Den
Heinrich Louis d'Arrest
, gebuer den
12. August
1822
zu
Berlin
a gestuerwen den
13. Juni
1875
zu
Kopenhagen
, war en daitsch-daneschen
Astronom
, deen an Daitschland an zu Kopenhagen geschafft huet. Hien huet en ettlech
Komeiten
entdeckt, 76
Asteroiden
an 342
Deep Sky
-Objeten. Doriwwer eraus war hie Matentdecker vum
Planeit
Neptun
. Hien ass virun allem duerch seng Fuerschungen iwwer d'
Asteroiden
an d'
Komeite
bekannt ginn, awer hie war och wesentlech un der Entschlesselung vun de
Galaxiekeip
bedeelegt.
D'Virfahre vum d'Arrest ware
franseisch
Hugenotten
dei
1685
, no der Ophiewung vum
Edikt vun Nantes
, an
Daitschland
geflucht waren.
Den d'Arrest huet
Mathematik
op der
Universiteit Berlin
studeiert. An deser Zait huet hien astronomesch Berechnungen a Observatioune gemaach.
1845
gouf hien Assistent vum Professer
Johann Franz Encke
am
Observatoire zu Berlin
. Zesumme mat dem
Johann Gottfried Galle
, dem Direkter vum Observatoire, hu si den
23. September
1846
de Planeit Neptun entdeckt. De Galle an den d'Arrest hunn den Himmel systematesch ennersicht (no den Angabe vum Fransous
Urbain Leverrier
, deen d'Positioun vum Planeit unhand vu Bunnsteierunge vum
Uranus
berechent hat). Well de Galle de Planeit fir d'eischt am
Teleskop
gesinn hat, gellt hien haut als Entdecker vum Neptun.
1848
huet den d'Arrest op den Observatoire vun der
Universiteit Leipzeg
zu
Pleissenbuerg
gewiesselt.
Hei huet hien ugefaangen d'Positioune vun niwwelegen Objete systematesch ze bestemmen.
1850
ass hie vun der philosophescher Fakulteit vun der Universiteit Leipzeg zum
Eierendokter
ernannt ginn.
Am September
1857
huet den d'Arrest Leipzeg verlooss an ass als Professer fir Astronomie op d'
Universiteit Kopenhagen
gaangen. Mat engem 11
Zoll
(27,5 cm)-
Refrakter
vum Kopenhagener Observatoire ass hie mat senge Beobachtunge vun niwwelegen Objete weidergefuer an huet e puer honnert
Galaxien
, Starekeip a
Gasniwwelen
entdeckt.
Seng Beobachtungen huet hien am Buch
Siderum Nebulosorum Observationes Havnienses
1867
zesummegefaasst. Den
21. Oktober
1862
huet hien dee ronn 200 km groussen Asteroid
Freia
entdeckt.
Den d'Arrest ass am Alter vun 52 Joer zu Kopenhagen un Haerzversoe gestuerwen.
Fir seng Leeschtungen huet hie vill Auszeechnungen an Eierunge kritt. Hie war Member vun der Wessenschaftsakademie vun
Danemark
,
Schweden
,
Sankt Petersburg
a
Munchen
, der brittescher
Royal Astronomical Society
an e war Ritter vum daneschen
Danebrorg-Uerden
.
Zu sengem Gedenke gouf jee een
Impaktkrater
um
Mound
an um Marsmound
Phobos
souwei den Asteroid (9133)
d'Arrest
no him benannt.
Portal Astronomie