Gustave Gretsch

Vu Wikipedia
Gustave Gretsch
Gebuer 12. Juli 1867
Iechternach
Gestuerwen 22. Mee 1960
Iechternach
Nationaliteit Letzebuerg
Aktiviteit Politiker , Dokter


De Chrysostome Gustave Gretsch , gebuer den 12. Juli 1867 zu Iechternach an do gestuerwen den 22. Mee 1960 war en Iechternacher Dokter a Gemengepolitiker. [1]

Seng Eltere waren de Jacques Gretsch an d'Claire Keiffer. [1] an hie war de Papp vum Emile Gretsch .

De Gust Gretsch huet e. a. op der Berliner Charite studeiert. [1] Am Laf vum Joer 1893 huet hien d'Exame vum letzebuergeschen Doktorat gemaach: Doktorat an der Medezin (25. Abrell 1893), [2] Doktorat an der Chirurgie (10. Oktober 1893), [3] Doktorat an der Gebuertshellef (31. Oktober 1893). [4] Dese leschten Datum ass an den offizielle Leschten als "date du diplome" ze fannen. [5]

Den Dokter a Buergermeeschter [ anneren | Quelltext anneren ]

1894 huet de Gust Gretsch eng Praxis zu Iechternach an Hovelek an dem freiere Klarisseklouschter opgemaach. [6] An der offizieller Lescht vun den Dokteren, dei den 9. Juni 1894 am Memorial publizeiert ginn ass, [7] kennt sain Numm allerdengs nach net vir, dat ass ereischt de Fall an der Lescht vum 6. Juli 1895. [8]

Am Abrell 1898 ass de G. Gretsch Impfdokter fir d'Gemenge Rouspert , Mompech , Bech a Konsdref ginn. [9]

De 7. Oktober 1907 huet de Gust Gretsch zu Munneref d'Elise Kirpach bestuet. [10] Vum Mee 1938 un hu si op Roam (rue des Remparts) gewunnt, nieft dem Nottar Leibfried. [1]

De Gretsch, dee vum 9. Januar 1915 [11] bis de 7. Januar 1918 Buergermeeschter vun Iechternach war, [10] war d'dreiwend Kraaft vum Neibau vum Iechternacher Spidol, mat deem 1915/16 ugefaange gouf an deen Enn 1918 Ufank 1919 faerdeg war. [12]

Wei an den 1920er Joren d'Exploitatioun vun den Iechternacher Mineralquellen an d'Gespreich komm ass, huet de Gust Gretsch 1923 grad wei den Dr. Ernest Feltgen dei therapeutesch Qualiteite vun deem Waasser ervirgestrach. [13]

Vun 1928 bis 1929 war de G. Gretsch Sekreetar vum College medical . [14]

De Jeeer [ anneren | Quelltext anneren ]

De Gust Gretsch ass gar op d'Juegd gaangen. Wei hien am Februar 1895 op der Prum e grousse waisse Schwan mat schwaarze Bee geschoss huet, stoung dat an der Zeitung [15] an de Mathias Kraus , de Sekreetar vun der Fauna huet am Verainsbulletin geschriwwen: Ende Februar erlegte Hr. Dr. Gretsch von Echternach einen prachtvollen mannlichen Schwan, messend 2.48 m. Flugelweite ? 1.50 m. vom Kopf bis Schwanzspitze. Unausgeweidet wog derselbe 12 K°., und hatte 10.5 K°. Fleischgewicht. Nach Aussage des Ausstopfers war das Fleisch sehr zart und wohlschmeckend. [16] Laut dem Marcel Hulten an dem Victor Wassenich kann et sech bei deem Vull em e Welle Schwan (de: Singschwan, fr.: Cygne sauvage, lat.: Cygnus cygnus ) gehandelt hunn, [17] e raart Deier an eise Geigenden an domat eng waertvoll Juegdtrophee.

