Hayabusa
|
|
Missioun
|
Asteroidesond
|
COSPAR-Bezeechnung
|
2003-019A
|
Drorrakeit
|
M-V
|
Optrag vun der
|
JAXA
|
Zil
|
Asteroid
(25143) Itokawa
|
Startmass
|
510 kg
|
Start an Enn
|
9. Mee
2003
13. Juni
2010
|
Startplaz
|
Uchinoura Space Center
|
|
09. 05. 2003
|
Start
|
|
19. 05. 2004
|
Swing-by laanscht d'Aerd
|
|
12. 09. 2005
|
Ukomm beim Asteroid Itokawa
|
|
12. 11. 2005
|
Ofsetze vum Lander
|
|
25. 04. 2007
|
Reckstart fir zereck op d'Aerd
|
|
09. 06. 2010
|
lescht Bunnkorrektur virum Antrett an d'Atmospar
|
|
13. 06. 2010
|
Oftrenne vun der Retourkapsel
|
|
13. 06. 2010
|
Antrett an Ardatmosphar
|
|
13. 06. 2010
|
mell Landung an der
WPA
|
Hayabusa
(
jap.
: 小惑星探査機「はやぶさ」(MUSES-C) oder "Hayabusa" (Muses-C), ass eng
Raumsond
vun der
japanescher
Raumfaartagentur
JAXA
. D'Sond ass den
9. Mee
2003
op den
Asteroid
(25143) Itokawa
gestart. Den
12. September
2005
hat si hiert Zil erreecht an huet do Buedemprouwe geholl. Nom Reckfluch, dee sech weinst verschiddenen technesche Problemer em drai Joer verreckelt hat, koum dei ofgetrennt Kapsel mat der Prouf den
13. Juni
2010
um 13:56 UTC (23:30 Auer Uertszait) iwwer Australien an d'
Aerdatmosphar
zereck. Et war dei eischt Buedemprouf vun engem Asteroid dei vun engem Raumgefier op d'Aerd matbruecht gouf.
D'Hayabusa war am September
2005
beim Asteroid
(25143) Itokawa
(freier Bezeechnung 1998 SF
36
) ukomm. Am Ufank war de geplangten Datum fir Juni 2005 virgesinn, ma weinst greissere
Sonnestierm
goufen e puer Solarzelle vun der Sond beschiedegt, sou datt d'
Ionendreifwierker
manner Stroum kruten a sou manner Schub liwwere konnten. D'Sond war dei eischt japanesch Raumsond mat Ionendreifwierker. En Aschwenken an eng Emlafbunn em den Asteroid war net geplangt. D'Sond blouf an enger Positioun an der Geigend vum Asteroid. No enger Karteierung aus 20 km Heicht ass d'Sond no an no un den Asteroid erukomm. Ufanks war et nach onsecher, ob dobai dei versichte Buedemprouf vun ongefeier engem Gramm erfollegraich wier. Trotzdeem huet d'Sond de Prouwebehalter op d'Aerd zereckbruecht.
Fir d'Prouf ze huelen hat d'Hayabusa als
Stebsfanker
eng trichterfermeg Effnung. Bei der Buedembereierung vum Trichter gouf e klengt Geschoss op d'Uewerflach ofgefeiert an de Prouwebehalter kuerz opgemaach. En Deel vum opgewierbelte Material gouf op dei Aart a Weis gesammelt. Kuerz virum Opsetzen um Buedem gouf och nach e sougenannte
Target Marker
op der Uewerflach ausgesat, deen d'Raumsond fir d'Navigatioun benotzt huet. De Reckfluch op d'Aerd hat sech weinst verschiddene Problemer mat der Lagereegelung, den
Hydrazindreifwierker
an dem Datentransfert verspeit. Dofir konnt den eischte meigleche Starttermin fir d'Reckrees, Ufank Dezember 2005, net gemaach ginn. Ereischt bei der bunntechnesch nachster Geleeenheet am Abrell
2007
konnt d'Sond mat hirem Ionenundriff d'Reckrees op d'Aerd untrieden an den
13. Juni
2010
, an Australie landen.
