Gare Dummeldeng

Vu Wikipedia
Gare Dummeldeng
Streck 1
PK 20,830
Quaien 2
Gleiser 5
Uertschaft Dummeldeng
Gemeng Letzebuerg
Kanton Letzebuerg
Koordinaten 49° 38’ 02’’ N
      6° 08’ 12’’ O
Websait CFL.lu

D' Gare vun Dummeldeng ass eng Gare op der CFL-Streck 1 , der sougenannter Nordstreck , tescht der Gare Letzebuerg an der Gare Walfer vun der Letzebuerger Eisebunn .

D'Nordstreck feiert vu Letzebuerg bis op Elwen an da weider an d'Belsch, wou se vu Gouvy un, Kontakt mat der belscher Linn 42 (Rivage-Gouvy) huet. Eng Antenn geet vun Ettelbreck op Dikrech an eng weider Antenn zweigt zu Kautebaach of a feiert bis op Wolz .

D'Gare vun Dummeldeng huet e gratis Park & Rail-Parking a speziell Parkplaze fir Leit mat reduzeierter Mobiliteit .

Geschicht [ anneren | Quelltext anneren ]

Freier war Dummeldeng eng wichteg Gare op der Nordstreck. Wei d' Dummeldenger Schmelz nach a Betrib war ass d' Minett mat der Eisebunn op Dummeldeng komm an dei faerdeg Stolproduite sinn vun hei aus uechter d'Land an an d'Ausland gefouert ginn.

Mam Enn vun der Stolproduktioun op der Dummeldenger Schmelz huet den Trafic zwar ofgeholl, ma weinst hirer Lag um enneschten Enn vun der 13‰ geier Pente bis an d' Stader Gare huet d'Dummeldenger Gare weiderhi vill Zich passeiere gesinn. Dei schweier Kocksrammen dei aus Daitschland iwwer d'Belsch an d' Minettsgeigend koume kruten hei eng weider Lokomotiv ugekrempt iert et dei gei Pente an d' Stad erop goung.

Zich dei an der Gare halen [ anneren | Quelltext anneren ]

Aus Richtung Halt virdrun Zuch Nachst Halt A Richtung
Letzebuerg Pafendall-Kierchbierg   RB
CFL-Linn 10  
  Walfer Dikrech
Letzebuerg Pafendall-Kierchbierg   RE
CFL-Linn 10  
  Walfer Elwen
oder Gouvy

Kuckt och [ anneren | Quelltext anneren ]

Um Spaweck [ anneren | Quelltext anneren ]

Commons: Gare Dummeldeng ? Biller, Videoen oder Audiodateien