Griichesch
ass eng
indoeuropaesch Sprooch
, dei zur Grupp vun de
Kentum-Sproochen
an zur
hellenescher Branche
vun deser
Sproochefamill
geheiert. Griichesch gett vun zirka zwielef Millioune Leit als
Mammesprooch
geschwat, vun deenen zirka 9,9 Milliounen a
Griicheland
liewen. Dei aner sinn a 35 Lanner verdeelt. Op
Zypern
ass Griichesch, nieft dem
Tierkeschen
och eng offiziell
Sprooch
. D'Griichesch ass och eng vun de 24 offizielle Sprooche vun der
Europaescher Unioun
.
Dei eelst schreftlech Zeie vun der Sprooch si
mykenesch
Texter an der
Linearschreft B
. Warend der klassescher Zait gett et schonn eng jett Dialekter, zu de wichtegsten zielen d'
Attesch
-
Ionescht
(wat hautdesdaags an de Schoulen als "Algriichesch" geleiert gett), d'
Dorescht
-Nordwestgriichescht, d'
Aeolescht
, an d'
Arkadesch
-
Kyprescht
.
D'politesch, wirtschaftlech a kulturell Positioun vun
Athen
am
5. Joerhonnert v. Chr.
hunn deen do geschwaten atteschen Dialekt zur iwwerregionaler Allgemengsprooch (
Koine
) gi gelooss. Duerch d'Eruewerunge vum
Alexander de Groussen
am
4. Joerhonnert v. Chr.
gouf et zu enger
Weltsprooch
an
Lingua franca
. Och am
Reimesche Raich
blouf Griichesch nieft
Latain
eng Amtssprooch. Den Afloss vu Friemsproochen huet emmer erem zu Bemeiunge gefouert, d'griichesch Sprooch ze botzen a sech op d'klassescht Attesch ze baseieren. Soueng "gebotzte" Versioun gouf e puer Joerhonnerte mei speit zur Amts- a
Literatursprooch
vum
Byzantinesche Raich
.
Warend der Besatzung duerch d'
Osmanescht Raich
war d'Ennerriichte vu Griichesch offiziell verbueden. Allerdengs huet d'Sprooch weidergelieft, am Alldag vun de Griichen, a bei de Paschteier, dei et trotzdeem heemlech geleiert hunn. D'Sprooch huet sech awer warend deser Zait staark verannert. No der moderner Staatsfondatioun gouf d'Katharevousa (καθαρευουσα = Reng Sprooch) offiziell Sprooch, eng Konschtsprooch, dei awer de Wuertschaz vum Attesche konserveiert hat, ma neigriichesch grammatesch Strukturen hat. Ereischt
1976
gouf d'
Vollekssprooch
("Dimotiki", gr. δημοτικη) definitiv zur Sprooch vun der Verwaltung an der Wessenschaft.
Am Laf vun de JoerDausenden huet d'Griichesch Sprooch vill Verannerungen an der Aussprooch matgemaach, d'Orthographie ass awer zum groussen Deel konstant bliwwen. Dest ass enner anerem op dei selleche "Botzaktiounen" zereckzefeieren. Dei an
hellenistescher Zait
agefouert Accente goufen nach bis viru kuerzem benotzt. Mat engem Dekreet vum griichesche President vum 29. Abrell
1982
goufen den
accent grave
, den
accent circonflexe
, de
Spiritus asper
an de
Spiritus lenis
ofgeschaaft. Am Neigriichesche gett et hautdesdaags nemmen nach den
accent aigu
, deen dei betounte Silb markeiert.
D'griichesch Sprooch a Schreft haten e groussen Afloss op
Europa
: d'
latengescht
geneesou wei d'
kyrillescht Alphabet
goufen op der Basis vum
griicheschen Alphabet
entweckelt, an a villen europaesche Sprooche fennt een nach d'Wuerzele vu griichesche Wierder.