Ufanks sollt d'Missioun mat
USA
-Bedeelegung stattfannen, dei e klengen
Nanorover
mam Numm
Muses-CN
hatte baisteiere wollten. De Rover gouf awer aus finanzielle Grenn nees gestrach. Amplaz hat d'Hayabusa eng kleng, nemme 591 g schweier japanesch Landesond mam Numm
Minerva
(Ofkierzung vun
Micro/Nano Experimental Robot Vehicle for Asteroid
) matgefouert, dei mat drai Kamerae a Solarzellen besteckt war. D'Landesond hatt beim eischte Proufversuch op der Uewerflach sollen ofgesat ginn, fir do ? weinst der klenger Schweierkraaft vum Asteroid ? weider ze "hopsen" an dobai Fotoen ze maachen. Weinst engem Timingfeeler gouf d'Sond ereischt mei speit ausgesat.
- Den 9. Mee 2003 war dei japanesch Raumsond Hayabus erfollegraich vum japaneschen
Uchinoura Space Center
zu Kagoshima op enger
M-V
-Drorakeit gestart.
- Enn 2003 war d'Sond a Sonnestierm geroden, woubai d'Solarzellflache beschiedegt goufen a weinst deem doduerch reduzeierte Schub vun de Ionendreifwierker gouf d'Arrivee drai Meint mei speit wei virgesinn, erwaart.
[1]
- Den 19. Mee 2004 hat d'Hayabusa e
Swing-By
-Manover bei der Aerd gemaach. D'Laanschtfluchheicht war 3.700 km.
- Den 31. Juli 2005 goung ee vun den drai
Gyroskopen
(X-Achs) ausser Betrib.
- De 14. August 2005 gouf der Hayabusa hiert eischt Bild vum Asteroid Itokawa publizeiert. D'Foto gouf vun engem Startracker opgeholl a weist ee Liichtpunkt dee sech beweegt an dee fir den Asteroid gehale gouf. Weider Biller goufen tescht dem 22. an dem 24. August opgeholl.
- Den 28. August 2005 goufen d'Ionendreifwierker ofgeschalt, fir d'Lagkorrektur goufen nemme cheemesch Dreifwierker agesat.
- De 4. September 2005 hunn d'Kamerae vun der Hayabusa eischt Biller vum Itokawa opgeholl, op deenen een d'Form vum Asteroid erkenne konnt.
- Den 12. September 2005 erreecht d'Hayabusa eng Positioun, dei ronn 20 km vum Itokawa ewech lait, an op dar d'Raumsond "stoe" blouf. Dei Positioun gouf vun der JAXA als "Gate Position" bezeechent. Dei cheemesch Dreifwierker goufen um 1:17
UTC
fir d'lescht agesat, fir d'Relativvitess vun der Sond un den Asteroid unzeglaichen. Elo war d'Hayabusa an enger Emlafbunn, dei bal d'selwecht wei dei vum Klengplaneit war ? d'Differenzvitess war 0,25 mm/s.
- Den 30. September 2005 hat d'Hayabusa mat Hellef vu senge cheemeschen Dreifwierker op dei sougenannt
Home Position
, dei ongefeier 7 km vum Asteroid ewech louch, gewiesselt.
- Den 2. Oktober 2005 war den zweeten (Y-Achs) vun den drai Gyroskope ausgefall. Vun elo un gouf d'Lagreegelung mam leschte Gyroskop (Z-Achs) souwei mat zwee cheemeschen Dreifwierker gemaach.
- Den 2. November 2005 hat d'JAXA bei enger Pressekonferenz dei eischt heichopgeleist Fotoe vum Itokawa virgestallt. Och dei geplangt Plaze wou d'Prouwe geholl sollte ginn, goufe gewisen.
