De Gerhard de Kremer, besser bekannt enner dem
latengiseierten
Numm
Gerhard Mercator
, gebuer de
5.
Maerz
1512
zu
Rupelmonde
an der
Grofschaft Flandern
a gestuerwen den
2.
Dezember
1594
zu
Duisburg
, war e
Geograph
a
Kartograph
aus de
Spueneschen Nidderlanden
. Schonn zu Liefzaite gouf hien als de
Ptolemaus
vu senger Zait ugesinn. Hie war bis an dei arabesch-islamesch Welt bekannt.
Wann hien haut haaptsachlech als Kartograph a
Globefabrikant
bekannt ass, sou war de Mercator am
16. Joerhonnert
och als
Kosmograph
,
Theolog
a
Philosoph
vu grousser Bedeitung an hien huet Moossstief als Schreftkenschtler gesat.
De Gerhard de Kremer gouf als sechst Kand vum Hubert de Cremer a senger Fra Emerance zu Rupelmonde gebuer. Hien ass zu
Gangelt
opgewuess, wou sai Papp
Schouster
war.
[2]
Nom Doud vu sengem Papp am Joer 1526 gouf de Gerhard bei de “Bridder vum kollektive Liewen” zu
's-Hertogenbosch
gezillt.
Vu 1530 un huet de Gerhard op der
Universiteit Leiwen
studeiert a krut 1532 sai Magister artium. Duerno huet hie privat Studien an der Theologie, der Philosophie an der
Mathematik
gemaach, virun allem an hire prakteschen Uwennungsmeiglechkeeten (Kaarten, Globen an Instrumenter). Vu 1534 bis 1537 huet de Mercator beim
Gemma Frisius
geschafft, deen drop spezialiseiert war fir Aerd- an Himmelsgloben ze fabrizeieren.
Am Joer 1536 bestit de Mercator d'Barbara Schellekens, a 1537 koum hiren eischte Fils Arnold op d'Welt.
De Mercator huet am Joer 1537 eng eischt Kaart geschaf: d'
Amplissima Terrae Sanctae descriptio ad utriusque Testamenti intelligentiam
. Am Joer duerno koum du seng eischt Weltkaart no
[3]
. Dat selwecht Joer gouf seng eischt Duechter gebuer; d'Meedche gouf - nom Numm vu senger Mamm - Emerance gedeeft. Seng zweet Duechter, d'Dorothea, koum 1539 op d'Welt.
Am selwechte Joer huet de Mercator eng Kaart vu Flandern erausbruecht a 1541 sain eischte Globus, dee sech iwwer Joerzengte gutt verkaaft huet.
An de Jore 1540 an 1541 goufe seng zwei Jongen, Bartholomaus (1540-1568) a Rumold gebuer. Am Joer 1542 koum dat sechst a lescht Kand, d'Katharina op d'Welt.
Komplementar zu sengem Aerdglobus vu 1541 huet de Mercator 1551 en
Himmelsglobus
erausginn. Vun dunn u goufen dei Globe meeschtens als Koppel verkaaft. Hautdesdaags sollen der nach am Ganzen 22 existeieren.
1551 huet de
Wellem de Raichen
de Mercator gefrot fir Professer fir Kosmographie op der
Universiteit Duisburg
ze ginn, dei nei gegrennt sollt ginn. De Mercator huet d'Offer ugeholl an ass 1552 op Duisburg geplennert.
Vu 1559 bis 1562 war de Mercator Professer fir Mathematik a Kosmographie am “Akademischen Gymnasium” (haut: “
Landfermann-Gymnasium
”).
Mat senger grousser Weltkaart vu 1569
(Nova et aucta orbis terrae descriptio ad usum navigantium)
krut de Mercator Weltruhm. Meiglecherweis ugereegt vum
Erhard Etzlaub
, huet hien eng Projektioun fir d'Seifaart an d'Loftfaart entweckelt dei bis haut fir hir konform Ofbildung bekannt ass; se gett als "
Mercator-Projektioun
" bezeechent.
Kuerz viru sengem Doud huet de Mercator sain Haaptwierk faerdeg gestallt, d'Kosmographie
Atlas, sive Cosmographicae Meditationes de Fabrica Mundi et fabricati figura
, dei posthum am Joer 1595 vu sengem Jong Rumold publizeiert gouf.
De Mercator ass 1594 als respekteierten a raiche Mann gestuerwen. Sai Graf an der Salvatorkierch zu Duisburg ass verschwonn, nemme sai prachtvollen
Epitaph
steet nach do.
- Mataarbecht um Aerdglobus vum Gemma Frisius
- 1541: Aerdglobus mat engem Duerchmiesser vun 41 cm a mat
Loxodromen
- 1551: Himmelsglobus mat engem Duerchmiesser vun 41 cm
- 1537: Amplissima Terrae Sanctae descriptio ad utriusque Testamenti intelligentiam
eng Wandkaart aus 6 Blieder vum Hellege Land
- 1540: Wandkarte aus neng Blieder vu Flandern
- Eng Weltkaart an enger haerzfermeger Projektioun vun der Nord- a Sudhallefkugel.
Aus der “Duisburger Period” sinn nemme veier Wandkaarte bekannt:
- 1554: Europæ descriptio
, Wandkaart vun Europa aus 15 Blieder (159 × 132 cm) (gouf 1572 iwwerschafft)
- 1563/64: eng Kaart vu Loutrengen
- 1564: Angliæ, Scotiæ et Hiberniæ nova descriptio
, Wandkaart vun de britteschen Inselen an aacht Blieder
- 1569: Nova et aucta orbis terræ descriptio ad usum navigantium emendate accomodata
, dei grouss Wandkaart vun der Welt an 21 Blieder, mat enger Gesamtgreisst vun 134 × 212 cm.
Als Unerkennung fir de Gerhard Mercator goufen e. a. no him genannt:
- d'Gerhard-Mercator-Universitat Duisburg
, dei - duerch d'Fusioun mat der
Universitat-Gesamthochschule Essen
- mettlerweil
Universitat Duisburg-Essen
heescht;
- verschidde Stroossen, sou z. B. zu
Neustadt am Rubenberge
(
Gerhard-Mercator-Straße
) an zu
Gaasperech
an der Stad Letzebuerg (
Rue Gerhard Mercator
).
- ↑
De Musee zu Urbania mat den zwei Globe vum Mercator
.
- ↑
d'Websait gangelt.de iwwer de Gerhard Mercator
- ↑
Michael Follmer, Ruth Loffler, Werner Pohling, Die Welt des Gerhard Mercator: Karten, Atlanten und Globen aus Duisburg, Duisburg, Kultur- und Stadthistorisches Museum Duisburg und Mercator-Verlag, 2006, p.83.