|
Desen Artikel beschaftegt sech mat dem Film
Gutland
. Fir d'Geigend, kuckt wgl.
Guttland
.
|
Gutland
ass e letzebuergesch-daitsch-belsche Spillfilm vum
Govinda Van Maele
. E gouf tescht August an Dezember 2016 gedreint an hat seng Premiere den 8. September 2017 um Toronto International Film Festival 2017.
[1]
Zu Letzebuerg gouf e fir d'eischt um
Luxembourg City Film Festival
2018 gewisen, ier en den 2. Mee 2018 an de Kino koum.
De Jens, en Daitschen, kennt mat enger decker Sacoche zu Schandelsmillen, engem Letzebuerger Duerf un, wou en ennerdauche well. E freet do no Aarbecht, gett awer eischter vun de Leit am Duerf ofgewisen. Just dem Lucy, dem Buergermeeschter senger Duechter, kennt hie mei no, a si verbrengen d'Nuecht mateneen. Dei Deeg drop annert sech d'Situatioun fir hien: hie kritt eng Plaz als Kniecht, gett an d'Musek opgeholl, a fillt sech geschwenn am Duerf integreiert. Ma eppes ass do an deem Duerf, wat him net geheier ass....
D'Produktiounsgesellschaft Les Films Fauves krut am Februar 2015 e Subside an Heicht vu 60.000 Euro vum
Letzebuerger Filmfong
accordeiert fir d'
Dreibuch
vum Film ze entweckelen.
[2]
Duerno krut se nach e weidere Subside vun 1.993.480 Euro fir de Film ze produzeieren.
[3]
De Film, fir deen e Budget vun 3 Milliounen Euro virgesi war, gouf bannent 37 Dreideeg am Summer an am Dezember 2016 a verschiddenen Dierfer bei Miersch a bei Iechternach gedreint
[4]
, e. a. zu a ronderem
Hierber
[5]
an
Dickweiler
. Eng Zeen spillt am
Uewersauer-Stausei
, deen net am
Guttland
ass
[4]
.
2018 waren 3.719 Leit de Film zu Letzebuerg an de Kino kucken.
[6]
De Film war 2018
vu Letzebuerg fir d'Oscar-Nominatioune virgeschloe ginn
, gouf awer net nomineiert.
Gutland
gouf mam
Letzebuerger Filmprais
2018 fir de beschte Fiktiouns- oder Spillfilm ausgezeechent. D'Vicky Krieps krut dee fir dei bescht Schauspillerin oder dee beschte Schauspiller fir hir Roll vun der Lucy
[7]
.
- "Une certaine authenticite." In:
d'Letzebuerger Land
, 27. April 2018, Nr. 17, S.7. (Interview mam Govinda Van Maele iwwer de Film).
- ↑
op harltonempire.com
Archiveiert
de(n) 2017-09-23. Gekuckt de(n) 2017-09-09.
- ↑
filmfund.lu:
Comite de Selection decisions fevrier 2015
- ↑
filmfund.lu:
Comite de Selection decisions fevrier 2016
- ↑
4,0
4,1
"Interview: 'There's no clan I belong to'."
delano.lu, 02.05.2018.
- ↑
Stars in Herborn vor der Kamera:
Gutland
ist nicht Luxemburg.
wort.lu, 6. Dezember 2016 um 12:13.
- ↑
"Top 100 Box Office 2018"
op cna.public.lu, 06-05-2019.
- ↑
Marc Thill,
Filmprais 2018: And The Winner Is ... "Gutland"
op wort.lu den 22. September 2018