- De 4. November gouf eng eischt Rendezvousprouf un den Asteroid ofgebrach.
- Den 12. November gouf bei der zweeter Rendezvousprouf d'Landesond
Minerva
op enger Heicht vu ronn 200 m ausgesat. D'Aussetze entstoung, warend d'Mammesond an enger Opwaertsbeweegung war, sou datt d'
Minerva
am Weltall verluere gaange wier. Warend der Rendezvousprouf gouf och en
Target Marker
ausgesat.
- Dei eischt Prouf gouf den 19. November gestart. En
Target Marker
gouf um 19:55 Auer UTC an enger Heicht vu 40 Meter ausgesat an hat 6,5 Minutte mei speit d'Uewerflach vum Asteroid erreecht. Dono ass d'Sond dem
Target Marker
am vollautomatesche Modus mat enger Vitess vun ongefeier 2?3 cm/s, nogeflunn. No den eischte Berichter war d'Erukommen bis op eng Heicht vu ronn zeng Meter nominal, dono goung d'Sond an e
safe mode
an huet ugefaange sech lues ze dreien. D'Hayabusa war schonn 30 Minutten um Asteroid gelant a kee wousst et. Well d'Landung awer net an engem plangmeissege Modus geschitt war, gouf ugeholl datt keng Buedemprouwe geholl gi waren.
- Dei zweet Landung war dann de 26. November 2005. Dei Keier hat de Mechanissem fir Prouwen ze huelen no eischte Berichter tiptop geschafft. Ob Material gesammelt gouf, war awer net secher, ma d'JAXA war trotzdeem vun enger erfollegraicher Missioun ausgaangen.
- Well et keng Verbindung mat der Sond gouf an d'Batterien eidel waren, gouf d'Startfenster vum 14. Dezember 2005 net benotzt.
- Den 23. Januar 2006 krut JAXA dat eischt, nach
onmoduleiert
Signal vun der Hayabusa zanter Ufank Dezember 2005. Am Laf vun den nachste Woche gouf d'Sond enner Kontroll bruecht an eng stabil Kommunikatioun opgebaut.
- De 25. Abrell 2007 hat dunn d'Hayabusa mat senge Ionendreifwierker d'Heemrees ugetrueden. Ob d'Sond deen ongeplangt laange Fluch iwwerstoe geif, war deemools allerdengs net kloer.
- D'Dreifwierker goufen de 24. Oktober 2007 ofgeschalt an d'Sond mat der Dreiachs op d'
Sonn
ausgeriicht. Si ass von deem Ament un ouni Undriff op enger
Hohmannbunn
a Richtung Aerdbunn geflunn. D'Dreifwierker ware bis dohin 31.000 Stonnen a Betrib an haten emmer nach genuch Schub a genuch Dreifstoff. Mam Orbitmanover gouf ereischt am Februar 2009 weidergefuer.
- Am Mee 2008 gouf d'Retourkapsel eng lescht Keier op hir Funktioun gepreift a versigelt. Den 2. Juni 2008 war d'Sond Hayabusa 1,5
A.E.
vun der Sonn ewech a vun der Aerd aus gesinn, hanner der Sonn.
- De 4. Februar 2009 huet JAXA dei erfollegraich Zundung vun den Dreifwierker gemellt. Bis Maerz 2010 sollt d'Sond weider accelereiert ginn, d'Reckrees war fir de Juni 2010 geplangt.
- De 4. November 2009 gouf festgestallt, datt d'Dreifwierk D sech weinst Problemer automatesch ofgeschalt hat. Dreifwierk konnt och net mei fresch aktiveiert ginn. Och d'Dreifwierk C war an der Teschenzait ofgeschalt, awer nach funktiounsfaeg.
- Am Verlaf vum Reckfluch goufe vum 4. Mee 2010 un (Distanz zu der Aerd: 16,6 Mio km) veier Bunnkorrekture gemaach, fir d'Sondbunn op d'Aerd an op d'Landegebitt ofzestemmen.
