한국   대만   중국   일본 
Haerz ? Wikipedia Op den Inhalt sprangen

Haerz

Vu Wikipedia
Beschreiwung vum Haerz:
1. Rietse Virhaff (Atrium)
2. Lenkse Virhaff (Atrium)
3. Iewescht Veen
4. Haaptschlagoder (Aorta)
5. Longeschlagoder
6. Longeveen
7. Mitralklapp
8. Aortaklapp
9. Lenks Kummer (Ventricule)
10. Riets Kummer (Ventricule)
11. Ennescht Huelbeen
12. Trikuspidalklapp
13. Pulmonalklapp
Computeranimatioun vum Haerz, dat schleit ouni Blutt ze transporteieren.

D' Haerz ( lat. : cor ) ass en Organ , dat zesumme mat de Bluttgefaasser de Bluttkreeslafsystem vun heijere Liewewiesen bilt. Mat all Haerzschlag pompelt d'Haerz Blutt duerch de Kierper a versuergt esou dei aner Organer an d' Geweebe mat liewesnoutwennegem Sauerstoff an Narstoffer.

Opbau a Funktioun [ anneren | Quelltext anneren ]

D'Haerz ass en huele Muskel . Et gett vun enger Wand an zwou Hallschente gedeelt. All Hallschent huet e Virhaff ( atrium ) an eng Kummer ( ventriculus ). Dei lenks Kummer pompelt sauerstoffraicht Blutt duerch d' Haaptschlagoder (och nach Aorta genannt) an de Kierperkreeslaf. Dei eischt Ofzweigunge vun der Aorta sinn d'Haerzkranzgefaasser (Koronararterien). Si verlafen direkt iwwer den Haerzmuskel a versuergen d'Haerz selwer mat Sauerstoff an Narstoffer.

Nodeems d'Blutt de Sauerstoff am Kierper ofginn huet, fleisst dat elo sauerstoffaarmt Blutt zreck an d'Haerz, mei genee gesot an de rietse Virhaff, a vun do un a dei riets Kummer. Vun do aus gett dat sauerstoffaarmt Blutt iwwer d'Longeschlagoder an de Longekreeslaf gepompelt. An der Long gett d'Blutt de Kuelendioxid of an helt fresche Sauerstoff op. Dat sauerstoffraicht Blutt fleisst duerno iwwer d'Longevenen zereck an d'Haerz - elo awer an dei lenks Hallschent vum Haerz. Vun do aus gett et erem zreck an de Kierper gepompelt.

Tescht dem rietse Virhaff an der rietser Kummer, dem lenkse Virhaff an der lenkse Kummer, an um Ofgank vun de Schlagodere ginn et veier Haerzklappen (Trikuspidalklapp, Mitralklapp, Pulmonalklapp, Aortenklapp). Si stellen secher, datt d'Blutt an dei richteg Richtung fleisst. Wann d'Blutt an dei falsch Richtung geint dei Klappen dreckt, ginn dei Klappen zou. Wann d'Blutt aus der anerer - der richteger - Richtung op d'Klappen dreckt, da gi se op an d'Blutt kann derduerchfleissen.

D'Muskulatur vum Haerz besteet aus speziellen Zellen, den Haerzmuskelzellen, dei sech ryhtmesch zesummenzeien. En elektresche Leitungssystem suergt dofir, datt d'Haerz schleit. Den Impuls fir den Haerzschlag entsteet am sougenannten Sinusknuet, enger Grupp Zellen an der Wand vum rieste Virhaff. Speziell Nervenbunne leeden dei elektresch Signaler bei d'Muskelzellen an de Virhaff an an de Kummere weider a ginn esou den Takt fir den Haerzschlag vir.

D'Haerz beim Mensch [ anneren | Quelltext anneren ]

Beim erwuessene Mensch schleit d'Haerz am rouegen Zoustand ongefeier 60 bis 80 Mol pro Minutt; bei kierperlecher Ustrengung mei seier. Domat fleisst och d'Blutt mei seier duerch de Kierper an et ka pro Minutt mei Sauerstoff ophuelen an dann d'Zellen am Kierper domat versuergen. Am Schnett schleit d'Haerz vum Mensch 100.000 mol den Dag.

D'Haerz ass ongefeier esou grouss wei d'Fauscht vum jeeweilege Mensch a weit ongefeier 300 Gramm, a bis zu 500 Gramm bei Persounen, dei vill Ausdauersport maachen. Et lait geschutzt an der Mett vum Broschtkuerf , liicht lenks hannert dem Broschtbeen . Bei de meeschte Mensche fillt een den Haerzschlag, wann een d'Hand op de Broschtkuerf leet.

Quellen [ anneren | Quelltext anneren ]

Kuckt och [ anneren | Quelltext anneren ]

Um Spaweck [ anneren | Quelltext anneren ]

Commons: Haerzer ? Biller, Videoen oder Audiodateien