D'
Gemeng Dikrech
ass eng vun den
100
letzebuergesche Gemengen
. Se lait am
Kanton Dikrech
. De
Chef-lieu
vun der Gemeng ass d'Uertschaft
Dikrech
vun dar se och hiren Numm huet.
Dei eenzeg Uertschaft vun der Gemeng Dikrech ass d'Stad
Dikrech
.
Zur Gemeng geheieren awer nach follgend Haff a
Lieu-diten
:
D'Stad ass d'Haaptuertschaft vum
Kanton Dikrech
a war dat och - vun 1843 bis 2015 - vu sengem
Distrikt
. Ausserdeem bilt Dikrech, zesumme mat de
Gemenge
Bettenduerf
,
Ettelbreck
,
Ierpeldeng op der Sauer
,
Schieren
a
Colmer-Bierg
den Zentrum vun der
Nordstad
. Dei Regioun gellt, nom
IVL
, nieft der
Stad
an
Esch-Uelzecht
, als dretten Entwecklungspol vum Grand-Duche.
Dikrech lait un der
Sauer
a bilt d'Grenz zum
Eislek
. Um Territoire vun Dikrech hunn e puer kleng Baachen hir Quell. Am Norde sinn dat d'
Laangmuer
,
Mechelbaach
, eng Baach dei vum Fridhaff duerch de
Bamerdall
leeft an zu Dikrech an d'Sauer fleisst. Op der Grenz mat der
Gemeng Tandel
huet d'
Suessebaach
eng vun hire Quellen an der Gemeng Dikrech. Am Sude sinn et d'
Saasselbaach
an d'
Kiselbaach
dei eng vun hire Quellen op Dikrecher Terrain hunn.
Den Numm Dikrech
Diecirke
gouf fir d'eischt am Joer
1182
an engem Dokument ernimmt.
Mei Informatioun doriwwer am Artikel:
Dikrech
.
|
Beschreiwung am Originaltext:
Burele d'or et d'azur au lion couronne d'argent soutenu d'une tour de gueules maconnee de sable mouvant de la pointe.
|
Source:
STATEC
De
Gemengerot
vun Dikrech gett nom
Proporz-Walsystem
gewielt. E setzt sech zanter 2005 aus 13
Conseilleren
zesummen (1999: 11).
D'Gemengerotswale vum 11. Juni 2023 hunn zu enger Koalitioun aus
CSV
an
DP
gefouert, dei de Schafferot dreit.
[1]
Bei de Gemengerotswalen 2011 an 2017 hat d'
LSAP
eng absolutter Majoriteit am Gemengerot.
[2]
D'Majoriteitskoalitioun am Gemengerot ass
fett
geschriwwen
Joer
|
CSV
|
DP
|
greng
|
LSAP
|
1999
|
4
|
2
|
1
|
4
|
2005
|
5
|
1
|
2
|
5
|
2011
|
3
|
2
|
1
|
7
|
2017
|
4
|
1
|
1
|
7
|
2023
|
5
|
2
|
1
|
5
|
Quell:
Inneministere
/ RTL.lu / elections.lu
D'Gemeng Dikrech ass jumeleiert mat:
- Marc Angel
(*1960), Graphiker, Moler an Illustrator
- Guillaume-Mathias Augustin
(1815-1880), Jurist a Politiker
- Joseph Bech
(1887-1975), Politiker
- Albert Borschette
(1920-1976), Politiker, Diplomat a Schreftsteller
- Nicolas-Remi Bruck
(1818-1870), Zaldot a Mathematiker
- Henry Cravatte
(1911-1990), Politiker an Affekot
- Paul Eyschen
(1841-1915), Politiker, Diplomat an Affekot
- Paul Flesch
(1870-1955), Politiker an Architekt
- Gaston Reinig
(*1956), Offizeier a Chef vum Etat-major
- Paul de Gerlache
(1838-1891), belsche Medienentreprener a Gouverneur vun der Provenz Letzebuerg
- Claude Haagen
(1962), Handballspiller a Politiker
- Marie Haps
(1879-1939), belsch-letzebuergesch Philanthropin
- Ali Kaes
(*1955), Gewerkschaftler a Politiker
- Antoine Lefort
(1879-1928), Politiker, Ingenieur an Diplomat
- Henri Losch
(1931-2021), Schoulmeeschter, Auteur a Schauspiller
- Mathias Mongenast
(1843-1926), Politiker an Affekot
- Alphonse Munchen
(1850-1917), Ingenieur a Politiker
- Charles Rischard
(1841-1914), Jurist a Politiker
- Marc Schaefer
(*1961), Politiker
- Ernest Simons
(1835-1873), Jurist a Politiker
- Rene Steichen
(*1942), Politiker, Entreprener an Affekot
- Claude Turmes
(*1960), Politiker
- Francois-Ernest Vannerus
(1830-1908), Politiker, Industriellen an Affekot
- Henri Vannerus
(1833-1921), Jurist a Politiker
- Jules Vannerus
(1874-1970), Archivist an Historiker
- Mathias Wolff
(1779-1857), kathoulesche Priister a Jesuittepater
D'Gemeng Dikrech ass Member vu follgenden
interkommunale Syndikater
:
- ↑
1,0
1,1
"Charel Weiler wird Burgermeister von Diekirch."
wort.llu [w+], 14.06.2023.
- ↑
"Die kunftigen Schoffenrate im Uberblick."
wort.lu, 12 Oktober, 2017 um 11:19.
- ↑
Saviez-vous que Interessantes aus der Geschicht vun Dikrech op csv.lu
- ↑
Bourgmestres del aville de diekirch 1835 - 1945 am Deiwelselter - Informatiounsblad vun der Gemdng Dikrech - Maerz 2016
- ↑
Den Nicolas Wagener op www.deltgen.com
- ↑
De Jean Mathieu Laeis op www.deltgen.com
- ↑
ARRETE ROYAL GRAND-DUCAL, du 29 decembre 1843, n°2926f, portant nomination des Bourgmestres et Echevins des villes, et des Bourgmestres des campagnes du Grand-Duche am
Memorial N°3 vun 1844
- ↑
Biographie vum Pierre Pemmers am
Tageblatt vum 28. Juni 1922
- ↑
Memorial A N° 4 vun 1946 mam Avis: Administrations communales. COMPOSITION DES COLLEGES ECHEVINAUX
Archiveiert
de(n) 2016-03-28. Gekuckt de(n) 2015-04-19.