Georges Theves

Vu Wikipedia
Georges Theves
Gebuer 30. Dezember 1942
Gestuerwen 11. Februar 2024
Nationaliteit Letzebuerg
Aktiviteit Veidokter
Member vun Section des sciences medicales vum Institut grand-ducal , Section des sciences naturelles, physiques et mathematiques vum Institut grand-ducal

De Georges Theves , gebuer den 30. Dezember 1942 an der Stad Letzebuerg a gestuerwen den 11. Februar 2024 [1] war e letzebuergesche Veterinar an Auteur. [2]

No der Candidature en sciences naturelles um Cours superieur um Lampertsbierg (1962) huet de Georges Theves vun 1963 bis 1967 an der Ecole veterinaire vu Cureghem ( Anderlecht , bei Breissel ) [3] studeiert.

De Veidokter [ anneren | Quelltext anneren ]

Den 19. Maerz 1968 ass de Georges Theves zu Letzebuerg vum Jury vun der collation des grades “docteur en medecine veterinaire” proklameiert ginn. Am Abrell 1968 huet hien eng Praxis fir kleng a grouss Deieren zu Stroossen opgemaach, dei hien am Abrell 1972 op de Briddel verluecht huet.

Den 1. November 1978 ass hien “directeur adjoint” vum Stater Schluechthaus ginn. Wei 1993 d'Kontroll vun de Liewensmettel dei vun Deiere stamen, verstaatlecht gouf, koum hien, dee bis elo Gemengebeamte war, als veterinaire-fonctionnaire de l'Etat bei de Staat, wou hien als Fleeschinspekter fir d'Schluechthaus vun der Stad Letzebuerg zoustanneg gouf. Wei d'Stater Schluechthaus am August 1997 zougemaach gouf, gouf hie vum 11. September 1997 u mat der Inspektioun vu fennef grousse Betriber aus dem agro-alimentaire Secteur chargeiert, an dat bis den 1. Abrell 2003, wei hie pensioneiert gouf.

De Georges Theves gouf 1980 Member vum Verwaltungsrot vun der Societe des sciences medicales ; vun 1991 bis 1999 war hie Vizepresident dovun. Hie war vun 2001 bis 2011 Redakter vum Bulletin de la Societe des sciences medicales . Hie war och Member vun der Section des sciences vum Institut grand-ducal : membre correspondant (1997), membre effectif (1999). [4]

De Spezialist vun der Geschicht vun der Deieremedezin [ anneren | Quelltext anneren ]

De Georges Theves, dee sech selwer nemmen als Amateurhistoriker gesinn huet, war Member vum Seminaire d'histoire des sciences et de la medecine vum Centre universitaire (1994-2002).

Um internationale Plang, war hie vun 1992 bis 2009 Member vun der World Association for the History of Veterinary Medicine a vun 1998 bis 2008 Redakter vum Periodique Historia Medicinae Veterinariae .

Den 18. Abrell 2002 ass de Georges Theves vum George-Sarton-Kommitee vun der Universiteit vu Gent fir seng Kontributiounen iwwer d'Geschicht vun der Veterinarmedizin mat der “Sarton-Medail” ausgezeechent ginn. [5]

D'Famill [ anneren | Quelltext anneren ]

Dem Georges Theves seng Eltere waren den Zanndokter Aloyse Theves (1917-1957) an d'Apdiktesch Alice Donven (1916-1973). Seng Fra war d'Renee Lutgen (1943-2008); si haten sech den 23. September 1966 bestuet a kruten drai Kanner.

Publikatiounen (Auswiel) [ anneren | Quelltext anneren ]

De Georges Theves ass den Auteur vun enger ganzer Rei vu Publikatiounen, dei sech mat der Geschicht vun der Veterinarmedezin, vum Akerbau an den Hausdeieren, awer och vun der Humanmedezin beschaftegen. Si sinn zu Letzebuerg, an Daitschland , an der Belsch , a Frankraich an an Holland publizeiert ginn. Sain Haaptwierk ass sai Buch Le Luxembourg et ses veterinaires, 1790-1990 . [6]

