Den
Hans Daniel Ludwig Friedrich Hassenpflug
gebuer de
26. Februar
1794
zu
Hanau
, an
Hessen
a gestuerwen de
15. Oktober
1862
zu
Marburg
), war en
daitsche
Jurist a Staatsmann. Vun
1839
bis
1840
war hie Chef vun der Zivilverwaltung zu
Letzebuerg
. Als President vum Regierungsrot war hien den Nofollger vum
Friedrich Wilhelm von Goedecke
.
Den Hassenpflug huet zu
Gottingen
Droit
studeiert a gouf duerno Assesseur an der Geriichtskummer vum Regierungskollegium zu
Kassel
), gouf
1821
Rechts-Conseiller an
1832
Regierungsreferent an der
Landgrofschaft Hessen-Kassel
, wou en am Mee vum selwechte Joer Justiz- an Inneminister gouf.
An dar Funktioun huet hie sech drugemaach, dem Kurfurst Willhelm I. vun Hessen sai reaktionare System nees anzefeieren, deen en duerch dei 1831 agefouert Verfassung bedreet gesouch, an dat, obwuel e virdrun, wei e Member vun enger
Burschenschaft
war, haart de Geigendeel gefuerdert huet. Dest huet den Hassenpflug zum
Mephistopheles
vun der Reaktioun
gemaach, d'Leit hunn hien
Hessens Hass und Fluch
genannt.
1837
ass e, well en net mei ze hale war, als Minister entlooss ginn.
1838
gouf en zum Chef vun der Administratioun an Hohenzollern-Sigmaringen ernannt, a schonn e Joer drop gouf e Chef vun der Zivilverwaltung zu Letzebuerg, dat grad d'Oftrennung vun der
Provenz Letzebuerg
hanner sech hat. Och hei huet hie sech sou onmeiglech beholl, datt e just ee Joer am Amt war. Hie konnt et net verquessen, seng Kontakter mam hollannesche Kinnek mussen iwwer en hollannesche Beamten zu
Den Haag
ofzeweckelen an datt den Iwwerschoss vum Budget an Holland goung. Wei beleift en zu Letzebuerg war, leisst sech am beschten doduerch illustreieren, datt op der
Musel
de
Wain
vun deem Joer, dee besonnesch
sauer
war,
Hassenpflug
-Joergang genannt ginn ass.
Tescht
1841
an
1850
war en am Dengscht vu
Preisen
, fir d'eischt Member vum ieweschte Geriicht an dann,
1846
, President vum ieweschten Appellatiounsgeriicht zu
Greifswald
.
1850
stoung hie selwer weinst Hannerzeiung viru Geriicht a gouf och verurteelt. Och wann dest Urteel speider an Appel nees opgehuewe gouf, huet en de preisesche Statsdengscht verlooss.
De Kurfurst vun Hessen huet en, nach eier den Appel duerch war, nees bei sech agestallt, an zwar als Regierungschef. Ma des Keier huet et net laang gedauert, bis den Hassenpflug agesinn huet, datt en net geint samtlech Gesellschaftsschichten, an souguer d'Armei, keint regeieren. Hien huet sai Kurfurst iwwerzeegt, als leschte Versuch, den aus der Revolutioun vun 1848 ervirgaangen Tendenzen entgeintzewierken, aus dem
Nerdleche Bond
mat Preisen auszetrieden a sech den
Eistraicher
unzeschleissen. D'eistraichesch Truppen hunn d'Preisen an Hessen dunn och iwwerrompelt kritt, an den Hassenpflug ass als Finanzminister zu Kassel agesat ginn. Ereischt
1855
, mei onbeleift wei jee, ass en dunn entlooss ginn.
Den Hassenpflug huet sech op Marburg zereckgezunn, wou en
1862
gestuerwen ass. Just viru sengem Doud huet en nach matkritt, datt d'Hessesch Verfassung vun 1839, dei e sech zur Liewensaufgab gemaach hat, ze zersteieren, nees agesat gouf.
Hie war zweemol bestuet, seng eischt Fra war d'Seschter vun de
Bridder Grimm
. Sai Jong;
Karl Hassenpflug
(1824-1890) war e Sculpteur.