|
Dese
Geschichtsartikel
ass ereischt just eng
Skizz
. Wann Dir mei iwwer dest Theema wesst, sidd Dir haerzlech inviteiert, aus dese puer Satz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hellef braucht, da luusst bis an d'
FAQ
eran.
|
George S. Patton
|
---|
|
Gebuer
|
11. November
1885
San Gabriel
|
---|
Gestuerwen
|
21. Dezember
1945
Heidelberg
|
---|
Doudesursaach
|
Verkeiersaccident
|
---|
Nationaliteit
|
USA
|
---|
Educatioun
|
United States Military Academy,
Command and General Staff College
|
---|
Aktiviteit
|
Autobiograph, Offizeier, Schwemmer, Zaldot
|
---|
|
Den
George Smith Patton, jr.
, gebuer den
11. November
1885
zu
San Gabriel (Kalifornien)
, a gestuerwen den
21. Dezember
1945
zu
Heidelberg
war e
Veier Stare-Generol
an der
US-Armei
am
Zweete Weltkrich
.
Hie war eng vun den aussergeweinlechste Persounen aus dem Zweete Weltkrich, bekannt als ?
Old Blood and Guts
” a fir seng eisen Disziplin beim Feiere vu sengen Truppen. Warend der
Rundstedt-Offensiv
huet e sechs Divisioune vu senger dretter amerikanescher Armei aus dem Saargebitt un d'Front
Baaschtnech
-
Dikrech
-
Iechternach
bruecht, fir d'Sudflank vun der daitscher Offensiv unzegraifen an dei zu Baaschtnech agekesselt Amerikaner z'entlaaschten. Domat huet e Letzebuerg souzesoen eng zweet Keier befreit.
Seng Jugend
D'Famill Patton huet en ettlech Militar a Politiker an hire Reie gezielt.
Den George jr. war
Legastheniker
an hat Schwieregkeete fir d'Sprooch an d'Schreft emzesetzen an emgekeiert. Seng militaresch Formatioun huet hien um
Virginia Military Institute
an der
US Military Academy
zu
West Point
kritt.
Zu
Stockholm
huet hien
1912
un den Olympesche Summerspiller deelgeholl a gouf fenneften am
Fennefkampf
.
De Patton am Eischte Weltkrich
1915 gouf e
Leitnant
. E gouf un d'
mexikanesch
Grenz verluecht, wou en erfollegraich geint dei Opstannesch gekampft huet an dobai de ?
Generol
” Julio Cardenas, den Haaptmann vun der Leifgarde vum
Pancho Villa
, mat sengem
Colt
erschoss huet. Enner dem Generol
Pershing
huet de Captain Patton am
Eischte Weltkrich
an Europa gekampft. Hie war et, deen dei eischt 500 amerikanesch Panzerzaldoten ausgebilt huet. Hie gouf duerch Schess vu
Mitraillette
verwonnt a koum als Colonel aus dem Krich.
De Patton am Zweete Weltkrich
0
0
Dest Kapitel ass nach eidel oder onvollstanneg. Helleft wgl. mat, fir et ze kompletteieren.
|
De Patton a Letzebuerg
Dem Patton seng Armei hat Ettelbreck de 25. Dezember 1944 befreit
[1]
. Hie war dacks bei sengen Zaldoten op der Front an et gouf laang ugeholl, hie keint och zu Ettelbreck gewiescht sinn, ouni datt et awer Dokumenter oder Fotoe gouf, dei dat beleee konnten
[1]
. Nodeems eng Rei vum Patton sengen Dokumenter, dei an der amerikanescher Kongress-Bibliotheik stockeiert waren, digitaliseiert an effentlech zouganglech gemaach goufen, ass eng Notiz fonnt ginn
[2]
, dei beleet, datt de Patton effektiv de 25. Januar 1945 zu Ettelbreck war
[3]
.
Den George S. Patton gouf de 24. Dezember 1945 um
Amerikaneschen Zaldotekierfecht zu Hamm
begruewen, nodeems en den 21. Dezember, zwielef Deeg no engem Autosaccident an der Geigend vu
Mannheim
, an engem Militarspidol zu Heidelberg gestuerwe war.
Fir un de Patton z'erennere gett et eng Retsch Stroossen oder Plazen dei nom him genannt goufen, sou z. B. zu
Conter
,
Esch-Uelzecht
, Ettelbreck, um
Houwald
, an der
Stad
, zu
Maerzeg
,
Ollem
,
Stengefort
,
Stroossen
,
Helsem
a
Wolz
.
Patton-Legenden
0
0
Dest Kapitel ass nach eidel oder onvollstanneg. Helleft wgl. mat, fir et ze kompletteieren.
|
Filmer
Literatur
- Nicolay, Pascal & Romain Reinard, 2006. Zum 60. Todestag von General Patton († 21.12.1945). In: Ex libris: bulletin de liaison du
Cercle Pierre Roberti
N° 45: 15-17. Luxembourg.
Kuckt och
Um Spaweck
Referenzen an Notten
- ↑
1,0
1,1
Informatiounspanneau um Patton-Square zu Ettelbreck
- ↑
?January 25, 1945 ? Godman, Stiller and I visited Headquarters of the 4, 5th and 80th Infantry Divisions. Also had a look at Diekirch, Ettelbruck and Wiltz. All had been very thoroughly liberated.“
- ↑
General Patton hat Ettelbruck sehr wohl besucht
.
Luxemburger Wort - Deutsche Ausgabe
(2021-04-05). Gekuckt de(n) 2021-06-20.