|
Desen Artikel beschaftegt sech mat dem
Hamburger
fir z'iessen. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl.
Hamburger (Homonymie)
.
|
En
Hamburger
(och alt
Burger
ofgekierzt) ass e
Sandwich
, bei deem eng oder mei platt Bulletten (Frikadellen) aus gehaaktem Fleesch (meeschtens Rendfleesch), dat gebroden oder gegrillt gouf, an en duerchgeschniddent Breitche geluecht goufen. Hamburger ginn dacks mat enger Tranche
Keis
prepareiert (da gi se
Cheeseburger
genannt), dobai kennen och
Laitue
, eng
Tomatentranche
, gebrodene
Speck
,
Ennen
, agemaache
Kornischongen
oder soss
Gemeis
kommen, sou wei
Gewierzer
,
Moschter
,
Mayonnaise
,
Ketchup
, oder soss Zosen.
E ronnt gefellt Breitchen, dat mat aneren Ingredienze gefellt gett, kann dann duerch Prefixe mei genee bestemmt ginn, wei z. B.
Veggie-Burger
(gegrillt Gemeis),
Fishburger
(paneierte Fesch),
Chickenburger
(
Poulet
),
Lamburger
(Hammelfleesch), asw.
Hamburger geheieren zum Standard-Menu vu
Fastfood
-Restauranten, well se seier, mat weineg Ingredienzen, an no standardiseierte Methode kenne prepareiert ginn. Et gett awer och spezialiseiert Restauranten, dei dat op eng mei "artisanal" Aart a Weis maachen, a Waert op heichwaerteg Qualiteit leeen.
D'Etymologie vum Wuert konnt net ermettelt ginn, well et keen direkt novollzeibaren Zesummenhank mat der Stad
Hamburg
gett. Weini a wou de Begreff fir dei Zort vu Sandwich fir d'eischt gebraucht gouf, ass och net kloer. Et ass s just gewosst, datt en uganks vum 20. Joerhonnert an den USA schetzeg popular gouf. Haut ass et d'Symbol fir dei nordameriknesch Iessgewunnechten.
Mat der Verbreedung vun internationale Fastfoodchaine gouf den Hamburger och vun den 1970er Joren un notamment an Europa emmer mei popular, wou en nach emmer a Konkurrenz steet mat klassesche garneierte Sandwicher (wou eischter eng Tranche Ham oder Zoossis als Fleesch drop kennt), gebrodene Wirschtecher am Breitchen, an emmer mei dem
Doner Kebab
.