한국   대만   중국   일본 
Harpo Marx ? Wikipedia Op den Inhalt sprangen

Harpo Marx

Vu Wikipedia
Harpo Marx
Gebuertsnumm Adolph Marx
Gebuer 23. November 1888
New York
Gestuerwen 28. September 1964
Los Angeles
Doudesursaach Haerzschlag
Nationaliteit USA
Aktiviteit Dreibuchauteur , Filmschauspiller, Pantomime, Televisiounsschauspiller, Theaterschauspiller, Komiker
Member vun Marx Brothers
Famill
Bestuet mat Susan Fleming
Papp Sam Marx
Mamm Minnie Marx
Geschwester Groucho Marx , Zeppo Marx, Chico Marx, Gummo Marx
Den Harpo Marx spillt Harf .

Den Adolph Arthur Marx , bekannt als Harpo Marx , gebuer den 23. November 1888 zu New York City a gestuerwen den 28. September 1964 zu Los Angeles , war en US-amerikaneschen Entertainer, Pantomime a Schauspiller. Zesumme mat senger Bridder Groucho , Chico , Zeppo a Gummo war hien ee vun de Marx Brothers , dei tescht den 1920er an 1950er Joren am Vaudeville , um Broadway an am Kino grousse Succes haten.

Seng Roll bei de Marx Brothers war dee vun engem stommen, duerchdriwwene Personnage mat enger rouder Pareck, dee sech duerch Tuten a Paifen akkustesch verstandlech gemaach huet, anescht mat Gesten a Mimik. Hien huet an de Filmer dei onmeiglechst Saachen aus senger banneschter Mantelstasch erausgezunn an hat emmer op d'mannst eng langer Zeen, an dar en Harf  gespillt huet.

Filmographie [ anneren | Quelltext anneren ]

Literatur [ anneren | Quelltext anneren ]

  • Harpo Marx, Rowland Barber: Harpo speaks! Geis Associates, New York NY u. a. 1961 (Autobiographie).
  • Wayne Koestenbaum: The Anatomy of Harpo Marx. University of California Press, Berkeley CA u. a. 2012, ISBN 978-0-520-26901-9 .

Um Spaweck [ anneren | Quelltext anneren ]

Commons: Harpo Marx ? Biller, Videoen oder Audiodateien