Galeazzo Ciano
|
---|
|
Gebuertsnumm
|
Gian Galeazzo Ciano
|
---|
Gebuer
|
18. Maerz
1903
Livorno
|
---|
Gestuerwen
|
11. Januar
1944
Verona
|
---|
Doudesursaach
|
Schosswonn
|
---|
Nationaliteit
|
Kinnekraich Italien
|
---|
Aktiviteit
|
Diplomat,
Politiker
, Jurist, Diarist
|
---|
Famill
|
---|
Bestuet mat
|
Edda Mussolini
|
---|
Papp
|
Costanzo Ciano
|
---|
Kanner
|
Fabrizio Ciano
|
---|
|
Den
Gian Galeazzo Ciano
, Grof vu Cortellazzo a Buccari, gebuer den
18. Maerz
1903
zu
Livorno
a gestuerwen den
11. Januar
1944
, war en italieeneschen Diplomat a Politiker.
No sengem Studium vum Droit ass hien an den diplomateschen Dengscht gaange wou hien enner anerem zu
Rio de Janeiro
, zu
Peking
an zu
Shanghai
aktiv war.
Hien hat sech scho frei der faschistescher Beweegung ugeschloss an 1922 beim
Marsch op Roum
matgemaach. 1930 huet hien d'Edda Mussolini, d'Duechter vum
Duce
Benito Mussolini
, bestuet. 1933 gouf hien de Pressespriecher vum Benito Mussolini. 1935 krut hien en eegene Ministere a gouf Member vum
faschistesche Groussrot
. Warend dem italieeneschen Iwwerfall op
Abessinien
huet hie sech als gudde Propagandist ervirgedunn.
Vun 1936 u war hien Ausseminister an am selwechte Joer huet hien zu
Berlin
d'Achs
Berlin-Roum
op der italieenescher Sait ausgehandelt. Hie war verantwortlech fir dei italieenesch Interventioun am
Spuenesche Biergerkrich
, d'Besetzung vun
Albanien
1939 an den Ugreff op
Griicheland
Enn Oktober 1940.
Och wann hien am Ufank ee bedingungslosen Unhanger vum
Duce
war sou huet hie speitstens nom
Munchener Ofkommes
eng Gefor an der ze noer Bezeiung zu Nazi-Daitschland gesinn. Hien huet d'Neutraliteit vun Italie gefuerdert a warend der militarescher Kris vun 1942, Stechwuert:
Stalingrad
, d'Krichspolitik vum
Duce
effentlech kritiseiert. Doropshi krut hien 1943 seng Ministeschplaz ofgeholl a gouf Ambassadeur am
Vatikan
.
Dunn huet hie sech der Parteioppositioun ugeschloss a sech fir e Separatfridde mat de westlechen Allieierte staark gemaach. De 25. Juli 1943, kuerz no der Landung vun den Allieierten op
Sizilien
, huet hien am
faschistesche Groussrot
fir d'Ofsetze vum Mussolini, sengem Schweierpapp, gestemmt. Dee gouf den Dag drop vum Kinnek
Viktor Emanuel III.
entlooss a glaich drop vu sengen eegene Leit verschleeft.
No der Befreiung vum Mussolini duerch en daitsche Kommando, ass den Ciano, dee sech mat senger Famill no
Bayern
ofgesat hat, un Italien ausgeliwwert ginn. Vun engem Spezialgeriicht weinst Heichverrot
zum Doud verurteelt
, gouf en den 11. Januar 1944 higeriicht.
Seng Fra Edda war mat de Kanner 2 Deeg virdrun an d'
Schwaiz
geflucht, vu wou se awer Enn 1945 nees zereck an Italie gescheckt gouf. Den 20. Dezember 1945 zu 2 Joer Prisong verurteelt, gouf si schonn den 2. Juli 1946 entlooss a konnt hir Memoire schreiwen. 1995, mat 85 Joer, ass si zu
Roum
gestuerwen.