De
Guillermo Haro
, gebuer den
13. Maerz
1913
zu
Mexiko-Stad
a gestuerwen de
26. Abrell
1988
war e
mexikaneschen
Astronom
.
Am Duerchernee vun der
mexikanischer Revolutioun
ass de Guillermo opgewuess an huet am Ufank
Philosophie
an der Nationaler Fraier Universiteit Mexiko (UNAM) studeiert. Lues a lues ass sain Interessi a Richtung
Astronomie
gaangen a
1943
gouf hien als Assistent am nei gegrennten
Observatorio Astrofisico de Tonantzintla
beruff. Fir sai Wessen a seng Kenntnesser ze verbesseren ass hien dann an d'
USA
gaangen an huet do
1943
an
1944
um Harvard-Observatoire geschafft. Dozou koume Stippvisitte beim Case Observatoire, op d'
University of Chicago
a beim McDonald Observatoire an Texas.
1945
goung hien nees zereck op den
Observatorio Astrofisico de Tonantzintla
, wou hien d'
Schmidt-Teleskop
betreit huet. Hien huet sech da mat dem Studium vu rouden a bloe Stare beschaftegt.
1947
huet hien op den
Observatorio de Tacubaya
vun der UNAM gewiesselt, wou hien Direkter ginn ass.
1951
huet hien de
Boletin de Los Observatorios de Tonantzintla y Tacubaya
gegrennt. Bis
1983
huet hien da fir dei Zaitschreft geschafft. Donieft grennt hien
1968
den Observatoire zu
Sierra San Pedro Martir
,
Baja California
, deen elo sain Numm dreit.
Warend senger Aarbecht entdeckt hien onofhangeg vum
George Howard Herbig
dei sougenannt
Herbig-Haro-Objeten
. Dobai handelt et sech em Gaswolleken, dei zu jonke Stare geheieren. Doriwwer eraus stellt hien e Katalog vun 8.746 bloe Staren a vu 44 bloe Galaxien op. Ausserdeem entdeckt hien en ettlech T-Tauri-Staren, eng Supernova, 10 Novaen an de
Komeit
C/1954 Y1 (Haro-Chavira).