D'Evakuatioun vun Iechternach am Joer 1944 [ anneren | Quelltext anneren ]

Wei Iechternach, dat deemools tescht de Fronte louch, freides, de 6. Oktober 1944, evakueiert ginn ass, konnt nemmen een Deel vun de ronn honnert alen a kranke Leit aus dem Spidol aus der Stad eraus bis op Hierber transporteiert ginn. De Gust Gretsch ass bei deenen aneren am Spidol bliwwen. Well den Artilleriebeschoss vun der Stad emmer mei staark ginn ass, huet hie sech de 7. Oktober mat dem Har Minette [18] bis op Hierber duerchgeschloen, fir sengem Jong, dem Bub Gretsch , deen Dokter an der Stad Letzebuerg war, d'Noriicht zoukommen ze loossen, datt hien am Iechternacher Spidol, wou nach bis zu 50 Leit z'evakueiere wieren, geif bleiwen. Duerno ass de Gust Gretsch erem zereck op Iechternach geschlach.

Den 8. Oktober ass et dem Bub Gretsch gegleckt, vun den Amerikaner d'Erlabnes ze kreien, sai Papp an d'Patienten an de Spidol sichen ze goen. Begleet vun zwein Autobussen an enger Ambulanz, bei dei zu Jonglenster nach den Iechternacher Pompjeeswon derbaikoum, ass de Bub Gretsch mat dem Privatauto vu Letzebuerg bis an den Agank vun Iechternach gefuer. Nodeem d'Amerikaner den Dall mat kenschtlechem Niwwel gefellt haten, fir den Daitschen, dei op der Heicht dei Sait der Sauer louchen, d'Siicht ze huelen, ass den Iechternacher Pompjeesauto, mam Ed. Fetz [18] um Steier an dem Rene Keiser [18] nieft him, trotz de Granaten an dem Maschinnegewirfeier fennefmol hin an hier gefuer, fir d'Leit aus dem Spidol bis op Lauterbuer ze brengen. Vun do si si dann an d' Stad [19] gefouert ginn. [20]

Eierungen a Gielercher [ anneren | Quelltext anneren ]

  • Iwwer der saitlecher Aganksdier vum Iechternacher Hospiz ass eng Skulptur, dei de Kapp vum Dr. G. Gretsch duerstellt. Si staamt vum Rousperter Kenschtler Philippe Arnold [21] an dateiert an d'Zait vun der Rekonstruktioun vum Spidol nom Zweete Weltkrich . [22]
  • Eng mei nei Gedenkplack nieft der selwechter Dier erennert ebenfalls un den Dr. G. Gretsch. Si ass den 1. Juli 1998 no der Renoveierung vum dem Spidol, dat sech vum Januar 1999 un nemmen nach Zivilhospiz nennen duerf, ageweit ginn. [23]
  • Officier vum Ordre de la couronne de chene [24]

Literatur [ anneren | Quelltext anneren ]

  • Karen, F., 1989. Kriegsereignisse im Frontsektor der Untersauer: September 1944 - Marz 1945: Erlebnisse - Berichte - Schicksale. Sankt-Paulus-Druckerei, Luxemburg, 640 S.
  • Kauthen, P., 1995. Das Leben der Echternacher Bevolkerung in der Evakuation (1944-45). In: Annuaire de la Ville d'Echternach 1995, S. 81-110.
  • Kugener, H., 2005. Die zivilen und militarischen Arzte und Apotheker im Großherzogtum Luxemburg. Band 1/3 (A-G). Luxemburg, Eigenverlag, S. 1-652.
  • Schwebag, P., 1999. Dr. Gust Gretsch (1867-1960). In: Annuaire de la Ville d'Echternach 1999. Annees 1997-1998, S. 265-273.
  • Schwebag, P. & G. Pommerell (Red.), 2000. Hospice Civil de la Ville d'Echternach. Eechternoacher Spidol. Centre integre pour personnes agees. Luxembourg, Impr. Linden, 32 S.
  • Wohl, G., 1994. Zur Evakuierung der Stadt Echternach am 6. Oktober 1944. Luxemburger Wort 1994, N° 226 (5. Oktober), S. 6.
  • Wohl, G., 1995. Zur Evakuierung der Stadt Echternach am 6. Oktober 1944. In: Annuaire de la Ville d'Echternach 1994, S. 74-80.

