De
Gottlob Frick
, gebuer den
28. Juli
1906
zu
Olbronn
, a gestuerwen den
18. August
1994
zu
Muhlacker
, war en
daitsche
Bass-Sanger
.
De Gottlob Frick ass als jengst vun 13 Kanner an engem Fierschterhaus opgewuess. Seng aussergeweinlech Bassstemm ass frei opgefall an hien huet 1927 am Chouer vun der Stuttgarter Staatsoper gesongen. Fir d'eischt als
Solist
stoung de Frick 1934 an der Roll vum
Daland
am
Der fliegende Hollander
op der Bun vum Landestheater vu
Coburg
. No e puer Emweeer zu
Freiburg im Breisgau
an zu
Konigsberg
(Ostpreußen), wou de
Karl Bohm
de Sanger
1939
heiert an hien direkt engageiert fir an d'Staatsoper op
Dresden
. Do sollt de Frick bis 1950 bleiwen, an all wichteg Bassrolle sangen: den
Osmin
, de
Sarastro
, de
Rocco
a seng leifst Roll, de
Philipp den Zweeten
an d'
Wagner
-Bassrollen.
Du goung et hin an hier:
1950
bis
1953
un der
Stadtischen Oper Berlin
,
1957
bis
1967
als Gaascht un der Covent Garden Oper zu
London
. Dann 1960 bis 1964 sengt hien op de
Bayreuther Festspiele
de
Pogner
, den
Hunding
, den
Hagen
and de
Fasolt
.
1970
huet de Mann mat der breder, donkel timbreierter, deiwer Bassstemm sain Addi vun der Bun geholl.