke-Roberts Award . 1968 gouf si zum Offizeier vum Order of Canada ernannt an 1976 zum Companion erhuewen. 1981 krut si vun der Saint Mary's University Halifax den Eierendoktertitel . [1] Den 20. Mee 2004 gouf si op Virschlag vum John Percy an d' Canadian Science and Engineering Hall of Fame opgeholl. [2] Si war Presidentin vun der Canadian Astronomical Society.

Den Asteroid (2917) Sawyer Hogg ass no hir genannt.

Kuckt och [ anneren | Quelltext anneren ]

Portal Astronomie

Um Spaweck [ anneren | Quelltext anneren ]

Referenzen [ Quelltext anneren ]

  1. Honourary Degrees 1971 - 1990 , Saint Mary's University Halifax
  2. (en) Helen Sawyer Hogg Honored von Randall C. Brooks, Curator, Physical Sciences and Space, Canada Science and Technology Museum, op casca.ca, der Websait vun der Canadian Astronomical Society, gesinn de 26. Maerz 2011