Referenzen [ Quelltext anneren ]

  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 Kugener 2005, S. 634.
  2. Luxemburger Wort 1893, Nr. 103 (18. Abrell), S. 3
  3. Memorial 1893, S. 545 Archiveiert de(n) 2011-09-26. Gekuckt de(n) 2011-03-08.
  4. [Memorial 1893, S. 589. [1]
  5. Kuck z. B.: Memorial 1915, S. 7 Archiveiert de(n) 2016-03-05. Gekuckt de(n) 2011-03-08.
  6. Schwebag 1999, S. 266.
  7. Memorial 1894 (Nr. 29, 9. Juni), Liste generale des personnes autorisees a exercer une branche quelconque de l'art de guerir ou une profession qui s'y rattache, S. 412. [2]
  8. Memorial 1895 (Nr. 30, 6. Juli), Liste generale des personnes autorisees a exercer une branche quelconque de l'art de guerir ou une profession qui s'y rattache, S. 358. [3] ; cf. Kugener 2005, S. 634.
  9. Memorial 1898, S. 159 Archiveiert de(n) 2016-03-05. Gekuckt de(n) 2011-03-09.
  10. 10,0 10,1 Liste des maires respectivement bourgmestres de la ville d'Echternach. Archives de la Ville d'Echternach.
  11. Datum vun der Nominatioun laut der Liste des maires respectivement bourgmestres de la ville d'Echternach. Archives de la Ville d'Echternach.
  12. Schwebag 1999; Schwebag & Pommerell 2000, S. 8-9.
  13. Massard, J.A., 1979. Die Echternacher Mineralquellen. Tageblatt 1979, Nr. 93 (21. Apr.), S. 13.
    Wilhelm, F., 1991. Echternacher Mineralquellen: historischer Uberblick. In: Les Amis du Vieil Echternach, mars 1991, S. 2-5.
  14. Le College Medical 1818-1968. Impr. Cooperative Luxembourgeoise, Esch/Alzette, S. 86. Kuckt och: Historique du College Medical . [4]
  15. Kugener 2005.
  16. Kraus, M., 1895. Miscellen: Lederkarpfen. Goldorf. Schwan. Vertilgung der Wespen. Bulletin de la Societe des Naturalistes luxembourgeois 5, S. 32.
  17. Hulten, M. & V. Wassenich, 1962. Die Vogelfauna Luxemburgs. II. Teil. Archives de l'Institut grand-ducal de Luxembourg, Section des sciences naturelles, physiques et mathematiques, NS 26 (1961), S. 398.
  18. 18,0 18,1 18,2 Wohl 1994.
  19. Laut Wohl 1994, 1995 a Schwebag 1999 wiere se an d' Clinique Ste-Elisabeth bruecht ginn; an der Lescht vun den Evakueierten an de Plazen, wou se ennerkomm sinn, dei de P. Kauthen 1995 publizeiert huet, daucht den Numm vun deser Klinick net op, dofir awer dee vun der Eecher Klinick, dem Hopital Saint-Joseph .
  20. Karen 1989, S. 141 an 143; Wohl 1994, 1995. ? Am Artikel vum G. Wohl (1995) geet net mei vun enger direkter Bedeelegung vum Bub Gretsch rieds; do heescht et nemmen nach, de Bub Gretsch wier bei den Amerikaner interveneiert an hatt mat hinnen arrangeiert, datt d'Leit aus dem Spidol mat dem Pompjeesauto aus Iechternach eraus geholl daerfte ginn. Beim Fred Karen 1989, S. 141 an 143, gett d'Rettungsaktioun mat mei Detailer erzielt.
  21. Sou heescht de Kenschtler beim P. Schwebag (1999); beim H. Kugener (2005, S. 635) geet rieds vun engem "Hermann Philippe".
  22. Schwebag 1999.
  23. Schwebag 1999, S. 265, 272.
  24. Doudesannonce vum Gustave Gretsch am Luxemburger Wort vum 23. Mee 1960 op eluxemburgensia.lu gekuckt den 10. Februar 2022