Franz Friedrich Ernst Brunnow

Vu Wikipedia
Franz Friedrich Ernst Brunnow
Gebuer 18. November 1821
Berlin
Gestuerwen 20. August 1891
Heidelberg
Nationaliteit Kinnekraich Preisen
Educatioun Humboldt-Universiteit Berlin
Aktiviteit Astronom , Universiteitsprofesser

De Franz Friedrich Ernst Brunnow , gebuer den 18. November 1821 zu Berlin a gestuerwen den 20. August 1891 zu Heidelberg war en daitschen Astronom .

Seng Eltere waren de Geheime Kanzleirot Johann Brunnow a seng eischt Fra Wilhelmine Weppler.

De Brunnow huet Mathematik , Physik an Astronomie op der Universiteit Berlin studeiert. 1843 huet hie mat der Aarbecht De attractione moleculari promoveiert. Uschleissend huet hie beim Johann Encke am Observatoire Berlin geschafft a gouf kuerz Zait drop am Joer 1847 Direkter vum Observatoire Bilk . 1851 koum hien als eischten Observateur an den Observatoire Berlin zereck.

1854 goung de Brunnow op Ann Arbor am Michigan , wou hien Direkter vum nei gebauten Observatoire gouf. Zu Ann Arbor a speider zu Albany , wo hie vun 1859 bis 1860 stellvertriedenden Direkter vum Dudley-Observatoire war, huet hien eng astronomesch Zaitschreft , d' Astronomical Notices erausginn.

1863 koum de Brunnow zereck an Europa an huet 1866 als kinneklechen Astronom fir Irland a Professer fir Astronomie am Trinity College zu Dublin d'Leedung vum lokalen Observatoire iwwerholl.

1874 huet hie sech an d'Privatliewen zereckgezunn. De Franz Friedrich Ernst Brunnow ass den 20. August 1891 zu Heidelberg gestuerwen. Sai Grafsteen steet op dem Heidelberger Biergkierfecht.

Hien hat 1857 d'Rebecca Lloyd, eng gebueren Tappan, Duechter vum President vun der Universiteit Ann Arbor , Henry Philip Tappan , bestuet. Hiren eenzege Jong war den Orientalist Rudolf Ernst Brunnow .

Wierker [ anneren | Quelltext anneren ]

  • Memoire sur la comete elliptique de De Vico . (Amsterdam 1849 )
  • Lehrbuch der spharischen Astronomie . (Berlin 1851 ), bei Google Bucher
  • Leierbuch Kartenentwurfslehre , zirka 1870

Literatur [ anneren | Quelltext anneren ]

Kuckt och [ anneren | Quelltext anneren ]

Portal Astronomie

Um Spaweck [ anneren | Quelltext anneren ]