한국   대만   중국   일본 
Geschicht vun der Sproochwessenschaft zu Letzebuerg ? Wikipedia Op den Inhalt sprangen

Geschicht vun der Sproochwessenschaft zu Letzebuerg

Vu Wikipedia

Desen Artikel befaasst sech mat der Geschicht vun der Sproochwessenschaft zu Letzebuerg .

D'Ufang [ anneren | Quelltext anneren ]

D'Ufang dovu ginn an d' 19. Joerhonnert zereck, wei Letzebuerg op eemol als eegene Staat do stoung ( kuckt: Geschicht vu Letzebuerg ), an dei zoustanneg Instanzen hu misse geschaf ginn. Glaichzaiteg waren d'Iddien aus der Romantik popular, datt zu engem "richtege" Staat och eng "eege" Sprooch geheiere geif. Domat gouf fir d'eischt iwwerhaapt dat, wat bis dohin zu Letzebuerg just geschwat, awer ni geschriwwe gouf, namlech d' Letzebuergescht , als Geigestand vun der Fuerschung, ma och als Medium fir d' Literatur , entdeckt ( kuckt den Artikel Literatur zu Letzebuerg ).

Dei eischt Publikatioun, dei sech mam Letzebuergeschen ausenaner gesat huet, war dem Mathias Hardt sai Vocalismus der Sauermundart vun 1843 . Knapps 5 Joer duerno koum deen eischte Versuch vun engem Dictionnaire iwwer d'Letzebuergescht eraus, dem Jean-Francois Gangler sai Lexicon der Luxemburger Umgangssprache , wie sie in und um Luxemburg gesprochen wurde ( 1847 ). An dei selwecht Period falt och dem Peter Klein seng Die Sprache der Luxemburger , e flamboyante Pladoyer fir d'Daitsch (zu deem en d'Letzebuergesch zielt), a geint d'Franseisch.

An der zweeter Hallschent vum 19. Joerhonnert gouf d'Sproochfuerschung verdeift, an och Gebidder wei d'Studeiere vu Gebraicher a vun den Uertschafts- a Flouernimm mat erbaigeholl. Den Edmond de la Fontaine z. B., bekannt fir seng Operetten , huet och Sprechwierder , Kannerreimer, Seechen a Legende gesammelt an des publizeiert, an och iwwer d' Braich zu Letzebuerg e Buch geschriwwen. Och den Nicolas Gredt huet 1883 e Sagenschatz des Luxemburger Landes erausginn, a vum Francois Follmann a Martin Schweisthal koume Fuerschungen iwwer Luxemburger Mundarten eraus.

Parallel dozou koumen dei eischt Fachzaitschreften eraus: an den 1870er Joren d' Publications de la section historique de l'institut Grand-ducal , an den 1880er d' Vaterland , an an den 1890er Ons Hemecht . Das Luxemburger Land , "Organ fur vaterlandische Geschichte, Kunst und Literatur", koum tescht 1882 an 1886 eraus.

Dem Rene Engelmann seng Fuerschungen iwwer de Vokalismus der Viandener Mundart (1910) kennen als eischt wessenschaftlech Etud vum Letzebuergesche ugesi ginn. Eng eischt Grammaire ass dem Alfred Bertrang seng Grammatik der Areler Mundart vun 1921.

Em d'Joerhonnertwenn sinn och Sproochgesellschaften entstanen, wei deen 1894 gegrennte Verein fur Luxemburger Geschichte, Litteratur und Kunst , deen dei ernimmten Hemecht erausginn huet. Dese Verain huet an de Joren duerno e Subsid vum Staat kritt dans l'intret de la conservation et de l'etude de l'idiome luxembourgeois ; d'Resultat war d' Worterbuch der luxemburgischen Mundart vun 1906 . Schonn deemools war eng vun den Haaptmotivatiounen, d'Letzebuerger "Sproochschatz" ze sammelen, well d'"Rengheet" an d'Ursprenglechkeet" duerch Leinwierder aus dem Franseischen an Daitschen a Gefor bruecht gi wier (Virwuert). Desen Topos zitt sech wei e roude Fuedem duerch eng Hellewull vu Publikatioune vum 20. Joerhonnert .

