한국   대만   중국   일본 
Heinrich Lubke ? Wikipedia Op den Inhalt sprangen

Heinrich Lubke

Vu Wikipedia
Heinrich Lubke
Gebuer 14. Oktober 1894
Sundern
Gestuerwen 6. Abrell 1972
Bonn
Doudesursaach Mokriibs
Nationaliteit Daitschland
Educatioun Universiteit Bonn
Aktiviteit Politiker , Ingenieur
Partei CDU

De Karl Heinrich Lubke , gebuer de 14. Oktober 1894 zu Enkhausen, haut Gemeng Sundern , am Sauerland a Westfalen , a gestuerwen de 6. Abrell 1972 zu Bonn , war e westdaitsche Politiker a Bundespresident vun 1959 bis 1969. Virdru war hien e. a. Landwirtschaftsminister um Bundes-Niveau. Sain zweet Mandat, vun 1964 un, stoung enner dem Afloss vu sengem schlechte Gesondheetszoustand, hien ass dann och e puer Meint virum offiziellen Oflaf zereckgetrueden.

De Lubke koum aus einfache Verhaltnesser (sai Papp war e Schouster a Bauer). A senger Jugend huet hie sech an enger Klengbaueren-Associatioun engageiert, 1930 gouf e Member vun der Zentrumspartei , fir dei en am Abrell 1932 an dat preisescht Regionalparlament gewielt gouf. Wei d'Nazie bis un d'Muecht koumen, koum hien, no der Opleisung vu senger Partei, fir 20 Meint an de Prisong, well e sollt Suen hannerzun hunn, et konnt him awer naischt nogewise ginn. 1937 gouf hie bei enger Wohnungsbaugesellschaft engageiert, 1939 goung e bei en Ingenieursbureau, wou en dei Joren duerno e. a. och de Bau vun effentleche Gebaier geleet huet, wourenner och z. B. Heeresversuchsanstalt Peenemunde .

Nom Krich gouf de Lubke Member bei der Christlich-Demokratische Union (CDU) a gouf 1947 zum Minister fir Landwirtschaft an Nordrhein-Westfalen ernannt. 1953 huet en op nationalem Plang dei selwecht Funktioun an der Regierung vum Konrad Adenauer iwwerholl.

Um Spaweck [ anneren | Quelltext anneren ]

Commons: Heinrich Lubke ? Biller, Videoen oder Audiodateien