- Trotz villen Ausfall vu Komponenten (z. B. waren zwee Gyroskopen ausser Funktioun, nemm nach veier vun eelef Lithium-Ionen-Batterie funktiounsfaeg, de cheemeschen Dreifstoff war opgebraucht an den Antennenausriichtungsmechanissem blockeiert) konnt d'Raumsond op d'Aerd zereckbruecht ginn a se hat sech den 13. Juni 2010 um 10:51 UTC vun der Retourkapsel mat der Prouf getrennt. D'Sond war iwwerer Sudaustralien vergloust a konnt dobai vun en ettlechen Observatiounsstatioune verfollegt ginn, warend d'Retourkapsel no Plang um Fallschierm an der australescher
Woomera Prohibited Area
gelant war an eng Stonn mei speit vun engem Helikopter lokaliseiert gouf.
- Startmass: 510 kg, dovun:
- Eidelmass: 380 kg
- Dreifstoff: 60 kg Xenon (fir Ionenundriff) + 70 kg cheemeschen Dreifstoff
- Moossen: 1,0 m × 1,6 m × 1,1 m
- Energie:
Galliumarsenid
-
Solarzelle
mat 2,6 kW Leeschtung op Aerddistanz vun der Sonn
- Mass Reckreeskapsel: 20 kg
- Kommunikatioun:
X-Band
- Instrumenter:
D'Biller vun der Sond, dei den Itokawa am September 2005 erreecht hat, weisen d'_Uewerflach vum Asteroid mat engem
Opleisungsvermeigen
vun enner engem Meter. Opfalleg ass dat bal komplett Feele vun
Aschlagkrateren
, dei d'Ueweerflache vun aneren Asteroide, dei bis elo vu
Raumsonde
besicht goufen, wei z. B. den
(243) Ida
oder den
(433) Eros
, domineieren. Verschidde Gebidder op Itokawa si vun
Regolithe
an
Fielsst
ecker mat ennerschiddleche Greisste bedeckt, op aner Plaze lait blankt Gestengs frai erem. D'Dicht an der Moyenne vum Itokawa konnt duerch den Hayabusa zu 2,3±0,3 g/cm³ bestemmt ginn. Dat ass eppes manner, wei fir kompakt Silikatgestengs erwaart gouf. Dei Observatioune leeen no, datt et sech beim Asteroid em ee nemme vun der
Gravitatiounskraaft
zesummegehalene, poreise "Mullkoup" (engl.
rubble pile
) handelt.
Den Heemreesbehalter, deen enner ganz propere Bedengungen ennersicht gouf, hat eng kleng Zuel vu Partikelen, dei no Aussoe vu JAXA definitiv vum Itokawa staamen.
- Weinst dem Erfolleg vun der Missioun huet d'JAXA am Hierscht 2010 fir eng nei Missioun mam Numm
Hayabusa 2
gestemmt, dei den
3. Dezember
2014
erfollegraich gestart ass an op den Asteroid
(162173) Ryugu
geflunn ass, mam Zil fir drop ze landen an eng Buedemprouf zereck op d'Aerd ze brengen.
[2]
,
[3]
.
Den
3. Oktober
2018
ass de Landemodul MASCOT wei virgesinn um Ryugu gelant.
Portal Astronomie
- ↑
FlugRevue Februar 2010, S.76, Mit halber Kraft zuruck ? Hoffen und Bangen bei Japans Asteroidensonde
- ↑
https://web.archive.org/web/20170718115136/http://www.dlr.de/dlr/desktopdefault.aspx/tabid-10212/332_read-12372/year-all/#/gallery/17355
Matdeelung vun der DLR zum Start
- ↑
http://www.spiegel.de/wissenschaft/weltall/hayabusa-2-gestartet-mascot-auf-dem-weg-zu-asterioden-a-1005599.html