D'Linguistesch Sektioun vum Institut grand-ducal [ anneren | Quelltext anneren ]

De 25. Oktober 1924 gouf d' Luxemburger Sprachgesellschaft gegrennt, dar hir Memberen eng ganz Retsch Publikatiounen zu ethnologeschen an onomasteschen Theeme gemaach hunn. Virun allem hu se um Letzebuerger Dictionnaire matgeschafft, deem seng Viraarbechten Enn vun den 1930er Joren ofgeschloss waren, deen, weinst dem Krich awer ereischt vun 1950 un erauskoum. D'Sproochgesellschaft ass duerch e Beschloss vun der Regierung zur Section de linguistique, de folklore et de toponymie vum Institut grand-ducal embenannt ginn.

Dei meescht vun hinne waren och Member vun der Dictionnaires-Kommissioun, dei, wei se sech 1948 reconstitueiert huet, zesummegesat huet aus dem Joseph Tockert (President), Robert Bruch (Sekretar), Joseph Hess , Ernest Ludovicy , Joseph Meyers , Helene Palgen an Isi Comes .

De Robert Bruch soll besonnesch ervirgehuewe ginn, well en eng ganz Theorie iwwer d'Entstoe vum Letzebuergeschen opgestallt huet (dei um sougenannte "westfrankesche Krees" baseiert), dei en a senger Dokterthees Grundlegung einer Geschichte des Luxemburgischen vereffentlecht huet. Hien huet och e. a. un engem Letzebuerger Sproochatlas geschafft an eng Grammaire vum Letzebuergesche geschriwwen.

Vun der Dialektologie zu der Soziolinguistik [ anneren | Quelltext anneren ]

Bis un d'Enn vun den 1960er Joren huet d'sproochwessenschaftlech Fuerschung zu Letzebuerg bal nemme am Kader vun der Dialektologie geschafft, d. h. d'Letzebuergescht ass a senge Partikulariteiten an Ennerscheeder zu aneren Dialekter am daitschen (oder "germanesche") Sproochraum defineiert a beschriwwe ginn. Enner dem Afloss vun der linguistescher Fuerschung vu soss doruechter ass awer no an no d'Sprooch als Kommunikatiounsm ettel an de Mettelpunkt vum Intressi geroden: Et gouf analyseiert, wie wou wat mat wiem geschwat huet, wat zu Letzebuerg natierlech bedeit, datt d' Meisproochegkeet genee ennersicht gouf, anerersaits och d' sozial Aspekter vun der sproochlecher Kommunikatioun. Als Standardwierk fir de Fuerschungsstand zu dar Zait keint een dem Fernand Hoffmann sai Buch Sprachen in Luxemburg (1979) bezeechnen.

Akadeemesch Fuerschungen [ anneren | Quelltext anneren ]

An den 1980er Joren, zum Deel als Folleg vum Sproochegesetz vun 1984 , konnt ee feststellen, datt auslannesch Universiteiten ugefaangen hunn, sech fir d'Sproochesituatioun zu Letzebuerg z'intresseieren. Sou gett et aus dar Zait verschidde Licence-, Maitrise-/Magister- an Dokteraarbechten dozou. Sproochwessenschaftler wei de Johannes Kramer zu Treier oder Gerald Newton zu Sheffield hunn Aarbechte publizeiert oder, wei den Otmar Werner zu Freiburg im Breisgau , Seminairen iwwer d'Letzebuergesch ugebueden. Ze ernimme sief op deser Plaz och dem Francois Schanen seng Habilitatiounsschreft iwwer d' Syntax vum Dialekt vu Schengen ( Recherches sur la syntaxe du luxembourgeois de Schengen: l'enonce verbal , Sorbonne, Paris, 1980) vu bal 1.200 Saiten.

