Gustav Holst

Vu Wikipedia
Gustav Holst
Gebuertsnumm Gustavus Theodore von Holst
Gebuer 21. September 1874
Cheltenham
Gestuerwen 25. Mee 1934
London
Doudesursaach Haerzschwacht
Nationaliteit Vereenegt Kinnekraich, Vereenegt Kinnekraich
Educatioun University College London
Aktiviteit Komponist , Librettist, Museksprofesser
Famill
Kanner Imogen Holst

De Gustav Theodore Holst (ausgeschwat: [h??lst]), gebuer den 21. September 1874 zu Cheltenham als Gustavus Theodore von Holst , a gestuerwen de 25. Mee 1934 zu London , war en englesche Komponist .

Hien ass virun allem bekannt fir seng Orchestersuite The Planets (1914-1916).

Den Holst huet um Royal College of Music zu London Kompositioun an Trombonn studeiert, an duerno vun 1898 bis 1903 a verschiddenen Orchesteren als Trombonnist gespillt. Speider huet hien a verschiddenen Institutiounen als Museksprof geschafft a gouf du musikaleschen Direkter op der St Paul's Meederchersschoul zu Hammersmith . [1]

Tescht 1919 an 1923 huet den Holst Kompositioun um Royal College of Music op der Universiteit Reading enseigneiert. Seng Duechter Imogen Holst (1907?1984) war och Komponistin an Dirigentin.

Wierker (Auswiel) [ anneren | Quelltext anneren ]

The Planets ass secherlech dei bekanntst vum Holst senge Kompositiounen. Et sinn dest siwe Stecker, dei jee ee vun de Planeite vun eisem Sonnesystem , respektiv dei reimesch Getter , no deene se genannt goufen, evokeieren. Besonnesch d'Steck iwwer de Krichsgott Mars gett dacks a gar gespillt an och ziteiert, an eng jett Filmmusek-Komponisten hu sech dru mei wei just inspireiert. Och Jupiter gouf popular.

Operen/Bunewierker [ anneren | Quelltext anneren ]

  • The Idea (ca. 1896)
  • Savitri (1916)
  • The Perfect Fool (1918?1922/1923)
  • At the Boar's Head (1924/1925)
  • The Tale of the Wandering Scholar (1929)

Vokalwierker [ anneren | Quelltext anneren ]

  • Choral Hymns from the Rig Veda (1908-1912)
  • The Hymn of Jesus fur Chor und Orchester (1917)
  • Chor-Ballett The Golden Goose (1926)
  • Chor-Ballett The Morning of the Year (1927)

Orchesterwierker [ anneren | Quelltext anneren ]

  • The Mystic Trumpeter op. 18 (1904)
  • A Somerset Rhapsody (1907)
  • Fugal Concerto fir Flutt, Hautbois a Straichorchester op. 40/2 (1923)
  • Chorsymphonie op. 41 fir Sopran,Chouer an Orchester (1923/24)
  • Duebelconcert fir 2 Violinen an Orchester op. 49 (1929)
  • St. Paul's Suite (1913, mam Finale als Neiarrangement vum 4. Saz vun der Second Suite in F for Military Band ):
    • Jig
    • Ostinato
    • Intermezzo
    • Finale (The Dargason)
  • The Planets (1914)
    • Mars, the Bringer of War
    • Venus, the Bringer of Peace
    • Mercury, the Winged Messenger
    • Jupiter, the Bringer of Jollity
    • Saturn, the Bringer of Old Age
    • Uranus, the Magician
    • Neptune, the Mystic
  • Lyric Movement (1933)

Fir Blosorchester/ Military-Band [ anneren | Quelltext anneren ]

  • Three Folk Tunes (March on Three Folk Tunes) , H106A (1905)
  • First Suite in E-flat for Military Band op. 28/1 (1909)
    • Chaconne
    • Intermezzo
    • March
  • Second Suite in F for Military Band op. 28/2 (1911)
    • March: Morris Dance, Swansea Town, Claudy Banks
    • Song Without Words "I'll Love my Love"
    • Song of the Blacksmith
    • Fantasia on the "Dargason"
  • The Praise of King Olaf for Choir and Military Band (1910-11)
  • A Moorside Suite (1928)
    • Scherzo
    • Nocturne
    • March
  • Fugue a la Gigue ( Johann Sebastian Bach (BWV577), arr. Holst) (1928)
  • Hammersmith Prelude and Scherzo, op. 52 (1930)
    • Prelude
    • Scherzo.

Literatur [ anneren | Quelltext anneren ]

  • Imogen Holst: Holst. Faber & Faber, London 1974

Um Spaweck [ anneren | Quelltext anneren ]

Commons: Gustav Holst ? Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen [ Quelltext anneren ]

  1. Echardt van den Hoogen: ABC der klassischen Musik. Die großen Komponisten und ihre Werke. Eichborn, Frankfurt am Main 2002, Lemma Holst, Gustav.