  • Theves, G., 2006. Les veterinaires, notables des villes et des campagnes: quelques etapes de leur ascension sociale de la 2e moitie du XVIIIe au debut du XXe siecle. Bulletin de la Societe des sciences medicales du Grand-Duche de Luxembourg, 2006 (3), S. 407-430.
  • Theves, G., 2005. Mal de brout... droits d'usage... productivite agricole: aspects de l'agriculture luxembourgeoise au XIXe siecle a la lumiere de l'evocation d'une maladie animale. Hemecht, 57(2), S. 165-183.
  • Theves, G., 2003. Les animaux utilises en medecine et en chirurgie, jadis et aujourd'hui. In: A. Neuberg (ed.), Guerisseurs d'hier et d'aujourd'hui. Bastogne, Musee en Piconrue, S. 217-227.
  • Theves, G., 2002. Tiere als Heilmittel, fruher und heute. In: Veterinary Medicine. Historical Approaches (Festschrift in honour of Prof. Dr. Ferruh Dincer, Ankara) Ankara, 2002, S. 107-129. (idem in: Historia Medicinae Veterinariae 2002, 27, S. 1-4, 107-129).
  • Theves, G., 2002. Dieren als Geneesmiddel. Gisteren en Vandaag (Sarton Medail Lezing, Gent, 18.4.02). In: Vlaams diergeneeskundig Tijdschrift, 2002, 71, S. 85-99.
  • Theves, G., 2002. Die Frau in der Medizin. Bulletin de la Societe des sciences medicales du Grand-Duche de Luxembourg, N° 2/2002, S. 193-199.
  • Theves, G., 2000. L'inspection des viandes au cours de la 2e moitie du XIXe siecle, reflet du progres des sciences appliquees. Annales de Medecine veterinaire, 145(2), S. 103-116. PDF
  • Theves, G., 2000. Tiere als Heilmittel: fruher und heute. Archives de l'Institut grand-ducal, Section des sciences nat. phys. math., NS 43, S. 141-159.
  • Theves, G. & J. A. Massard , 1999. Die Ackerbauschule in Echternach 1856-1868. In: Annuaire de la Ville d'Echternach 1999: 63-110. PDF
  • Theves, G., 1997. Die Pockenimpfung: eine historische Skizze. Bulletin de la Societe des sciences medicales du Grand-Duche de Luxembourg, 1997(1): 31-51.
  • Theves, G., 1996. Zur Geschichte der Luxemburger Zugpferde. In: 75 Joer Ardennerzuucht. 25 Joer F.S.L. - Federation des Stud-Books Luxembourgeois, Luxembourg, S. 19-112.
  • Theves, G., 1996. Le charbon: une maladie des animaux et de l'Homme qui se cache dans la terre. In: J.A. Massard (ed): L'Homme et la Terre. Mens en Aarde. Mensch und Erde. Actes du 13e Congres Benelux d'Histoire des Sciences, Echternach (Luxembourg), 1995. Numero special du Courrier de l'Education nationale, Luxembourg, S. 19-40.
  • Theves, G., 1994. Le cheval de trait au Luxembourg. Hemecht, 46 (3), S. 655-685.
  • Theves, G., 1993. La morve au Luxembourg et ailleurs du XVIIIe a la fin du XIXe siecle ou le cheminement ardu des idees sur une maladie animale et humaine. Annales de Medecine veterinaire, 137, S. 469-481.
  • Theves, G., 1992. La medecine veterinaire dans l'histoire du Luxembourg. In: Bicentenaire de la medecine veterinaire au Luxembourg. La medecine veterinaire au Grand-Duche de Luxembourg: passe, present et avenir. Luxembourg, Impr. J. Beffort, S. 123-166.
  • Theves, G., 1991. Le Luxembourg et ses veterinaires, 1790-1990. Luxembourg, Arts et Livres, 310 S.
  • Theves, G., 1991. Une page d'histoire medicale du Grand-Duche de Luxembourg. Vaccinations antivarioliques et Institut Vaccinal a Luxembourg. Bulletin de la Societe des sciences medicales du Grand-Duche de Luxembourg, 1991 (2): 61-70.

Literatur [ anneren | Quelltext anneren ]

  • Theves, G., 1991. Le Luxembourg et ses veterinaires, 1790-1990. Luxembourg, Arts et Livres, 310 S.
  • De Backer, Patrick, 2002: Laudatio Georges Theves. Sartoniana, vol. 15, p. 281-284. PDF

Referenzen [ Quelltext anneren ]

  1. Luxemburger Wort 2024-02-24, S. 57 (Avis mortuaires).
  2. Den Artikel baseiert haaptsachlech op Theves (1991), Le Luxembourg et ses veterinaires , S. 274, (cf. Literatur) an op Donneeen, dei de G. Theves selwer geliwwert huet.
  3. Des Schoul huet hir Onofhangegkeet verluer wei se 1969 als Fakulteit un d' Universiteit vu Leck ugegliddert ginn ass. Am Laf vum Summer 1991 huet si hire freiere Site verlooss an ass op d'Kopp vum Sart-Tilman bei Leck geplennert, wou vun do un d'Course stattfonnt hunn (cf. L'ancienne Ecole veterinaire de Cureghem). [1]
  4. Proces verbal de la reunion du 20 fevrier 1997 . Archives de la Section des sciences naturelles, physiques et mathematiques de l'Institut grand-ducal de Luxembourg , N.S. 42 (1995-1998), Luxembourg 1998, p. 145. ? Rapport de la reunion pleniere ordinaire [du 16 mars 1999] . Archives de la Section des sciences naturelles, physiques et mathematiques de l'Institut grand-ducal de Luxembourg, N.S. 43, Luxembourg 2000, p. 261.
  5. World Association for the History of Veterinary Medicine. [2]
    Kuckt och: Sarton Chair of History of Science: past medallists, 2001-2002. [3]
    Kuckt och: De Backer 2002.
  6. Liste des publications de Georges Theves (Luxembourg). Accessed: 2011-11-25. PDF