|
Desen Artikel beschaftegt sech mat dem Journalist Auguste ("Gust") van Werveke (1896-1976). Fir den Architekt a Moler Auguste-Leopold van Werveke (1866-1927), kuckt wgl.
Auguste van Werveke
.
|
Den Auguste ("
Gust
")
van Werveke
, gebuer den
2. Oktober
1896
an der
Stad Letzebuerg
an och do gestuerwen den
1. Oktober
1976
, war e
letzebuergesche
Journalist
.
No senger Premiere am
Stater Kolleisch
huet de Gust van Werveke vun 1916-1921 noeneen um
Cours superieurs
Philosophie
a Philologie, zu
Munchen
Droit
a Philologie, zu
Toulouse
an dann zu
Stroossbuerg
Droit studeiert. 1921 huet hien um Institut Philotechnique zu
Breissel
Ekonomie a Kolonialwessenschafte studeiert.
[1]
Scho warend sengem Studium huet hie Pamphleter (dorenner eent,
J'accuse!
an deem en anonym
Daitschland
Schold um
Eischte Weltkrich
ginn huet) an Artikelen a politesch lenksen Zeitunge geschriwwen, wei
Die Erde, Der Gegner, Der Strom, Die Aktion,
oder
Der Arbeiterrat
.
Vun den 1920er Joren un huet hien haaptberufflech als Journalist geschafft, fir e. a. d'
Escher Tageblatt
(hie gouf 1927 Chefredakter) der
Der Landwirth
, a
Junge Welt
, an huet geleeentlech an Zaitschrefte wei
Rappel
,
Meuse-Luxembourg
,
Echo de l'Industrie
oder
A-Z Luxemburger Illustrierte
publizeiert, an och Chroniken um Radio gemaach.
Hien huet och literaresch Aarbechte geschriwwen, dorenner Gedichter a kenschtleresch Manifester, ma och e Roman (
Paul Robert
, 1927-28 a Fragmentform an de
Cahiers luxembourgeois
erauskomm).
Hie war de Jong vum
Auguste van Werveke
.
- Evy Friedrich
: "Ein Vollblutjournalist ging von uns". In:
Revue
16.10.1976, S. 12-14.
- ↑
Source vum Artikel, wou net anescht uginn: Gast Mannes, Jeff Schmitz: "Gust van Werveke"; Fiche am Autorenlexikon.lu
- ↑
Doudes annonce vum Gust van Werveke
.
Luxemburger Wort
. eluxemburgensai.lu (6. Oktober 1976). Gekuckt de(n) 2023-03-07.