|
Desen Artikel beschaftegt sech mat dem Quartier Hamm vun der Stad Letzebuerg. Fir aner Plaze mat dem selwechten Numm, kuckt wgl.
Hamm
.
|
Hamm
ass ee vun de 24 offizielle Quartiere vun der
Stad Letzebuerg
a lait am
Oste
vun der
Haaptstad
.
Vun
1874
bis
1920
war et eng eegestanneg
Gemeng Hamm
.
Hamm ass 407,61
Hektar
grouss a lait op enger Heicht tescht 248,9 an 360,6 m. De Quartier grenzt am Norden un den
Zens
an dann, am Senn vun der Auer, un d'
Gemenge Sandweiler
an
Hesper
an d'Quartiere
Bouneweg-Sud
a
Polvermillen
.
Hamm steet op engem Plateau am Oste vun der Stad Letzebuerg, tescht dem
Hammer Dallchen
am Norden an dem Uelzechtdall. De
Fluchhafe Letzebuerg
um
Findel
mecht am Nordosten d'Grenz. Ee vun de greisste Bescher vun der Gemeng ass den
Hammer Besch
, dee mat sengen 130 ha op der Sandweiler Sait lait. Do ass och den
amerikaneschen Zaldotekierfecht
ze fannen.
Den Numm Hamm gouf fir d'eischt am Joer
1238
an engem Akt vun der Grafin
Ermesinde
ernimmt.
1796
war Hamm ? op der
Ferrariskaart
vu
1778
als ≪ Hamme ≫ agezeechent ? eng kleng Uertschaft mat nonzeg Awunner. Se krut awer mei Bedeitung duerch dei fennef
Millen
op der Uelzecht: d'
Gantebeensmillen
, d'
Follmillen
, d'
Schlaifmillen
, d'
Bouneweger Millen
an d'Polvermillen.
Nodeems d'Bridder
Samson
a
Quetschlik Godchaux
1835 d'Schlaifmillen an duerno och dei aner Mille kaaft an eng
Duchfabrick
gegrennt hunn, gouf et Aarbecht fir eng ganz Retsch Leit an Hamm gouf en Aarbechterduerf. Zaitweis hu bis 800 Leit an der
Draperies de Luxembourg S.A.
geschafft.
Duerch des industriell Entwecklung hunn d'Godchaux Bridder et faerdeg bruecht, datt Hamm vu
Sandweiler
getrennt an den
1. Januar
1874
eng eegestanneg Gemeng gouf. Weinst dem
Eischte Weltkrich
koum d'Fabrick a Schwieregkeeten, wat natierlech och Konsequenze fir d'Gemengefinanzen hat. D'Gemeng Hamm war du seier bereet fir 1920 mat der Stad Letzebuerg ze fusioneieren.
Iwwerdeems 1939 just nach 150 Leit an der Duchfabrick geschafft hunn, war et nom
Zweete Weltkrich
ganz eriwwer mat der Produktioun.
1931 gouf am
Kierchegronn
? baussent dem Duerfkar ? eng Kolonie mat knapp 70 Eefamilljenhaiser gebaut
[1]
an 1960 ass d'
Zivilhospiz
gebaut ginn.
Anescht wei an anere Quartieren, goufen et keng grouss Wunnengsbauprojeten zu Hamm, absenns well d'Uertschaft an der
Afluchschneis
vum
Fluchhafe
lait.
Vum 1. Januar 1874 bis den
1. Juni
1920
war Hamm eng eegestanneg Gemeng.
Mei Informatioun doriwwer am Artikel:
Gemeng Hamm
.
Joer
|
1796
|
1803
|
1890
|
2018
|
2021
|
Awunnerzuel
|
90
|
95
|
668
|
1 456
|
1 519
|
Op den 31.12.2022 hunn zu Hamm 1.566 Leit gewunnt. Den Undeel vun de Letzebuerger louch bei 43,52 % geintiwwer 56,48 % Auslanner
[2]
.
Hammer no Nationaliteit
(31.12.2022)
Rang
|
Nationaliteit
|
Awunner
|
Prozent
|
|
TOTAL
|
1 566
|
100,00
|
1
|
Letzebuerg
|
682
|
43,55
|
2
|
Portugal
|
228
|
14,56
|
3
|
Frankraich
|
185
|
11,81
|
4
|
Italien
|
81
|
5,17
|
5
|
Belsch
|
42
|
2,68
|
6
|
Spuenien
|
37
|
2,36
|
7
|
Daitschland
|
24
|
1,53
|
8
|
China
|
20
|
1,28
|
Indien
|
20
|
1,28
|
10
|
Rumanien
|
18
|
1,15
|
|
Top 10
|
1 337
|
85,38
|
|
Aner Nationaliteiten
|
229
|
14,62
|
Zu Hamm gett et follgend
Verainer
- ↑
Rue Munkakszky
,
Rue Fanny Leclerc
,
Rue Thomas Byrne
,
Rue Eugene Wolff
,
- ↑
Stad Letzebuerg,
La ville en chiffres - Etat de la population au 31.12.2022
.