|
Desen Artikel ass ereischt just eng
Skizz
. Wann Dir mei iwwer dest Theema wesst, sidd Dir haerzlech inviteiert, aus dese puer Satz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hellef braucht, da luusst bis an d'
FAQ
eran.
|
De
Gustaaf Deloor
gebuer de
24. Juni
1913
zu
De Klinge
a gestuerwen den
28. Januar
2002
zu
Mechelen
war e
belsche
professionelle Velossportler. Hien ass besonnesch bekannt well hien dei zwou eischt Editioune vun der
Vuelta a Espana
gewonnen hat, dovun dei zweet mat sengem Brudder
Alfons
als zweeten um Podium.
Beim Ausbroch vum
Zweete Weltkrich
war den Deloor als Zaldot am
Fort vun Eben-Emael
stationeiert. Bei der daitscher
Attack op Eben-Emael
gouf hie mat 1.200 belschen Zaldote gefaange geholl a koum an d'Lager
Stalag II-B
a
Pommern
, eent vun de schlemmste fir Krichsgefaangen. En daitschen Offizeier dee sech fir Sport intresseiert huet, huet hien erkannt an him eng Plaz an der Lagerkiche verschaaft, sou datt e keng schweier Aarbechten huet misse maachen. Weinst dem
Hitler
senger Flamepolitik konnte belsch Krichsgefaangen dei de Sproochtest am
Flamesche
bestanen haten scho viru Krichsenn heemgoen. Wei den Deloor an der Belsch ukoum war sain Haus zersteiert, an hien huet probeiert sech mat engem Pneuenhandel iwwer Waasser ze halen. Well dat Geschaft sou gutt wei naischt abruecht huet, huet hie sech 1949 op no
Amerika
gemaach fir do sai Gleck ze versichen.
Do huet hien am Ufank haaptsachlech vu Geleeenheetsaarbechte gelieft dei dacks ne mei wei zwou oder drai Woche gedauert hunn. En huet awer no an no besser englesch geschwat, an nodeems e sech en Occasiunsauto konnt kafen, huet hie sech op de Rot vu belsche Bekannten hin, iwwer d'
Route 66
op de Wee a Kalifornie gemaach fir do bei d'
Marquardt Corporation
schaffen ze goen. Dei Firma hat sech Ufanks der
40er
op de Bau vu Motoren an Undriffssystemer wei
Staustraldreifwierker
spezialiseiert an huet op Demande vun der
North American Aviation
Rakeitendreifwierker fir den
Apollo-Programm
entweckelt. Am Departement wou hie geschafft huet, gouf den
R-4D
-Motor entweckelt. Hien huet sech als gudde Mecanicien entweckelt a war bei villen Teste mat derbai, sou datt hie vill tescht der
Nevadawust
a
Cape Canaveral
hin an hier gependelt ass. Zum Schluss hat hie beim Bau vun iwwer 800 Dreifwierker matgeschafft, wouvun der 16 beim Moundprogramm an den Asaz koumen.
1932
- 1. am Tour des Flandres independant
- 1. am Tour du Nord-Ouest du Brabant
- 2. am Circuit du Sud
1934
1935
1936
1937
1939
- Wou net anescht uginn:
Gustaaf Deloor, de la Vuelta a la Luna
vum Juanfran De la Cruz.