Traditioun vs. Modern [ anneren | Quelltext anneren ]

An den 1990er Jore koum et fir d'eischt zu Letzebuerg zu enger - fir letzebuergesch Verhaltnesser scho bal vehementer - wessenschaftlecher Ausernanersetzung: De Soziolog Fernand Fehlen , deen de Fuerschungsprojet Baleine (eng groussugeluechten empiresch Analys vum Sproochgebrauch a Sproochkompetenz zu Letzebuerg) geleet huet, huet der "traditioneller" Sproochfuerschung virgeworf, d'sproochlech Realiteit zu Letzebuerg net vollstanneg z'erfaassen an d'Roll vum Franseischen als lingua franca net unzeerkennen. De Joseph Reisdoerfer , de Jean-Paul Hoffmann an de Guy Berg , dei an de Jore virdru Fuerschungsaarbechte publizeiert haten, hu probeiert, des Kritik als net mei zaitgemeiss ze widderleeen. 1997 koum et och zum Eclat em de Letzebuerger Dictionnaire deen no Protester e. a. weinst der onkritescher Opzielung vun antisemittesche Sprechelcher beim Lemma Judd , iwwer 20 Joer, nodeem e publizeiert gouf, aus dem Verkaf geholl gouf. Ee Joer drop gouf de Conseil permanent de la langue luxembourgeoise gegrennt, an e. a. domat chargeiert, en neien Dictionnaire iwwer d'Letzebuergescht auszeschaffen.

D'Sproochfuerschung an den 2000er Joren [ anneren | Quelltext anneren ]

0 0 De Contenu vun desem Kapitel oder desem Artikel ass net vollstanneg oder net mei aktuell. Helleft wgl. mat, en ze kompletteieren oder nees op de leschte Stand ze brengen.

Enn den 1990er huet dei Letzebuerger Sproochwessenschaft, e. a. den Nico Weber , d'Computerlinguistik entdeckt. No engem eischten Ulaf tescht 2000-2002 ( Jerome Lulling , Pierre Mousel ) gett et zanter 2006 e Spellchecker deen enner enger fraier Lizenz steet an dorop ausgeluecht ass, mat de gangegen Open-Source-Programmer ze funktioneieren ( OpenOffice , Mozilla Thunderbird , asw.). Desen Utilitar enner dem Numm www.spellchecker.lu gett reegelmeisseg weiderentweckelt [1] .

Uganks den 2000er sinn och dei eischt online Dictionnaire fir d'Letzebuergescht erauskomm: 6000 Wierder op Letzebuergesch vun der Jacqui Zimmer, Luxdico.com vu Lulling & Schanen (- 2003), Dico.lu an duerno dunn den Letzebuerger Online Dictionnaire .


Fuerschung op der Uni Letzebuerg [ anneren | Quelltext anneren ]

 Mei Informatioun doriwwer am Artikel: Institut de linguistique et de litteratures luxembourgeoises .

Bibliographesches zur Sproochfuerschung [ anneren | Quelltext anneren ]

  • Gerald Newton: Luxemburg/Rheinland. Eine Bibliographie zur Sprach- und Mundartforschung in chronologischer Anordnung (=Bulletin linguistique et ethnologique 25), Letzebuerg 1993.
( Eng (bal) komplett Bibliographie zu allem, wat vu 1799 bis 1990 iwwer dat Theema publizeiert gouf. )
( Kennt zanter 1989 all Joer eraus; dat 1. Kapitel deckt d'Publikatiounen zu der Linguistik of. ) ISSN 1016-328x. [2]
(Vun der Uni Letzebuerg, online zanter 2013.)

Referenzen [ Quelltext anneren ]

  1. Tescht 2000 an 2002 gouf en eischte Spellchecker fir d'Letzebuergescht enner dem Numm Cortina entweckelt. Dee Projet gouf deemools allgemeng begreisst, awer och vereenzelt kritiseiert, well keng dialektal Varianten am Thesaurus virkomm sinn. De Projet Cortina gouf am selwechte Joer 2002 agestallt, wei e virgestallt gouf.
  2. Zanter 2001 och online op cnl.public.lu

Kuckt och [ anneren | Quelltext anneren ]